Et ged Deeg, do ass et Sonndes an domadd huet et sech. Et bleiwt en laang am Bett léien, mescht e bessen Arbescht, déi en d’Woch iwer net ronn kritt huet, leisst sech et an der Bidden gudd goen, – je, et mescht en net extrem vill an et ass en zefridden domadder.
An dann gin et Sonndeger, ob denen Famillienfester sin. Daat heescht, et kann en net esou laang léien bleiwen wéi en well, mee et muss en méi oder manner fréi opstoen, sech grendlech wäschen an dann op en Fest goen, wou en lauter Leit gesait, déi en – wahrscheinlech aus gudden Grenn – net all ze oft gesait an déi een Famill nennt. Ausserdem passéiren déi üblech Saachen: Iessen, Drenken, Iessen, Drenken, etc, etc, ad infinitum. Oder ob manst bis d’Kanner midd gin.
Et ass bei Famillienfester och esou, daat se méi schlemm gin, je méi aal d’Leit gin, déi féiren. Oder un sech theoretesch Grond hätten, ze féiren. Et kann en also folgend Gradatioun feststellen:
Kandaaf, Kommunioun, Hochzait. Dann gin et nach Begriewnisser, mee déi sin meeschtens net esou leschteg, dofir oft awer emsou méi fiicht. Mee daat sin eigentlech Saachen, mat denen ech net onbedengt well de Geck maachen, well et Léit kéint verletzten. E bessen esou wéi déi Geschicht vum ARA-Logo.
Op alle Fall haat ech dest Joer och erem déi zweifelhaft Freed, un esou Famillienfester vun der Stuf 2, also Kommuniounen, deelzehuelen. Waat en vlaischt an Letztebuerg net soen muss, mee ech awer fir den Protokoll preziséiren well: Meng Famill ass réimesch-katholesch. Also, ob manst geht se an déi Kierch an bied offensichtlech och zu dem Gott, sengem Jong, engem Geescht an enger Arméi vun kitschbehangenen Hellegen. Bah, nach emmer besser wéi Scientology.
Daat schéinst un esou Féieren ass jo, daat en selwer net muss an Kierch goen an sech den Bimborium an Tralala net muss undoen. Daat maachen aaner Leit fir een an doweinst därf en dann fir naischt iessen an drenken, bzw. je noch Goût och mol friessen an saufen.
Daat ganzt wier also ziemlech angenehm, wier do net daat schlecht Gewessen, daat en domadder un sech en Relioun, also an mengen atheisteschen Aan eppes ziemlech blödsinneges, ennerstetzt. An dobai kennt dann nach eppes bessen méi stéirendes: De Rescht vun de Léit, déi do sin an souzesoen mat engem féieren.
Angscht a Schrecken kommen bei mir schon emmer ob, wann ech gesin, daat et eng Setzuerdnung ged. Et gin genau zwou Meiglechkeeten, wéi en placéiert kann gin: Endweder et setzt en nirwt oder an der Geigend vun ob manst enger Persoun, déi een den ganzen Daag lang nerven wärt an och wann en se einfach ignoréiert, wärt se net domadder ophaalen, irgendeppes ze erziehlen, waat en ganz secher net wessen well. Et kann en sech och net dogeint wieren, well déi Persoun wahrscheinlech esou haard schwätzen wärt, daat et onmeiglech ass, NET ze lauschteren, waat se seet.
Déi aaner Meiglechkeet, wéi en kann op esou engem Iessen placéiert gin, ass folgend: Et ass en vergiess gin an huet iwerhaat keng Plaatz. Daat ass mat nach vill méi Angscht a Schrecken verbonnen, well en dann noutdierfteg un den Enn vun engem Desch gesaat ged, wou iwerhaat keng Plaatz ass, en keng Couveren huet an garantéiert op dem Enn vum Desch setzt, wou der Setzuerdnung all déi nerveg schwaarz Schoof vun der Famill setzen – oder, an daat ass nach vill méi schlemm, d’Kanner.
Mee och wann en ausnahmsweis eng Kéier Chance haat an nirwt lauter Leit setzt, déi en kennt, mat denen een sech iwer hallewegs normal Themen ennerhaalen kann an déi een net schon no 2 Minuten ufänken mat nerven, sin meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken nie wait.
