Och als Gonzo-Journalist muss en heinsdo investigativ schaffen an esou hun ech mech méi oder manner entschloss, chemesch Wasseranalysen ze maachen. Mir sin dofir zu puer bei eng Kläranlag gefouert gin an an zwou Gruppen opgedeelt gin.
Divide et impera, soot schon den Cäsar.
Wann en d’Wasserqualiteit vun enger Baach bei enger Kläranlag meißt, dann gin et normalerweis zwou Plaatzen, wou en daat mescht. An zwaar eng Keier “virun der Kläranlag” an eng Keier “no der Kläranlag”.
Am Normalfall ass déi eischt Reaktioun déi, ze mengen, d’Wasser wier NO der Kläranlag méi proper wéi virdrun.
Daat stemmt allerdengs net wirklech.
Eigentlech stemmt et iwerhaat net. “No der Kläranlag” heescht nämlech, dat daat Wasser, wou Exrementer an soss Dreck méi oder manner menschlecher Hirkunft dran waaren, geklärt gin ass an d’Baach gelaaf ass.
Et ass also net wirklech “méi” propper wéi daat virun der Kläranlag. D’Wasser vun der Baach ged jo selwer net geklärt.
Ech stoung dun also mat engem immens professionellen Analysekoffer virun der Baach. Op manst huet den Koffer vun baussen extrem professionell ausgesin. Wann een en Metallkoffer dreit, an dem och eng Bom, extrem wertvoll Bijouen oder een Mettel geint Kriips keint sin, dann kritt en Respekt gewissen. D’Leit wieselen d’Strossesait an maachen engem Plaatz.
Et kennt en sech bessi fir wéi en Geheimagent, en Bijoutier oder den Forscher, den en Mettel geint Kriibs entdeckt huet.
Ech allerdengs hun mech gefillt wéi en, den ganz alleng mat engem Analysekoffer virun enger Baach (no der Kläranlag) stoung an chemesch Wasseranalysen sollt maachen.
Ech hun de Koffer dun mol opgemaach, an schon hun ech virun mengem geeschten Aan meng zwee Kollegen Angscht a Schrecken wéi Monsteren aus schlechten 50er Joeren Filmer aus dem Wasser kommen gesin. Déi Zort vun Séimonsteren, déi alleguerten emmer eng menschlech Gestalt haaten an méi oder manner onkreativ Kostümer haaten. An deenen Filmer gouf et fir sou Monstern och just emmer nemmen een Ziel: liicht bekleed, blond Fraen. Eng weiblech Séimonsterpopulatioun schengt iwerhaat net existeiert ze hun.
Dobai wier daat bestemmt en interessante Gerne gin. Familliendramen ennert Monsteren, déi aus groussen Séier erauskommen. Sitcoms, bei denen eng Monsterfraa d’Hausmedschen vun Menschenkanner ass. Et fehlt iwerhaat un mei schlecht gemaachten Monsterfilmen, net nemmen, mee virun allem an Letztebuerg. Dobai bidd den Stauséi dach enormt Potential fir esou Filmer.
De Grond fir de Besuch vun Angscht a Schrecken waar folgendes: Den Analysekoffer huet just vun baussen extrem professionell ausgesin. Wann en en opgemaach huet, huet et eischter ausgesin wéi en mobilt Drogenlabor vun e puer Drogenverreckten, déi op enger Kaffifahrt sin. Oder weinst mir och ob enger Kaffi-mat-3-Leffelen-Speed-Fahrt. Chaotesch, bessi dreckeg awer net esou reffeg, daat en en Nirwenwierkungen huet, déi méi staark sin wéi Wirkung vun der Drog selwer.
Et waar keen professionellen, daischtergroen Schaumstoff ze gesin, och keng grellgreng liichtend Flessegkeeten an deieren Glieser. Just en Chaos vun verschiddenen Tester, déi konterbond am Koffer rondrem getrollt sin.
Ech hun mech also drun gesaat, daat brong bis grengezleg Wasser vun der Baach (no der Kläranlag)
ze analayséiren.
An der Reegel leeft daat esou oof: Et schedd en bessi Wasser an eng Fläsch, et dreppst en obskur chemikalien, ob denen leschteg orange Warnsymboler drop sin doranner, resselt e bessi an verglaischt daat ganzt dann op enger Farwskala. Déi bessi méi onspektakulär Tester bestin einfach an engem Teststraifen, déi en e bessi an d’Wasser hällt. Déi Straif firwt sech dann an pyschadeleschen Musteren an domadder erkennt en dann Saachen wéi beispillsweis den PH-Wärt vum Wasser. Oder den Gehalt vum Phospor, Nitrat, Nitrit oder soss leckeren Saachen, vun denen en virdrun net mol wosst, daat et se geif gin.
Wann engem daat ganzt net gefeierlech genuch ass, kann en emmer nach bessi Salzseier dobai schedden.
Et leeft en besi sou Saachen stänneg Gefohr, sech eng méi oder manner geiferlech chemikalie op de Fanger ze schedden. Waad wahrscheinlech relativ vill wéi geif doen. Irgendwann geschidd et dann an et kritt en bessi Wasser, an daat en graad irgendeng geiferlech, explosiv an ätzend Seier geschott haat, op d’Hand. Dann denkt en virdeischt mol “Et ass jo nemmen Wasser”.
Wann en e puer Minuten drop mierkt, daat d’Hand awer e bessi kribbelt oder brennt, ass et nemmen normal, daat Angscht a Schrecken sech emmer méi biemerkbaar maachen.
Irgendwann waar et esou wait. All d’Analysen waaren gemaach, an et sin furchtbaar schrecklech Resultater eraus komm, déi ech net onbedengt hätt weilten wessen.
Et huet düster ausgesin. Daat heescht, guer net gudd. Elo huet et mech och net méi gewonnert, daat alles, waat mir ennert de Steng fonnt hun, e puer Bluteegelen waaren, déi relativ verhongert ausgesin hun.
Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. Wann en bis eng Keier mat engem Analysekoffer geflücht ass, ass d’Liewen nie méi daat selwescht.