Ech wees net, ob vill leit et schon matkritt hun, mee den Radio ARA sicht een néien Logo. Daat geschidd natirlech net an aller Öffentlechkeet, waar bei esou Saachen jo relativ normal ass. Dofir wärt ech an desem Beitrag och net all Informatioun kennen prais gin. Ween gären méi wessen well, muss sech gedellegen oder sech mat mir op enger geheimer Plaatz treffen.
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken55.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken an enger Pubsagence
Ween mech kennt, wees, daat ech Pubsagencen normalerweis wéi d’Pescht meiden. Oft behandelen ech Leit aus Pubsagencen och einfach nemmen, wéi wann se d’Pescht hätten. Wesst der iwregens, daat d’Pescht haut eng ziemlech harmlos bakteriell Infektioun ass, déi en relativ gudd mat Antibiotiquen behandelen kann? An trotzdem huet se nach emmer en groussen kulturellen Anfloss op eis an op eis Sprooch. An schon erem eppes beigeleiert, waat der eiweg wärt verhaalen an nie gebrauchen wärt.
Op alle Fall sollt ech dann also op en Treffen mat Leit vun der Pubsagence fir den néien ARA-Logo, oder op manst eppes, waat daat gin soll, ze begutachten. An wéi mescht en daat als richtegen Gonzojournalist mat Ökohellegenschain? Richteg, et trefft en sech am ARA-Haaptquartéier an leisst sech dann vun do aus dohinner chauffeiren!
Daat hun ech dann och gemaach an esou sin ech mat engem klengen waissen VW-Lupo vun enger Persoun, déi mir bei mengem eischten Besuch vum ARA als „Direktor“ vum ARA virgestallt gin ass, Richtung Pubsagence gefuer. Un sech ass daat schon en ziemlech gruselegen Szenario. Virun allem, wann dem Herr Direktor d’Wasser net waarm genuch ass.
Normalerweis ass d’Saach dach esou: Wasser, waat en drenken well, soll relativ kill bis kaal sin. Mol ofgesin vun Téi an ähnlechem, mee daat ass jo keen rengt Waasser méi. Mee meeschtens sin mer awer frou, wann d’Wasser relativ kaal ass, well daat erfreschend ass. Héi waar daat net de Fall.
Daat huet mir Angscht gemaach. Wahrscheinlech souzen meng zwee aal Bekannter irgendwou um Recksetz vun dem waissen VW-Lupo, den duerch d’Pheripherie vun der Staadt Letztebuerg gefuer ass, op der Sich no der ominöser Pubsagence.
Irgendwann sin mer dann virun engem Haus stoen bliwen. Keng Parkplaatzen, dofir hun mir eis méi oder weineger an d’Wiss gestallt. Daat ganzt waar an der Geigend vum Findel, eisem wonnderschéinen nationalen internationalen Flughafen. Leider ass net graad dunn en Jumbo-Jet geland, wéi mir erausgeklommen wieren, mee den Nolauschterer därf sech daat awer gären esou virstellen. Daat mescht déi ganz Geschicht méi dramatesch, fannen ech.
Déi ominiös Pubsagence sollt hei, irgendwou an der Peripherie, ganz no vum Flughafen, an engem ganz normalen, waiss ungestrachenen Haus sin? Ech haat mer eppes aaneres erwaard. Op manst e bessi méi Chrom an en Fändel mat hirem Logo virun der Dir. Nee, just en normalt Scheld um Haus, alles ganz onopfälleg.
E bessi ze vill onopfälleg fir main Geschmaach.
Ech hun jo generell meng Virurdeeler geigeniwer Pubsagencen an denen Leit déi do schaffen. Zum Beispill verdächtegen ech ganz vill vun denen Leit, daat se der Szenedrog Nummer 1, Kokain, ganz an guer net ofgeneigt sin. Gudd, et ged och vlaischt e puer verstoppten Alkoholiker ennert denen Leit, mee wann et em Graphiker an ähnleches geht, lait en mat Kokain dach nie schlecht.
Angscht a Schrecken waaren graad mam Fliiger unkomm.