Et gin nämlech eng Réih vun Sprech, déi emmer erem optauchen:
„Ohh, mescht hien elo schon d’Kommunioun! Ech kann mech nach erenneren wéi en esouuu kleng waar! D’mengt en daat wier geschter gewierscht!“
An dem Zesummenhang natirlech emmer: „Oh, d’Zait vergeht awer emmer méi séier!“
Esou eppes mescht mir ANGSCHT. Ech fannen elo, mat mengen dach nach relativ jonken Joeren schons, daat d’Zait ziemlech séier vergeht an ech net fir all déi wichteg an schéin Saachen Zait fannen, fir déi ech mir gären Zait geif huelen. Amplaatz ze schlofen setzen ech zB. moies fréih, wann et nach daischter ass, am Studio an huelen Angscht a Schrecken op, well ech virdrun wirklech „keng zait“ fonnt hun. Mee wéi séier muss d’Zait dann ereischt goen, wann en esou iwert seng Enkelkanner schwätzt, déi elo d’Kommunioun maachen?
Och déi feinsten am emgänglechsten Leit wessen oft net, waat se mat engem schwätzen sollen, virun allem am Ufank vum Iessen, wann nach net genuch Alkohol gefloss ass, fir d’Zong an de Kapp esou labber ze hun, fir iwer all meigleches ze schwätzen an Witzer ze rappen, ged en dann als méi oder manner jonk Persoun oft gefroot:
„Wou bass du dann elo drun?“
„Ma ech setzen op enger Kommunioun mat Leit, déi sech net verhaalen kennen, wéi aal ech sin an waat ech schaffen an déi daat och net wirklech immens ze interesséiren schengt, mee et trotzdem all Kéiers wann mir eis gesin, froen.“, geif ech dann am leifsten äntwerten.
Mee daat kann en natirlech net. Ob manst net, wann en net well, daat d’Leit alleguerten op een kucken an en bis un sain Liewensenn un dem Enn vum Desch setzen well, op dem déi schwaarz Schoof setzen, denen een absolut net nolauschtren kann an well.
Mech perséinlech maachen ofschätzend Gespreicher iwer homosexuell Leit rosen, virun allem wann den Terme „lenks“ dofir gebraucht ged an blöd gelaacht ged. Ech hun daat einfach net gären, virun allem net vun erwuesenen Leit, déi et eigentlech besser wessen missten.
Ech hun mir virgestallt, waat geif passéiren, wann en sech an esou en Gespreich geif anklinken an sech geif outen.
Angscht a Schrecken.
Daat sinn déi Saachen, déi en wahrscheinlech am beschten net op katholeschen Famillienfester probéiert. Et leeft een héi och Gefohr, fir emmer bei denen Leit setzen ze mussen, denen hier Gespraicher en NET well héiren.
Et gin der Leit iweregens an all Famill. Ob se elo en groussen Fan vun Traktren sin oder eng Leidenschaft fir en komeschen Hobby wéi Gaardenzwergenzuucht hun, sie hun eppes un sech, waat en net méi laang wéi en Daag erdreit. An och dann just, wann en wees, daat en sech drop verlossen kann, daat all hallew Stonn en korrekt ungedoenen Serveur en froen kennt, ob en nach Wain well.
Ech mengen déi Zort vun Leit, déi Reklammen aus der Zeitung rauschneiden an se jidderengem weisen an verlaangen, daat en genausou haard an laang wéi sie doriwer laacht. Och wann déi Reklamm schon furchtbaar aal ass an se och schon virun 6 Méint net witzeg fonnt huet. Mee déi Reklamm ged dann bei all Gelegenheet, déi och nemmen irgendeppes domadder KEINT ze din hun, ausgepaackt an et ged domadder rondrem gewedelt, esou laang, bis sech irgendeen erbaarmt an laacht. Haha. Ongeféiher esou.
Ech hun mech oft gefroot, wéi et wier, wann en am Restaurant seiz an op dem Desch vis a vis vun engem seitz d’Famill vum Toni, dem Rastamann, dem Marc Toma, oder déi vun engem Skandaljournalist mat engem botaneschen Nonumm an engem psychdeleschen Fotoapparat. Angscht a Schrecken sin méi grous gin.
An dun hun ech mier virgestallt, déi 4 Leit geifen an de Restaurant kommen an sech un een Desch setzen. Angscht a Schrecken haaten mech definitiv.
Daat enzegt, waat elo nach bliewen ass, waar d’Flucht. Awer ereischt nodeems ech main Glas eidel gemaach haat…