Angscht a Schrecken beim Versuch „just kuerz“ eppes anzekaafen

Ech haat daat dringend Bedürfniss no Schokola ass soss Seissegkeeten. Ech hunn zwar en Faible fir Seissegkeeten, mee seelen ass den Drang durno esou staark, daat ech effektiv direkt an den Buttek laafen fir mer es ze kaafen …


En groen Samsdennometten Ufank März 2009. Ech stinn zu E. Op der Gare an sinn am Begreff, d’Traapen fir d’Unterführung erof ze goen, fir op deen aaneren Quai ze goen.
Just an dem Anblack gesinn ech eng Koppel. D’Meedschen huet Rasta. Ech bleiwen en Brochdeel vun enger Sekonn erféiert stoen, well ech mengen, et wier eng Bekannt vun mir, mee nee, d’Gesiicht ass ganz anescht an ech ginn jo d’Traapen roof an well main Zuch net verpassen, also ginn ech wéider, probéiren esou séier wéi meiglech duerch d’Unterführung ze kommen.

Uwen passéiert et mir dann fir déi aller eischten Kéier an mengem Liewen, daat ech färten, ech hätt halluzinéiert. Keng Spuer vun der Koppel. Main Bleck geht op den aaneren Quai vun der Gare vun E., dohinner, vun wou ech lo graad komm sinn. Ech gesinn keng Koppel. Keng Persoun mat Rasta. Angscht a Schrecken maachen sech breed.
Gesinn ech Männerscher? Ass et elo esou wait? Sinn ech lo komplett duerchgedreint?
Nee. An der entgeintgesaater Richtung, hannert dem Douanesgebai vun E. Geht d’Koppel, Aarm an Aarm. Wahrscheinlech wellen se irgendwelch illegal Drogen konsuméiren.
Ech sinn awer nach net komplett duerchgedreint. Mee et fehlt wahrscheinlech net méi vill. Angscht a Schrecken regéiren den Grand-Duché.

Reckblend: Eng Woch méi fréih. Daat selwescht, emmer groot Wierder an E., dem zweet deifsten Punkt vum Land, en dreckegt Lach iwert deem 300 Deeg am Joer eng dicht Wolekendecken lait, déi vun ennen ausgesait wéi den Deckel vun enger Schungkescht. An genee esou fillt en sech och. Wéi den Bewunner vun enger Schungkescht.

Ech haat daat dringend Bedürfniss no Schokola ass soss Seissegkeeten. Ech hunn zwar en Faible fir Seissegkeeten, mee seelen ass den Drang durno esou staark, daat ech effektiv direkt an den Buttek laafen fir mer es ze kaafen. Mee et ginn Geleegenheeten, do ass den Drang durno immens staark. Also duercht ech mir, gees de just kuerz e bessen Schokola ankaafen, den Buttek ass jo net wait.

Fréiher huet daat Geschäft Monopol geheescht an haat drai Stäck an et kruut en vun der Kuuscht iwert den Knapp bis hin zur Krokodilsliedertäsch esou ziemlech alles, waat een wollt. Daat ass iwerhaat esou eng Saach. Ech sinn jo an der Zait just virun an just nom Enn vum kaalen Krich grous ginn an deemols haaten d’Geschäfter zu Lëtzebuerg nach esou Nimm wéi Monopol oder Consum. Wahrscheinlech, daat och keen drun zweifelen konnt, daat déi Geschäfter zu 100% profitorientéiert kapitalistesch Gesellschaften waaren an een net den kommunisteschen Feind ennersetzt huet, wann een do eng Fläsch Wodka kaaft huet.

Samsdes nomettes an en Supermarché ze goen ass jo meeschtens eng domm Idee. Mee daat lei ass eischter en klengen Supermarché, wou sech net vill Leit Samsdes Nomettes fir den Recht vun der Woch andecken an sech dobai esou verhaalen, wéi wann d’Geschäfter Méindes net méi géifen opgoen an wéi wann eng Hongernout befir steht.
An an desen Zaiten hunn se vlaischt esouguer Recht. Et ass vlaischt méi gescheid, seng ganz Pei an Bechsenfudder emzewandlen wéi se op der Bank ze lossen. D’Bechsen sinn an engem Joer och nach iessbar, mat denen Souen kann een dann wahrscheinlech esou just nach d’Kautioun fir den Akaafsweenschen bezuehlen.

Iwerhaat, Banken. Eng vun denen drai Banken, op denen ech meng bescheiden Besetztümer verdeelt hunn, huet mir en Breif gescheckt mat den néien Zensen. 1% kréien ech nach. Ech géif méi Zensen kréien, wann ech meng Euroen géif an Neuseeländesch Kiwidollaren emtauschen. Ass daat net verreckt? Villaischt investéiert een elo am beschten an Kiwien an der Bechs. Déi sinn an engem Joer vlaischt esouvill wärt wéi hiert Gewiicht an Gold oder Wolframcarbit.

Ech hunn also probéiert mech duerch deen Supermarché ze drecken an irgendwéi main Wee an den Rayon mam Schokola ze erkämpfen. Daat ass guer net esou einfach. Well Supermarchéen sinn, an daat wessen mir alleguerten speistens sait se eis et all gudden Mound eng Kéier an enger „spannender an informativer“ Reportage um daitschen Privatfernsehen gewissen hunn, strategesch esou opgebaut, daat en meiglechst vill Zait dran verbrengt an all meiglechen Kreemschen keeft, deen en guer net kaafen wollt.
Een Beispill fir déi Taktik sinn déi kleng Artikelen wéi Dreppen oder Kamellen an den Keesen selwer. Déi sinn jo besonnesch dofir geduercht, fir d’Kanner ze lackelen, déi dann hier Eltren esou laang nerven, bis se endlech Seissegkeeten – fir d’Kanner ze berouegen, an eng Drepp – fir sech selwer ze berouegen, kaafen.

Ausserdem stinn an esou engem Supermarché eng ganz Retsch vun Obstakelen. Sief daat Akfaafswennerscher vun Leit, déi wahrscheinlech irgendwou enner engem Stouss Kiwidousen verschott sinn an déi lo op den heldenhaften Ansaatz vun den Rettungshenn waarden oder aal Leit, déi sech am Zaitlupentempo duerch den Supermarché bewegen. Heinsdo huet een d’Gefill, et wier een duerch Zoufall an der Zait gereest an wier bei den Dreiarbeschten vun „Matrix 12“ dobai, wou den 80joeregen Kenau Reeves immens Käschten fir Computeranimatiounen spuert, well hien sech fir déi esougenannten „Bullet Time“ einfach normal beweegt.

Irgendwann stoung ech dunn awer am Rayon mam Schokela. (Den Rescht tippen ech demnächst eng Kéier oof, sorry!)