Et gin Situationnen, do geht en aus kulturellem Interet an den Theater. Oder wlel en en Medschen flott fennt an et mengt, wann en mat him an den Theater geht wier daat besser wéi am Kino ze knutschen. Et kann en och an den Theater goen, well en als Gonzojournalist den Optraag dozou kritt huet.
Bei mir waar et… naischt vun alledem. Ech sin an den Theater, méi genee den Kannertheater gaangen, well meng kleng Schwester do eng Roll haat. Organiseiert waar daat ganzt vun de Guiden. Guiden, daat sin déi weiblech Scouten. Bei denen meeschten Verrainer ass die Trennung mettlerweil opgehuewen, mee an verschiddenen Urtschaften get et se nach.
Sou och an der Staat, wou den berühmt-berüchtegten Centre des Arts pluriels steht. An dem Gebai, relativ komesch modern Architektur, huet daat ganzt stattfonnt.
Lo muss en bei Guiden a Scouten awer emmer oppassen. Net nemmen, daat se 100 Joer hun, mee et gin do verschidden Föderatiounen. Déi gudd an déi beis Scouten. Ween gudd an ween beis ass, hängt ganz dovunner of, ween een freet. Ech waar nie Member, dofir kann ech naischt doriwer soen. Ech wees eben just, daat et do déi gudd an déi beis ged. Waat mir irgendwéi och schon Angscht mescht.
Ech sin ouni Problemer an den Centre erankomm, kruut en klengen waissern Ziedel, wou d’Nummer vun menger Plaatz dropstoung
Dun hun ech déi eischt Unzeechen fir Angscht a Schrecken gesin: Stänn, ob denen Bongen fir Gedrenks a Kuch verkaaft gi sin.
Daat huet geheescht, et geif eng Paus gin, an där grimmelegen Kuch an pescheg Softdrinks geifen verkaaft gin. Wiesou en sech déi extra-Méi mescht, hun ech nie ganz verstaanen. Vlaischt ass et em Souen gaangen. Oder, an daat waar méi wahrscheinlech, waar daat en Rituel fir déi… beis Scounten wechzehaalen.
Irgendwann haat ech mech dann durch all déi Leit, déi net ob hiert Steck Kuch wollten verzichten, gekämpft gehaat an konnt mech op meng Plaatz setzen. Ech sozu ziemlech um Enn vun der Reih. Kaum haat ech Plaatz geholl, do hun ech och scho erem missen opstoen, well sech Leit laanscht gedreckt hun. Hier Setzplaatz waar an der Reih iwert mir.
Ech hun no ennnen gekuckt an mech gefroot, ob et Leit geif gin, déi op all Setz no hirer Nummer geifen kucken an sech esou durch all Reih gekneschelt hun. Lues an lues ass et emmer méi secher gin, daat meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken och am Sall wieren.
Den Toni waar net hei, ech haat hien ob manst net gesin. Wahrscheinlech souz hien am Theater vun denen beisen Scouten.
Irgendwann huet d’Steck dunn ungefangen. Et waar Kannertheater, an wéi daat bei Kannertheater numol esou ass, mussen d’Acteuren, selwer nach méi oder manner Kanner, speziell betounen.
Falls irgendeen sech un déi ominös Kannerkasseten à la „De Maulwuerf beim Weiher“ erenneren kann: d’Dictioun waar eng ähnlech schrecklech Meschung aus onnatirlechen Betoungen an laanggezunnen Vokalen.
Angscht a Schrecken hun et sech bis zur Paus gemittlech gemaach an hirem – oder eischter mengem Setz.
Dunn, an der Paus, déi eng hallew Stonn laang gedauert huetwosst ech, daat ech wahrscheinlech bei denen „Beisen“ Scouten geland waar: 100 grimmeleg Kich an e ganze Bar voll mat peschege Softdrinks. D’Kanner hun hier Eltren natirlech net a Rou geloss, bis se daat haaten, waat se wollten. Ech sin oofwieselend an Grimmeln an an Cola-Suddelen getreppelt, während ech probéiert hun, Leit, déi meng Elteren kennen an mech mat irgendwelchen schrecklechen Geschichten iwer gemeinsam Kandheetserliewnisser vollsabbelen geifen, aus de Feiß ze goen. Angscht a Schrecken haaten mech.
Mee et sollt nach méi schlemm gin. En Trupp vun grimmelege an peschege Kanner huet sech gedeelt an mir d’Vue op en Desch fraiginn.
Do hun ech se erbleck. D’Tombola vum Grauen. Kreemschen, deen keen méi wollt, Krichsverbriechen vun der Spillsaachenindustrie, Dekoratioun aus enger aaler Austellung vum Museum of Bad Taste zu El Paso, New Mexico, alles ob engem Desch.
Fir een Moment ass et mir schwaarze virun den Aan gin. Elo wier ech frou gewierscht, wann den Toni och hei gewierscht wier. Elo ass just nach eppes bliwen:
D’Flucht an den zweeten Akt…