Wéi ech Enn 2014 entschloss hunn, aus dëser Rubrik eng Zort politesche Kommentar ze maachen, wou ech, ëmmer wann et opportun erschéngt, d’Lag vum Land analyséieren an d’Politik duerch de Kaba ze zéien, hunn ech mir geduecht, dat géing witzeg ginn. An ech géing net méi an all Episod eppes vu mengen zwee ale Bekannten Angscht a Schrecken zielen.
Ma, si sinn zeréck. Dir kënnt iech sécher denke wisou, wann dir déi läscht Méint net hannert engem Stee gelieft hutt. 80,87 % vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger_innen sinn géint d’Wahlrecht ab 16, 78,02 % géint d’Auslänner_innenwahlrecht an 69,93% wollten och näischt vun enger Mandatsbegrenzung fir Regierungsmembren wëssen.
Wa mir lo bedenken, datt déi Prozentsätz net géifen duer goen, fir d’Majoritéit an der Bevëlkerung ze stellen, da kënne mer eis kuerz besser fillen, mä et ännert näischt um Resultat. An natierlech ass d’Resultat och zu engem Deel Schold vun der schlechter Organisatioun, der peinlecher Campagne, der Opklärung, déi ni statt fonnt huet, dem Onmut géint déi aktuell Regierung.
Mä et däerf een elo net esou maachen, wéi wann d’Lëtzebuerger_innen sech just géint d’Regierung Bettel an net géint hir auslännesch Frënndinnen a Nopperen ausgeschwat hätten. „Ech hu jo näischt géint déi, mä si solle leiwer net matbestëmme kennen“ ass den Tenor, deen aus ville Facebook-Kommentaren erauszeliese war.
An ech soen et elo nach eng Kéier däitlech: Dat war een rassistesche Vote.
Nee, et gi keng 78,02% Rassisten am Land. Also keng, déi esou ausgesinn, wéi een sech dat virstellt, wann een dat Wuert „Rassist“ héiert: sou Genre Ku-Klux-Klan oder Neonazi-Glatzen mat Springerstiefel. Vläit huelen ech bëssi méi wäit aus: De Status-Quo an deenen allerméchten Länner ass am Fong rassistesch. Oder „friemefeindlech“, wann iech dat Wuert léiwer ass. An och net „am Fong“, mä en ass et. Punkt.
Leit opgrond vun hirer Hierkonft oder hirem Pass anescht ze behandelen ass Rassismus. Et deet mir jo onheemlech Leed, iech dat erklären ze mussen, mä et ass esou. An nee, et kann een sech net mat „Ech sinn kee Rassist, ech hunn auslännesch Frënn“ dovunner fräikaafen. Och net mat engem italieneschen oder portugieseschen Nonumm. An scho guer net mat engem Grouspapp, deen am zweete Weltkrich eng Fauscht an der Täsch gemaach huet géint d’Nazien.
Mir ginn a rassistesch a friemefeindlech Strukture gebuer, wuessen an hinnen op an léieren eis, un si ze gewinnen. Datt nennt een Sozialisatioun. Dat ass keen natirlechen, gottgegeben Zoustand, mä een, dee vu Mënschen – op gewollt oder ongewollt – geschaf ginn ass. De Referendum vu gëscht hätt kéinten e gewaltege Schrëtt sinn, fir d’Erzielung vun der Natioun als eppes, wat engem seng Identitéit gëtt, ze dekonstruéieren. An wéi absurd déi Erzielung mëttlerweil ass, wéist dat beleiwtesten Argument vum NEE, dat een déi lëtzebuerger Nationalitéit jo esou einfach géif kréien.
Et war awer och en Vote géint jonk Leit, deen esouguer nach méi staark war wéi dee géint Auslänner_innen. Dat deet enorm wéi, grad well dach vill 16-Jähreger mat Trakteren ënnerwee sinn an do all Dag méi krass Entscheedungen treffe wéi bei enger Wahl.
Ech weess net méi, wat ech soe sollt. D’Resultat vum Referendum huet an der Däitlechkeet iwwerrascht. An et wéist virun allem, datt et net duer geet, dauernd ze behaapten, e Land wier tolerant an weltoppen. Well dat ass Lëtzebuerg just, wann et ëm auslännesch Firme geet, déi sech hei gären Tax-rulen wëlle loossen.
Zum Schluss da nach eng positiv Note: Laut TNS-Illres mengen 67% vun de Leit, datt Auslänner_innenwahlrecht eng Fro vun der Zäit ass.
An honnert Joer dann.