Mir hun also geschellt. Et huet keen gefroot, ween mir wieren, mee d’Dier ass einfach opgaangen. Daat ass emmer schon ziemlech verdächteg. Also, ech hun et leiwer, wann ech muss soen, ween ech sin. Well dann wess ech, daat d’Dir net jidderengem opgemaach ged an ech net iwert en Drogenverreckten faalen, den zoufälleg erangeloss gin ass an elo sain Rausch hannert der Dir ausschleiwt.
Mir sin erangaangen, an direkt huet sech en Kapp am Traapenhaus gewissen. Waiss Maueren iwerall. Ech hun mech gefroot, op mir net durch Zoufall an engem Cabinet vun engem Zänndokter geland wieren, mee den Kapp, den sech speider als Ungestellten vun der Pubsagence erausgestellt huet, huet den Direktor erkannt an eis eropgebiedden. Mir sin also déi enk, waiss Traapen eropgeklommen, fir an engem ronnen, genausou waissen Raum ze landen.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Ween kéint op esou enger steriler Plaatz kreativ Gedanken hun an schéin Logoen entwerfen? Wiesou waar héi alles esou … waiss? Leit, bei denen alles waiss ass, maan daat oft esou, fir daat en den Koks net esou gudd gesait. Ausserdem waaren e puer eeler Modeller vun Apple-Computern ze gesin.
Op alle Fall sin mir guer net an den waisse Raum geloss gin. Dofir hun se eis aaner Traapen erem erof gescheckt, bis mir an engem Raum mat engem ronnen Desch souzen. Schwaarz Still, Konschtlierder, an d’Maueren erem an engem grellen Waiss. Ausserdem louch allerlee gemeschels rondrem.
Haaten se eis an en Ofstellraum gesaat an geifen eis lo einfach ansperren? Geifen mer lo Zeihen vun enger Kokain-Party gin? Firwaat stoung och hei en aalen Apple-Computer, den offensichtlech seng beschten Zait hannert sech haat?
Waat fir komesch Logoen geifen se eis präsentéiren?
Angscht a Schrecken sin emmer an emmer méi grous gin.
Irgendwann ass de Kapp erem opgetaucht an huet eis gefroot, op mir eppes drenken weilten. Kaffi oder esou eppes. Ech hun geäntwert, ech weilt e bessi Kaffi. Ech hun gehofft, daat keen op d’Idee geif kommen, LSD oder ähnlech Drogen an de Kaffi ze schedden, fir meng Urdeelskraaft ze veränneren. Mee normalerweis sin déi Leit an der Branche duerch en gewessend waisst Polver esou iwerzeegt vun sech selwer, daat se mengen, sie keinten jiddereen iwerzeegen.
Den Direktor vum ARA huet Wasser bestallt. Mee net ze kaalt.
De Kapp huet komesch gekuckt, an ech wosst fir en Moment net, virun waat ech méi Angscht sollt hun.
Direkt dorobber kruuten mir en Kaffi an eng Fläsch Wasser aus der Garage, net aus dem Frigo servéiert.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Waat waar daat fir en komeschen Betrieb, den wirklech alles haat, waat en sech wenschen konnt, op manst vun Gedrenks. Ech hätt mer vlaischt sollen en Cuba Libre bestellen, oder eng ganz bestemmten Marque Spruddelwasser. Fir richteg exzentresch ze sin.
Irgendwann sin dun zwee Härren an de Raum komm an hun eis hiren Entworf vun dem néien Logo virgestallt. Angscht a Schrecken sin vun Minut zu Minut méi grous gin. Ech kann leider naischt konkretes zum Logo soen, mee esouvill sief veroden: Et kann en all Slogan, och den vum „d’Frequenz vun all de Faarwen“, messinterpreteiren.
Daat enzegt, waat durno nach bliwen ass, waart d’Flucht. D’Flucht ewech vun ville ze villen Faarwen um Pabéier, ewech vun waissen Maueren an wahrscheinlech koksenden Käpp. An esou eng Flucht kann en nemmen an engem schneiwaissen VW-Lupo maachen…