En Joer ass definéiert doduerch, daat déi Kurrel op der mir setzen (d’Erd) eng Kéier rondrem eng aaner Kurrel (d’Sonn) dréint. Aus irgendwelchen mytholgeschen Grenn ass den Datum fir daat ze féiren op genee eng Woch nom Gebuertsdaag vun irgendengem Drogenverreckten geluecht ginn. Och schon deemols wollten d’Leit hier Feierdeeg hunn.
Mee et ged och nach een aaner Joer, daat naischt mat den Kurrelen ze dinn huet an awer extrem wichteg ass. D’Schouljoer. Aus waat fir engem Grond och emmer fänkt et am September un an hällt Mett Juli op. Interessant ass daat virun allem, wann een als Schüler oder Student aus irgendengem Grond beweisen muss, daat en nach d’Schoul geht an et ass graad Mett August.
Lo kéint en soen: Okay, Schouljoer, daat betrefft Schüler an Studenten, Léierpersonal an Proffen an tangéiert och d’Eltren. Daat sinn zwar schon ziemlech vill Leit, mee et net alleguerten. Engem Groußdeel vun der Gesellschaft kéint d’Schouljoer egal sinn.
Mee dem ass net esou. All Joers, soubaal den September ufänkt, geht daat groußt Gejaiz lass. Rentrée. Oder Renträ. An daat iwerall. Angscht a Schrecken kommen op, esoubaal en versicht, an en Bicherbuttik ze goen an probéiert, en NORMALT Bucht ze kaafen.
Daat ass ganz einfach nemmen onméiglech. Et kann een iwerhaat keng normal Bicher kaafen während der Renträ.
Alles steht voll mat Bierger vun Schoulbicher, aus denen een leiwer keen Turm sollt bauen – et géifen wahrscheinlech Fliigeren dranfléien.
Do bleiwt just nach eppes: Wann en lo en gudden Roman oder een Sachbuch, daat naischt mat franzseischer Grammaire oder Quadratwurzelen ze dinn huet, liesen well, muss en daat am Internet bestellen. Zum Gleck geht déi Geschicht mat „Virtual Reality“ nach net esou wait, daat och beim Internet-Buchhändler virdeischt mol laanscht eng Pyramid mat „Brunnen“-Daitschbicher muss klammen, iert en sech eppes ukucken kann. Nach.
Ech waaren jo emmer ob déi grous Schreckensmeldung, daat irgendeen klengen Septiemsschüler ennert engem groussen Stapel „Mathématique 6e“ begruewen ginn ass an daat d’Hondstaffel just nach konnt seng Laich biergen. Fir main Ökohellegenschain dann op Renträs-Glanz ze brengen, kéint ech och nach déi ziemlech genial Bemierkung mat den Beem maachen. Déi kennt awer jiddereen, se geht esou: Wéivill Beem en huet missen fällen fir all daat Pabéier!
Dobai ged den meeschten Pabéier souwiesou aus Beem gemaach, déi am Besch henneren an déi allermeescht Bicher ginn och schon op recyléierten Pabéier gedreckt. Ausser vlaischt déi, déi nach aus Lëtzebuerg kommen. Déi ginn wahrscheinlech ob déier Fichten aus dem Schwarzwald gedreckt an dann och nach esou beschicht, daat net nemmen keen Schüler eppes kann an d’Buch kritzlen mee daat en den Pabéier och nie méi wärt kënnen recyléieren.
Och virun den Medien mescht d’Renträ net Halt. All Joers verkenegen verschidden Hausfraaensender groußspuereg, daat sech mat der Renträ ALLES änneren wärt. Alles ged méi schnéi, méi schnell, méi néi an NACH besser. Am Fong heescht daat just, daat en aaneren d’Péi fir den Chefredakter kritt an daat se néi Miweelen am Studo hunn. An vlaischt néi Jingelen. Soss bleiwt de Programm genau den selweschten, ausser verschidden Saachen heeschen vlaischt nach e bessen anescht.
Angscht a Schrecken regéiren d’Renträ. Jiddereen brauch déi néisten Kleeder fir um eischten Daag en gudden Androck ze maachen, jiddereen brauch ELO néit Material, en giganteschen Kalenner fir
all déi wichteg Datumer op ze schreiwen an iwerhaat.
Do freet en sech erem, ween déi Renträ dann erfonnt huet. Ob daat net wéi esou vill aaner Féierdeeg an soss Saachen, déi um Kalenner stinn, eng gescheckt Inventioun vun Geschäftsleit waar, déi fonnt hun, am September wier dach eng gudd Zait, fir alt erem e bessen Frick ze maachen. Daat se d’Leit domadder total verreckt maachen, dorunner haat keen geduercht.
An emmer, wann ech während der RentrÄ den groußen Fehler maachen, mech an irgendeen Buttek ze beginn, wou se och nemmen Unsatzweis eppes verkaafen, waat Schoulmaterial e bessen no kennt an ech dann 3 Stonnen dofir brauch, fir en Block ze kaafen (Och Gonzojournalisten mussen Notizen huelen!), dann formen sech bei mir am Kapp emmer zwee Gedanken. Wann ech deen eischten géif ausschwätzen, géif dësen Sender wahrscheinlech wéinst Verbreedung vun terroristeschem Gedankengut zou gemaach ginn. An den zweeten ass den aal bekannten: Daat enzegt, waat elo nach helleft, ass d’Flucht.