Ech sin normalerweis net de Frend vun Groussveranstaltungen mat villen Leit. Just dann, wann en Féier an/oder Chaos ausbrecht an een eppes ze kucken huet. Mee daat ass jo net esou oft de Fall, esou daat een sech meeschtens duerch eng Onmass vun Leit, déi alleguerten vill méi lues gin wéi en selwer ginn, drecken muss.
Genee esou eng Manifestatioun ass och déi ziemlech bekannt Fréijoersfoire. Fir eng ganz Woch stellen eng Onmass vun Geschäfter an Geschäftsleit op méi oder manner interessanten Stänn hier Wuer aus, déi een dann zu speziellen Conditiounen kaafen kann. Daat ganzt stoung dest Joer ennert dem Motto „Besser verglaichen fir besser ze konsuméiren“. Oder esou ähnlech.
Mir huet daat ganz relativ lusch geschengt, mee ech sin jo net dohinner gaangen, fir irgendeppes ze verlgaichen, mee ech haat eng Missioun. En gonzojournalisteschen Optraag, esouzesoen. D’Fréijoersfoire ass eppes typesch letztebuergesches, waat eng gudd Gelegenheet duerstellt, méi no un d’Zentrum vum letztebuergeschen Alpdraam ze kommen. An nirwebai och nach eng Retsch Glieser Wain an soss Gratissaachen vun diversen Stänn matgoen ze lossen.
Den eischten Problem huet sech schon bei der Entree an d’Foireshaalen gestallt. Et gin nämlech zwou Entreen, an déi Persoun, déi déi e puer vun denen selleschen gratis Entréesticken haaten, waar net bei der, wou ech waar.
Daat ass och esou eng Saachen. Ech kan mech erenneren, daat irgendwann eng Kéier hefteg iwer Zukunft vun der Bedreiwergesellschaft vun den Foireshaalen um Kirchbierg diskutéiert gin ass. Well et eben net wirklech duergeht, eng gigantesch Haal drai bis véier mol am Joer mat Foiren ze fellen an all Schaltjoer emol en Baal fir Kanner zweschen 12 an 14 dran ze organiséieren. Irgendwéi muss en jo och Benefice maachen, well wann en esou eng gigantesch Haal huet, muss déi jo och gebotzt gin. An dann gesin ech, daat all Joers eng Onmasse vun Entréestickeen einfach esou verschenkt gin. Ech stoung ongeféiher eng Veirel stonn virun der Entree ze waarden, an ech hun keen gesin, deen sech huet missen en Ticket kaafen. Angscht a Schrecken sin opkomm. Wieren d’Foireshaalen an engem desaströsen Zoustand? Geif et elo eiskaalt Killwaaser vum Plafong drepsen an d’Rechter vun der Hierschfoire geifen irgendwou an engem Eck nirwt den Toiletten ze verschimmelen léien?
Zum Gleck schengt et dann awer nach net esou schlemm em d’Bedreiwergesellschaft ze stoen, esou daaten mir an eng relativ proper an futuristesch Haal getreppelt sin, wou mir vun frendlechen Leit empfaangen goufen an en krypteschen an absolut onverständlechen Plang an d’Hand gedreckt kruuten, deen zu allem Ongleck och nach voll mat Reklammen bedreckt waar. Ech hätt en also eigentlech direkt och erem wechwerfen kennen, well wirklech ze gebrauchen waar en net. Mee ween konnt wessen, ob mir eis net geifen am Dschungelartegen Gewurrels vun Stänn an Lait verlaafen an dann net méi ouni Kaart eng vun denen zwou Entréen fannen?
Ech haat iwregens gesin, daat et net nemmen déi zwou offiziell Entréen ged, mee och nach eng speziell fir Leit, déi an der enger méi heiger Kast stinn wéi den Maus-Kätti-Bierger, nämlech fir d’Ministren. Wiesou brauchen d’Ministren eng eegen Entrée? An virun allem: Wiesou waar just eng vun denen 10 Glasdiren op, obwuehl eng Menschenmasse vun bibleschen Ausmossen op d’Foireshaalen zougestéiert ass?
