Wann een länger wéinst wichtege gonzojournalisteschen Affairen am Ausland ass, vergësst een heiansdo séier, dat am Grand-Duché och nach Saache passéieren. Virun allem dann, wann engem dee leschten Openthalt wéi Vakanz am Disneyland virkommen ass.
Mä et bréngt alles näischt. Ech kann de Grand-Duché net länger ignoréieren, esou gären ech dat och géif maachen. Ugesiichts vun der aktueller Lag vun der Natioun muss ech eppes soen. Well soss schéngt et jo keen ze ginn, deen oder dat seng Stemm erhierwt. Wahrscheinlech sinn ech domadder de leschte Patriot. An ech wosst bis elo grad mol net, dat ech patriotesch wier an eigentlech haassen ech Patriotismus ob den Doud. Mä bei dem momentan Zoustand kann ech net näischt soen …
Elo bléist de kale Wand vum Sozialofbau also och zu Lëtzebuerg. Keen Kannergeld méi, kee bëllegen Akt méi, kee Benzin méi am Index-Wuerekuerw, keng Buslinne méi an der Brousse. De Grand-Duché gëtt ab elo vun Angscht a Schrecke regéiert, an jidderee freet sech, wien déi Leit gewielt huet, déi elo keng Sue méi verschenke wëlle.
De Congé parental gëtt op 4 Méint gekierzt, an d’Mammerent kritt eent elo och just eréischt mat 65 Joer. Wéi dat lescht allerdéngs 15 Milliounen Euro spuere soll, hunn ech net ganz verstanen. Stierwen esou vill Fraen zwësche 60 an 65 Joer?
An wéi wann mir net aner Problemer hätten, si mir och nach am Krich. Déi Noriicht kennt villäicht iwwerraschend fir een Land, dat méi Zaldoten an der Militärsmusek wéi an Auslandsasätz huet, an dach ass den Grand-Duché am Krich. Däitschland huet laang gebraucht fir dem militäreschen Asatz an Afghanistan de Numm ze ginn, deen en verdéngt: Krich. Mir sinn am Krich. A wann ech dat richteg verstanen hunn, si mir am Krich géint den internationalen Terrorismus.
Jo Frënndinnen a Frënn, esou gesäit et aus. De Bush ass zwar net méi am wäissen Haus, mä a sengem Krich setze mir ëmmer nach. Am Géigesaz zu den Amerikaner hu mir nach ëmmer déi Leit an der Regierung setzen, déi eis dat agebrockt hunn.
Ech setze jo momentan zu Wien. Dat ass an Éisterräich. Just, wann dat iergendeen nach net wosst. Mech huet nämlech deslescht een gefrot, wéi et mir dann an der Schwäiz géif gefalen. Ech verweise just mol ob divers Angscht a Schrecken-Episoden, déi um Bodensee spillen. Hei an Éisterräich hunn se en Sonnden hire Präsident gewielt. Kandidate waren den amtéirenden Präsident, eng Fra, déi een, dat huet d’Europäescht Gericht fir Mënscherechter bestätegt, als Kellernazi däerf bezeechnen an een chrëschtleche Fundamentalist. Et war also zimlech kloer, wéi et géif ausgoen. Knapp 15% huet d’Kellernazi Barbara Rosenkranz kritt, den Heinz Fischer ass erëm Präsident an den komesche chrëschtleche Fundamentalist ass just vun e puer komesche Leit gewielt ginn, déi wahrscheinlech ze vill gesoff haten, wou se an Wahlkabinn getierkelt sinn.
Zu Lëtzebuerg schéngt dat keen ze interesséieren, déi grouss Medien haten all just eng Agenturmeldung doriwwer. Et schéngt méi wichteg ze sinn, wat de Poopst grad mécht. Komesch, wéi een Saachen ignoréiere kann.
Angscht a Schrecke gi grouss, wann een sech dat mol duerch de Kapp goe léisst. Do setze mer also, mat eiser Arméi, déi ausser enger Militärsmusek an engem nach net existéirenden iwwerdéiereten Fliger. Villäicht kann een den internationalen Terrorismus jo dovunner iwwerzeegen, opzehalen, wann eis Militärsmusek just oft genuch den Hämmelsmarsch spillt a mir mat eisem A400M Kamelle verdeelen.
Interessant ass och, dass dat ganzt ni esou wierklech erwähnt gëtt. Politiker_innen hunn et wuel net gären, iwwert esou onpopulär Saachen ze schwätzen. Virun allem wann se net nëmmen an engem Krich sinn, vun deem kee weess, wéini a wéi en soll ophalen, mä och nach Spuermoossnamen aleede wëllen, déi iwwerhaapt kengem gefalen.
„Mir kierzen den Sozialstaat, bis keen e méi erkennt . Ah jo, iwwregens, eis Leit, déi den Fluchhafe vu Kabul bewaachen, sinn do net an der Vakanz, mä am Krich.“
Iergendwéi schéngt et awer e bësse komesch, wann een elo jidderee jéimert. Huet da wierklech keen et komme gesinn, dat et och ob der „Insel der Glückseeligen“ Lëtzebuerg irgendwann eng Kéier misst ob een Enn goe mam Friede-Freude-Eierkuchen-Kapitalismus?
„Et ass eriwwer mat der Spaassgesellschaft.“ huet virun e puer Joer dee Mann gesot, deen et elo – alt erëm eng Kéier – riichte soll. De JCJ national als Superheld vum Neoliberalismus, deen sech, anscheinend ouni iergendwellech Ironie, als „de leschte Kommunist“ bezeechent. An dat dat wuel net esou goe wäert, wéi vill Leit sech dat virstellen, ass och zimlech logesch.
Wéi laang ka Lëtzebuerg als Konzept iwwerhaapt nach bestoen? Kenne mir dovunner ausgoen, dat een mat engem Mix aus bëllegem Benzin a Bréidercher fir déi Aarm an Steiererliichterunge fir déi Räich nach laang bestoe kennen? Lëtzebuerg ass quasi den Aldi ënnert den Länner. Bëllege Benzin musse mir fréier oder spéider opginn, well laang ass kee méi do. Wéi laang d’Steiererliichterungen an Bankgeheimnis oprecht erhale kenne ginn, steet an de Stären. An pardon, mä op bëllege Bréidercher an Zigarette kann een keng Economie opbauen. Villäicht sollte mir eis déi Geschicht mam Neoliberalismus dach nach emol iwwerleeën.
Et mécht mir Angscht, déi ganz Geschicht just esou aus der Distanz ze beuerteelen, net mat ze kréien, wéi d’Stëmmung am Land ass. Ech fille mech net gutt, wann ech u Lëtzebuerg denken. De Grand-Duché vun der Angscht wéisst säin ellent Gesiicht.
An elo? Bei dem ganzen hëlleft och keng Flucht. An dach schéngt et, wéi wann dat dat eenzegt wier, wat eis am Moment géif bleiwen. D’Flucht an d’Hoffnung, dat net iergendeen ob d’Idee kennt, d’Krichrecht auszeruffen, fir déi nächst Wahlen ze ëmgoen …