Angscht a Schrecken am Bësch

Heinasdo muss een raus. An d’Natur. Ech summen meeschtens schon um Wee dohinner „Zurück zum Beton“. Mä et hëlleft alles näischt, esou e Studium bréngt verschidden Exkursiounen mat, a je länger een domadder waard, emsou schlemmer gëtt et …


Um 7 Auer sollt de Bus lassfueren.
Dat war am Fong schon dat schlemmst.
Vill Leit, déi dacks fréi mussen opstoen, wäerten elo de Kapp resselen. Mä just, well dir iech doropper ugepasst hutt, mat den Hinger schlofen ze goen, heescht dat net, dat et fir mech net onheemlech schrecklech ass, um 6 Auer moies opzestoen an mech op de Bus ze schleefen. Ech sinn relativ iwwerzeegt dovunner, dat mäi Kierper net dofir gemaach ass, fréi opzestoen, am Hallefschlof géi Hiwwelen eropzelaafen, an e Bus ze trellen an mat deem eng Stonn am Stau ze stoen.

Wisou een zur Haaptverkéierszäit mat zwee Reesbussen voll midd Studéirender well duerch Wien fueren, hunn ech net esou ganz verstaanen. Den Stop&Go-Stakkato vum Stau huet natierlech net dozou gefouert, dat ech hätt kéinte schlofen. Dunn, wéi mir endlech op der Autobunn waren an ech duecht, ech kéint lo nach eng Zäit raschten, hunn se éis Ennerlaagen verdeelt an eng Mini-Virliesung iwwert d’Anlag vum Bus gemaach. Eng immens gutt an haard Anlag, bei där en all Wuert verstaanen huet. Ech hunn op d’Ennerlaagen gekuckt. Do stoungen Wierder an Zuelen, déi all keen Sënn gemaach hunn. Wann een se virgelies hätt, hätt een wahrscheinlech en Dämon an/oder d’Enn vun der Welt eropbeschwuer. Oder ech war graad geeschteg net an der Laag, ze liesen. Angscht a Schrecken.

Mir sinn dunn bei enger Köhlerei ukomm. E Koup Holz, e Koup Buedem, Féier, Damp, Knascht. An duerno kommen schéi Grillkuelen raus. Déi natierlech vill besser sinn wéi déi aus Ungarn. Dat war wichteg an ass ëmmer erëm betount ginn. Ech wosst net emol, dat et nach Köhlereien géife ginn. Mä et stëmmt jo, et muss jo irgendeen ginn, deen déi ganz Kuelen fir ze grillen mécht.

Duerno ass et dunn weider gaangen, de Bierg erop. 500 Meter géife mir goen. Ech hunn mech emgekuckt an zum Gléck just een wierklech héige Bierg gesinn, déi 500 Meter sollten also déi esougenannten „Höhenmeter“ sinn. Leider waren déi 500 Meter an der Längt 80 Meter an der Héicht, wat heescht, dat e grousst Stéck vum Wee géi war. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Verschidde Leit si gefall. Ech hu mech deen Bierg oder Hiwwel oder wat och ëmmer eropgeschleeft an hu mir exentialistesch Froe gestallt. Wee war ech? Wiesou war ech hei? Wiesou maache Leit esou eppes fräiwelleg a fannen dat och nach gutt? Wat ass de Sënn dovunner, e Bierg erop ze goen, fir dann erëm den selweschte Wee erof ze lafen? Wiesou gouf et nach Köhlereien? Wou géife mir higoen?
Angscht a Schrecken hate mech. An eng Méiglechkeet ze flüchten gouf et net. Et ass just ëmmer weider de Bierg erop, méi déif an de Bësch gaangen …