Angscht a Schrecken um Enn vum Joer

Et ass un sech all Joer daat selwescht. Et feiert en gudd. An net nemmen während den méi mythologeschen Deeg em Chreschtdaag, mee och nach eng Keier um Enn vum Joer. Oder um Ufank vum néien Joer. Un sech geht alles gemaach, fir genausou virun ze maachen, wéi een opgehaalen huet: mat Saufen an Friessen.


Ech perséinlech haalen jo net all ze vill vun dem ganzen Rummel, den em daat néit Joer gemaach ged, haalen et awer fir eng flott Geleegenheet, ze féiren. Mee daat ass awer och schon alles. Féiren bis moies fréih kann en eigentlech och op all aanerem Daag vum Joer, besonnesch wann Weekend ass. Ech gin dann och immens oft gefroot, waat ech Sylvester wärt maachen. An d’Leit sin emmer entäuscht, wann en dann net op déi Plaatz geht, op déi en onbedengt sollt goen. D’Enn vum Joer bzw. de Ufank vun dem néien schengt méi Spaß ze maachen, wann en méi Leit rondrem sech huet, déi een iwerhaat net kennt an déi engem dann op d’Feiß katzen.

En vun denen beschten Sylvestern, deen ech haat, hun ech mat enger Frendin virun engem Bildschirm verbruecht. Op dem mir eis méi oder manner verreckt Filmer ungekuckt hun. Mee esou Saachen sin vill ze vill onspektakulär fir Leit, déi sech an de Costum vum Papp oder schlemmeres werfen an sech dann mussen mat Schampes besaufen, bis sie friemen leit op d’Schong katzen. Ech verstinn daat. Mee ech kann et absolut net novollzeien. Wann ech mir nemmen virstellen, ech misst an engem Costum do stoen an nemmen Schampes drenken, fir herno friemen Leit op d’Schong ze katzen, kreien ech Angscht a Schrecken.

Waat ech och grujeleg fannen, sin déi sougenannt Jahresrückblicke. Do ginn dann an multimedialer Form déi WICHTEGST Saachen aus dem leschten Joer präsentéiert. Oft mierkt en dobai, daat déi Saachen, déi nach virun 11 Méint immens wichteg geschengt hun, haut schon laang erem vergiess sin. Oder erennert sech nach een un d’Mönchen aus dem Myranmar?
Virun allem ged et net nemmen een esou en Reckbleck, mee eng gefillten Millioun. An déi sin natirlech alleguerten inhaltlesch völleg identesch. Déi eng daueren just eng hallew Stonn, déi aaner sin richteg Gala-Showen vun 6 Stonnen mat Gäscht aus all Mount, Themenberaisch an konzernéierter Randgrupp. Un sech freet en sech, wiesou mer emmer nemmen mussen zereckkucken. Et kéint en jo och mol no vir kucken an sech Froen, wéi en an dem nächsten Joer Angscht a Schrecken kéint verhenneren.

Dann gin ech och nach oft gefroot, waat ech mir dann fir daat néit Joer virgeholl hätt. An un sech ass daat e bessi komesch. Déi Kurrel – ok, ech wees, et ass un sech keng Kurrel, mee eng relativ schéin geformte Gromper – déi Kurrel also, op der mir alleguerten setzen, huet en Tour rondrem d’Sonn gemaach. Punkt. Doweinst soll ech mir lo lauter gudd Virsätz huelen? Kennen mer net nach méi arbiträr Unläss huelen? Wéi wier et mat folgendem: all Keiers wann en eng Menz um Bueden fennt, muss en en gudden Virsaatz huelen. Awer just, wann se mat der Zuel no uwen lait. Angscht a Schrecken mellen sech zereck.

Heinsdo, zweschen all denen peniblen Froen an dem stressegen Geplangs, wou ech dann elo hinginn, fir daat mir d’Leit do op d´Feiß katzen kennen an ech Angscht a Schrecken erliewen kann, muss ech dann tatsächlech drun denken, waat ech daat läscht Joer alles esou erliewt hun. Ech hun bei dem komeschen Konschtprojet flash007 Leit kennengeleiert, déi mengem Kenschtlerklischee (Drogen an Kettenseen-durch-Metallfässerfilmer) entspriechen. Ech waar op Konzerten, déi esou haard waaren, daat esouguer Angscht a Schrecken aus Angscht virum Tinitus geflücht sin. Irgendwann Ufank des Joeres haaten mer en giganteschen Stuerm iwer Europa, duerch den ech och hun missen goen. Ech waar op engem Bloggertreffen an enger ultra-hipper Bar, wou ech op koksend Marketingleit getraff sin, déi sech just vun Schnitterscher ernähren. Angscht a Schrecken haaten mech fest am Greff, an et waar reicht Enn Januar.
D’Kulturjoer huet fir immens vill Angscht a Schrecken gesuergt – ech hun esouguer nach vun bloen Hirschen gedreemt. An der letztebuergescher Konzertslandschaft hun ech Bekanntschaft mat deifen Ofgrenn vun der menschlescher Anatomie gemaach, am Dall vun de siewen Schlesser hun ech eng wichteg Botschaft geleiert: Wann eppes net gefeierlech genuch ass, kann en emmer nach Salzséier drop schedden.
No obskuren Wasseranalysen waar ech esou terroriséiert, daat ech kuerzerhand op de Bodensee gefuer sin, wou et mat Angscht a Schrecken natirlech net besser gin ass. Ech hun kuerz drop de Billy Corgan kennengeleiert an erausfonnt, daat hien den Daiwel ass. Ech sin vun Leit an engem halsbriescherem Tempo duerch d’Brousse gefeiert gin, hun Hippiediskoen an Metalfestivals besicht. Ech waar op der Hochzait vun der Tata vun menger beschter Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass an hun do déi eischten Keier eng doubel Portion Angscht a Schrecken erliewt.

Um Enn vum Summer hun ech déi haard Lektioun geléiert, daat d’Liewen an der Konsumgesellschaft, virun allem beim Bikini- an Bicherkaaf, esou voller Angscht a Schrecken ass, wéi ech mir et nie hätt kéinten dreemen. Op Braderie oder Peripherie – iwerall, wou gefeiert gin ass, waaren meng zwee aal Bekannten nie wait. Durno sin ech laang geflücht – drai Episoden laang op Köln an direkt durno op Kopenhagen. Just fir festzestellen, daat et Angscht a Schrecken net nemmen zu Letztebuerg ged.
An leschter Sekonn sin ech virum diaboleschen Wim Devoyle an sengen Kakamaschinnen geflücht, fir am Kannertheater nach méi Angscht a Schrecken duergebueden ze kreien. Op der ARA-Party haat ech meng Ried vergiess – wahrscheinlech, well ech nach emmer esou erschreckt doriwer waar, wéivill Leit en Kand vun mir wollten.
An dann ass et a bemol Enn Dezember an et mierkt een, daat en graad selwer en Joeresreckbleck geschriwen huet. Angscht a Schrecken gin méi grous, mee aus dem eegenen Studio kann en jo schlecht flüchten.

Ausserdem ass mir nach eppes komesch an obskures geschidd. Ech hun Gerüchter iwer eng CD heiren, en Mixtape mam Numm „Fear and Loathing Tape“. Waat och emmer daat heescht, et kann naischt guddes fir d’Joer 2008 bedeiten…