Et ass alt erëm eng Kéier esou wäit. De Fussball ass eriwwer, an wann d’lëtzebuerger Vëlosfuerer net grad gedoppt vum Vëlo falen, da gëtt et näischt ze berichen. Et ass Summerlach. An iwwert dem grousse Lach schéngt ouni Erbaarmen d’Sonn.
Ech weess, iwwert d’Wierder schwätzen ass net immens originell. Mä op mannst ass dat lei keng Reportage driwwer, dat al Leit vill sollten drénken …
D’Sonn ass verantwortlech fir 99,98% vun der Energie, déi de Klima vun der Äerd ausmécht. Och d’Gezäiten ginn zu engem Drëttel op hir Schwéierkraaft zeréck. Waasserstoffatomen verschmëlzen zu Heliumatomen. Doduerch entsteet Energie, déi als elektromagnéitesch Strahlung op d’Äerd kennt.
An déi Strahlung kennt am Summer a Mëtteleuropa mat enger Energie vun ongeféier 700 Watt pro Quadratmeter op eisem Planéit un. Fir déi ënnert iech, déi net esou gutt an der Physik sinn: Watt ass d’Eenheet vun der Leeschtung an definéiert als een Joule pro Sekonn. Joule ass d’Eenheet vun der Aarbecht. Méi genee: déi Arbescht, déi gebraucht gëtt, fir een Kilo een Meter ze beweegen. Mat der Sonnenenergie, déi am Summer all Sekonn op all Quadratmeter vu Westeuropa brennt, kéint een also 1400 (véierzénghonnert) Pond Brout een Meter wäit beweegen. Oder een Kilo Brout 700 Meter.
Do muss sech da kee méi wonneren, dat et engem waarm ass. De Goudron schmëlzt am Grand-Duché vun der Angscht genee esou wéi zu Wien, wou ech den Ufank vun dësem mäerderesche Summer verbruecht hunn.
Ufank Juni gouf et schon eng Hëtztwell, déi sech awer dunn séier an een zweet Fréijoer verwandelt huet. An een extrem naasst, reeneregt Fréijoer. Dat ass awer och iergendwéi ze erdroe gewiescht. Et konnt een einfach déi selwecht Kleeder undoen, déi een och schon déi lescht 4 Méint unhat. Ech hunn et e bëssi mat der Angscht ze di kritt, et géif elo éiweg esou bleiwen an ech kéint vun dem schéine Park, vun dem ech 10 Minutte wech wunnen, guer net profitéieren. Iwwerhaapt ass dat esou eng Angscht vu mir. Dat mir op een mol just nach eng eenzeg Joereszäit hunn, déi virun allem aus Reen besteet.
An elo? Elo ass dat alles vergiess an et ass vill ze waarm. Meng Kummer läit no Süden, wat heescht, dat se ëmmer ze waarm ass, och mat oppener Fënster an Duerchzoch an alles. Am Recht vun der Wunneng ass et och net wierklech besser, an ech well jo awer och net de ganzen Daach an der Stuff setzen. Dobaussen ass et esou waarm, dat mir meng Féiss verbrannt sinn. Awer net, well d’Sonn esou laang drop geschéngt huet, mä vun ënnen. Gutt, ech hat och den e bëssi blöde Feeler gemaach, fir buerféiss ze goen. Angscht a Schrecke sinn opkomm wéi de Goudron mir bal un de Féiss peche bliwwen ass.
Ech hunn mech dunn an de Park gesat an hunn e bëssi gelies. De Park ass esou zimlech déi eenzeg Plaz, wou dech d’Hetzt net vun allen Säiten ustralt an s de dech fills wéi an enger Mikrowell. Woubäi et eben net nëmme Mikrowelle sinn, mä och all Zort vu Laang, Mëttel- a Kuerzwellen.
De Park ass e bëssi esou wéi eng Plage. Just eben am gréngen an ouni Waasser. Wat zimlech agreabel ass, ouni de ganze Sand an Algegeroch. Manner agreabel sinn d’Leit, besonnesch um Weekend. Et gëtt ëmmer e puer extrem gutt gebaut jonk Hären, déi iwwert déi ganz Wiss eng Ballsportaart spille mussen. Do hunn dann dräi Leit déi ganz Wiss mat hirem Rugby occupéiert. Déi ganz Wiss? Nee! Eng couragéiert Grupp vun alen Dammen am Bikini huet an der Mëtt vum Spillfeld gesiess. An egal wéi no a geféierlech de Ball laanscht si geflunn ass, si sinn roueg setze bliwwen. Angscht a Schrecke sinn opkomm.
Dobäi sollt et net bleiwen. Et ass ëmmer esou eng Saach, wann een alleng do läit, sech e bëssi Beatnick-Literatur eranzitt an do zwëschen heiansdo e bëssi Waasser drénkt. Et gesäit een net geféierlech aus. Also, ech gesinn dann op mannst net grad geféierlech aus. Ech hat och keen T-Shirt un, ob dem „GONZOJOURNALIST“ oder „I FEEL HARDCORE“ steet. A wann een net geféierlech ausgesäit, da setzen sech Leit, besonnesch wa se a Gruppe kommen, gären nieft een an ignoréieren den normale Privaatheetsofstand. Den Türkenschanzpark ass net Roskilde, also well ech net direkt u Leit pechen, déi een groussaartege Picknick organiséieren, mä mir näischt dovunner ginn. Besonnesch schlëmm ass dat, wann déi Leit dann och nach extrem haart an domm schwätzen. Ech hu jo näischt dogéint, d’Gespréicher vun anere Leit lauschteren ze mussen, wann se intelligent sinn. Leider schéngt et esou, wéi wann déi dommste Leit am haardsten géife blären. Angscht a Schrecken.
Iergendwann hat ech Angscht, mäi Buch géif komplett opweechen, well ech esou geschweest hunn. Dobäi louch ech am Schied ënnert engem grousse Bam, enger Blutbuch, déi am Fong just eng Mutatioun vun der normaler Routbuch ass. Déi heescht Routbuch net well hir Blieder wéi bei der Bluttbuch rout sinn, mä well hiert Holz heiansdo een roude Kär huet. Mat guddem Gewessen kann een also och soen, eng Bluttbuch wier eng Routbuch an domadder fir komplett Konfusioun suergen.
Ech wollt guer net wëssen, wéi et an der Sonn wier. Et war ze waarm fir ze liesen, mä et war och ze waarm fir heem ze goen. Et war ze waarm fir alles. Ech hunn mech drop virbereet, all Moment Féier ze fänken an ze verbrennen. Angscht a Schrecken hate mech.
Wisou war et esou waarm? War dat schon de Klimawandel oder just een „normale“ Summer zu Wien? Firwat waren déi Leit nieft mir esou haart? Wisou sinn déi eeler Dammen net geréckelt? Konnt ech iwwerhaapt nach heem goen oder waren d’Stroossen mëttlerweil zu Goudronflëss ginn?
A virun allem: Wat mécht een mat véierzéng-honnert Pond Brout?
Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. Op de Südpol.