Mee vlaischt waar en verzweifelten Hellefsruff vum Wainstand komm, den Besucherfloss e bessen ze bremsen, well se soss net méi geifen nokommen mat noschedden. Well siefen mer eierlech: Déi meescht Leit kommen dach souwiesou nemmen op d’Foire, fir do gratis ze saufen an ze friessen an eng Taas vun engem ehemolegen Monopolistenradiosender ze gewannen.
Wann een mir um Radio geif soen, dir hudd lo en furchtbaar komplizéiert an blöd Spill gespillt an gewonnen, fir eng Taas mat eisem Logo drop ze kreien, geif ech anhänken an nie méi fraiwelleg Sangreklammsmelodien matsangen.
Daat eischt, waat en op der Fréijoersfoire gesait, sin ongeféiher 3000-4000 Leit an eng ganz Retsch vun Stänn vun Geschäftsleit, vun denen en net wosst, daat et se geif ginn. Am Fong gesait daat ganzt esou aus wéi déi eng Stross op der Fouer, wou en just Kreemschen an angeblech kratzfest Paanen ze kaafen kritt. An daat ganzt an enger rieseger Haal.
Nirwt den obligatoreschen Paanen gouf et Stänn vun obskuren Reflexzonenmassaseuren, déi mat indianeschem Kreemschen dekoréiert waaren. Nirwendrun dann Lagerverkeef aus finneschen Kleederfabriken.
Wéi kann en zu Letzebuerg an den Foireshaalen um Kierchbierg een Lagerverkaaf vun enger finnescher Kleederfabrik organiséieren? Daat ass menger Meenung no physikalesch an geographesch iwerhaat net meiglech. Ech hun nämlech weder eng Fabrik gesin, nach waaren mir an Finnland. An beides hätt missen do sin, fir kennen en Laagerverkaaf vun enger finnescher Kleederfabrik do ze hun. Esou waar et einfach eppes, waat och gudd bei d’Thema Kleeder passt: Ettikettenschwindel!
Des weideren sin esou gigantesch Wuertkombinatiounen wéi „Kalkmagnet“ opgetaucht. Kalek ass keen Metall. Ged also och net vun engem Magnéit ungezunnen, souwait ech wees. Wann een eppes entkaleken well, kann en Esseg dran schedden. Mir hun doheem en relativ bellegen Filter, den d’Wasser fir Kaffismaschinn an den Téi entkalekt. Kascht baal naischt an ass effektiv. Et brauch een also keng obskur Magnéiten, déi iwerdéiert sin an wahrscheinlech naischt hellefen, sollten se wierklech Magnéiten sin.
Irgendwann sin mer dun bei déi grous Stänn komm. Déi Firma, déi en Dreckstipp bei Esch an eng Cité well embauen, haat en Pavillion mat Plastikwues an enger grousser Maquette, wou en Mann mat engem Laserpointer Haiser un Interesséierter verkaaft huet. Wahrscheinlech huet en awer net gesoot, daat des Haiser op dixoinverseuchtem Bueden stoen wärten an een all Owend vun der Musek vun der Rockhal an de Schlof gesongen ged.
D’Post huet keng Timbren, mee en komeschen Fernsehsystem, den en per Touchscreen bedengen konnt, virgestallt. Ech hun mech kuerz dorunner probéiert, hun et dun awer opgin. Ech kucken souwiesou keen Fernseh, wiesou sollt ech mir dann daat ganzt vun der Post undoen? Irgendwou op dem giganteschen Stand waar en Berufsclown vun engem komerzielle Radiosender, den irgendwelch Saachen an en Mikro geblärt huet. Mir sin séier virun gaangen, emmer op der Sich nom Wain, deen mir schlussendlech och fonnt hun.
