Do steet een dann no längerer Zäit erëm zu Lëtzebuerg an geet op een Concert. Op eng vun deene Platzen, wou ëmmer déi selwecht Leit sinn. An dann erkennt een keen.
Mir ass et esou gaangen. Ech war ni gutt mat Gesichter, an nach manner gutt mat Nimm, mä dat geet wuel ville Leit esou. Meeschtens ass et och net esou schlëmm, wann een den Numm vun enger Persoun net méi weess, wann een net esou vill mat där ze dinn huet. Heiansdo vergiessen ech de Numm schon während ech der Persoun nach d’Hand ginn. Mä wann een interessant Gespréicher a gemeinsam Frënn huet, gëtt een de Numm dann deen aneren Dag op engem sozialen Netzwierk wéi Facebook gewuer. Méi blöd ass et, wann een déi Persoun mat heem hellt. Do heescht et dann de Numm op der Bréifboîte oder op der Schell liesen. Hunn ech erzielt kritt. Vu Leit, déi Leit kennen.
Ech stoung also op enger ëmfunktionéierter Industriebrooch an d’Sonn huet mer an d’ Aen geschéngt. An stänneg hunn ech Leit gesinn, déi ech kannt hunn. An wann ech se da méi genee gekuckt hunn, waren et guer net déi Leit, déi ech gemengt hat, mä Onbekannter. Ech Dommenek hat gemengt, Leit aus Wien erëmerkannt ze hunn. Natierlech souzen déi net a Bee mol am freien Owend zu Lëtzebuerg an hunn Cider gedronk. Mä dat schéngt esou eng Kränkt ze sinn, ënnert där vill Studentinne leiden. Et gesäit e stänneg Leit, déi e bëssen esou ausgesi wéi een, deen ee kennt, an kuerz iert een se erstaunt freet, wat se hei maachen, dréinen se sech e bëssen an et erkennt een säi Feeler. Woubäi mir dat och heiansdo esou geschitt, dat ech déi falsch Leit am richtege Kontext „erëmerkennen“.
Richteg Angscht a Schrecke kennt awer dann op, wann ech Leit net erëmerkennen, mat deenen ech méi wéi nëmme Smalltalk gefouert hunn an schon deen een oder anere Kaffi gedronk hunn. Wa Leit mir musse soen, ween se sinn an ech se reicht erkennen, wann se hire Numm gesot hunn. Wéi kann dat passéieren? Da steet een do an erkennt Leit, déi een net kennt an erkennt déi net, déi e kennt. Vläit gëtt et jo iergendwann eng technesch Léisung dofir. Mä et wier och e bësse komesch, wann een d’Leit fir d’Éischt mat sengem „Smartphone“ misst scannen, iert een wéisst, wéi se heeschen. Also, et géif vläit net esou gutt ukommen.
Komesch sinn och Leit, déi een nei kenneléiert an déi engem hire Numm net verrode wëlle. Ech hat virun net all ze laanger Zäit esou eng Situatioun. Déi Persoun wosst mäin Numm an huet gemengt, si géif mech kennen, mä ech si net. Dat sinn schon ëmmer ganz suspekt Sätz, mä wisou ech net hunn dierfe wëssen, wien si wieren, hunn ech net verstanen. Vläit war déi Persoun mat mengen ale Bekannten Angscht a Schrecke Famill.
An sou trëllen ech alt weider vu Plaz zu Platz, verhale mer nëmmen d’Halschent vun de Nimm an stoussen op Angscht a Schrecken. Fréier hunn Leit sech e Buch mat Fotoen an Nimm gemaach. Dat huet deemools „Facebook“ geheescht.