Un engem groussen Contoire konnt een Wain schmaachen an och bestellen. Den Trick waar folgenden: Et huet en sech en Bestellziedel geholl, gemaach wéi wann een en interesséiert geif duerchkucken an dann ass een Mann komm an huet engem Wain ze schmaachen gin. Ech hun mir natirlech emmer immens exotesch an déier Wainer ze schmaachen gin, sou daat de Mann emmer huet missen néi Fläschen opmaachen. Daat haat vun Virdeel, daat ech naischt kruut, waat schon irgendwéi ofgestaanen geschmaacht huet. Meng Begleedung wollt um Enn vun eiser Sessioun 2 Fläschen bestellen. Et muss een allerdengs bei dem bestemmten Wainliwerer op manst 26 Fläschen
bestellen, soss kritt een net heem geliwert. Esouvill also zu „Foiresconditiounen“.
Mir hun eis op de Wee op de Stand vun dem groussen letztebuerger Mellechproduzenten gemaach, deen alt erem eng Kéier néi Desserten virgestallt huet. Wéi all Joer. An wéi all Joer konnt een och erem genuch schmaachen. Eng gigantesch Menschendrauw huet sech no virgedreckt, vir un eng Glace ze kommen. Angscht a Schrecken, alt erem eng Kéier. Herno geif nach irgendeen erdreckt gin.
Ech sin also, mat e bessi Wain am Blutt an mengem klengen Becher Glace an der Hand, iwer d’Foire getreppelt, hun mech iwer witzeg Stänn ameséiert an sin vun e puer Leit mat „Mr. President“ gegreißt gin. D’Welt huet bis op de Fakt, daat ech zesummen mat 4000 aaneren Verreckten op der Fréijoersfoire waar an Angscht a Schrecken wahrscheinlech scho länger d’Regiment iwerholl haaten, schéin gewierkt.
Mee ech haat d’Rechnung net mam Sascha vun FitLine gemaach. Een jonken Kärel huet eis en Ziedel an de Grapp gedreckt, wou eppes vun Geldverdengen drop stoung an huet eis gefroot, op daat eis geif intersséiren. Séier Souen verdengen. Daat huet no engem Pyramidensystem geklongen.
Mir hun jo gesoot, an ech hun geduercht „Daat ged bestemmt witzeg“.
Mir hu missen en Froenbou ausfellen, bei dem ech quasi all Angab irgendwéi e bessi verdréint hun. Ech kann mir gudd Personagen ausdenken, an esou hun ech mech net nemmen méi aal gemaach an mir en falschen Numm ginn, nee, ech hu mer och nach eng Carriere zesummengezimmert. Wann en mech geif froen, wou ech Journalist wier, geif ech soen „Bei der GONZO TIMES“.
En huet eis awer net méi vill gefroot, mee eis irgendwelch komesch Diagrammer gemolt an eis vun sengem super System geziehlt, bei dem een esou vill Souen kéint gewannen, et misst en just emmer Fitnessprodukter kaafen. An aaner Leit fannen, déi des Produkter och geifen kaafen.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Ech hun den Sascha immens lächerlech fonnt, mee irgendwéi haat ech Skrupel, haard ze laachen an einfach ze goen. Mee all Argument, daat ech bruecht hun, och wann ech em ziemlech krass widersprach hun, huet hien schéin roueg an mat engem eklegen Grinsen emschwaat. Ech hun mech vir een Moment op en Bett vum Stand Vis-a-.vis konzentreiert. Et waar en Bett waat vollautomatesch eran an eraus gefuer ass. Et stoung eng Orange Lucht drop, déi wéi well geblenkt huet, wann d’Bett eran an eraus gefuer ass. Irgendwéi huet mech daat un den Toni erennert. Den waar bestemmt och irgendwou héi an denen giganteschen Haalen an geif d’Leit mat sengem komeschen Bleck nervös maachen…
Angscht a Schrecken haaten mech. Geif de Sascha mech mat sengen komeschen Fitnessprodukter vergeften wellen? Geif irgendeen méi wéi 26 Fläschen Wain bestellen? Geifen Leit bei den Glacen vum Mellechproduzent zerdreckt gin? An virun allem: Haat den Toni bei dem komeschen Pyramidensystem seng Fanger am Spill?
Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht aus den Foireshaalen, an daat op dem kierzten meiglechen Wee…