Bierger. Schnéi. Alles Baueren. An d‘Leit schwätzen all sou komesch. Dat ass keng Opzielung iwwer Éisterräich, mä eng Réi vun de Klischeeën, déi een ze héiere kritt, wann een d‘Wuert „Éislek“ seet. An et sinn net nëmmen déi komesch Virstellunge vun engem héijen Norden, deen eng romantesch Phantasiewelt voll mat seelenen Déieren an Schnapsbrennereien soll sinn, déi een beschäftegen. Et ass virun allem d‘Fro, wou d‘Éislek dann ufänkt, déi dacks zu hëtzegen Diskussioune féiert.
Hanner Walfer. Hanner Beetebuerg. Dat sinn déi klassesch Äntwerte vu Leit, déi entweder rondrëm d‘Stad oder am Minett wunnen. Natierlech ass an deene Äntweren eng gewëss Portioun Humor, mä sou richteg kloer schéngt d‘Äntwert net ze sinn. Dofir schwätze mir haut serieux iwwert dat Thema.
D‘Éislek, dat ass am Fong de Numm vun enger geologescher Formatioun, déi „rhäinesche Schifer“ genannt gëtt. Dat ass sou blo-schwaarze Steen, dee gären an dënne Schichten ofbrécht. An eisen Nopeschlänner heescht dat „Mittelgebirge“, dat mir Éislek nennen; Ardennen oder Eifel. Entstanen ass dat iwwregens am ënneschten Devon, also viru ronn 416 Millioune Joer. Do war d‘Éislek een flaacht Mier. Dunn koum et zu geologesche Faltungen, de Botter ass deier ginn, d‘läscht Joer gouf et e Referendum, an sou weider. Hale mir eis net ze vill mat langweilegen Detailer op.
Mir wësse lo also: Mir musse kucken, wou Schifer ass, fir erauszefannen, wou Éislek ass. Den éischte Bléck op eng geologesch Kaart verréit eis dann, dat dat ganzt awer e bëssi méi komplizéiert ass, wéi een gemengt hat. Zum Gléck musse mir eis als Laien trotzdem net op eng pyschedelesch gefierfte Kaart verloossen. Mir mussen och net de Spuert huelen an hoffen, datt mir no e bësse Gruewen erausfannen, wat dann elo fir een Steen eisen Ënnergrond bild. Et gëtt quasi eng offiziell Definitioun vun der Linn, wou d‘Éislek ufänkt.
]Déi fënnt een natierlech an der Wikipedia. Dir hutt vläit scho probéiert, den Artikel iwwert Éislek ze fannen, wéi ech ugefaangen hunn ze schwätzen. Fir dann dem Radio entgéint ze jäizen „Du hues Onrecht! Hei steet awer eppes ganz aneres!“ Dat wäert haut net méiglech sinn. Pardon. Mä ech komme vum Thema of: d‘Linn, déi d‘Éislek vum Gutland trennt, ass sech relativ einfach ze verhalen, well déi zwou Uertschaften heesche quasi d‘selwecht. Am Westen ass et d‘Uertschaft Rued an der Gemeng Ell, déi d‘Grenz mécht. An am Osten ass et Roth an der Our op der däitscher Säit ënner Veianen.
Dat ass vläit lo bëssi komesch, denkt dir. Well dat ass keng riicht Linn vu Westen no Osten, mä eng, déi queesch duerch d‘Land geet. An domadder kommen ech bëssen op de Punkt vun der haiteger Episod, deen och op dem Fändelche vun engem Yogi-Téi hätt kéinte stoen: Et ginn am Liewe vill manner riicht Linnen, wéi een dat kéint mengen. D‘Éislek fänkt nu mol eben net un engem gewësse Breitegrad un.
Leider ginn et do lo natierlech Géigenargumenter. Vill Leit verwiesselen „ de Norde vum Land“ mam Éislek an sinn dofir der Meenung, datt zum Beispill alles, wat am Wahlbezierk Norde läit, an d‘Éislek fale misst. Oder datt Nimm wéi „Nordstad“ en kloren Indice dofir wieren, datt dat am Éislek léie géif. Dat ass leider alles net ganz richteg. An och op der A7, der „Nordstrooss“ gëtt et een brongt Schëld wou „Éislek“ drop steet. Dat steet op der Héicht vu Colmar-Bierg, also südlech vun eiser Rued-Roth-Linne. Bon, déi brong Schëlder op den Autobunnen si jo am Fong just dofir do, datt een laanscht fiert an sech denkt „Ah flott, hei ass also datandat“ an vläit bëssi vum Gas rof geet fir riets a lénks d‘Landschaft ze kucken an sech ze froen, ob een da lo eppes wichteges verpasst hutt.
Jo, léif Generatioun Y: Dat mat der „Fear of Missing Out“ hu net mir erfonnt. Dat hunn déi Leit erfonnt, déi déi brong Schëlder op d‘Autobunnen an der ganzer Welt gesat hunn. An well een op enger Autobunn dann awer séier fiert, ginn déi Schëlder ëmmer e puer Kilometer virum dem, wat se eigentlech weisen, opgestallt. Sou einfach ass dat.
Okay Joël, wäert dir lo soen, mä ass „Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg“ net een politesche Kommentar an wat huet déi domm Fro, wou d‘Éislek ufänkt, da lo mat Politik ze dinn?
Ma de Norde vum Land, a besonnesch d‘Éislek, ginn dacks sou bësse vergiess. Do sinn schéin Naturparken, d‘Tourist_inne ginn do Schlässer ukucken an eng Kéier am Joer ass zu Wolz e Festival. An soss? De Fait, datt de neisten urbane Projet – déi sougenannten Nordstad aus de Gemenge ronderëm Ettelbréck an Dikrech – net am Éislek läit, seet villes. Ween am Éislek wunnt an op d‘Uni Lëtzebuerg studéiere well goen, muss sech entweder op vill Stonnen am Auto oder nach méi Stonnen am Zuch astellen. Oder sicht sech eng bëlleg Wunneng am Minette. Haha, pardon, dat war natierlech e Witz. All Kand weess, datt et zu Lëtzebuerg guer keng bëlleg Wunnenge gëtt.
Ee Grond, wisou d‘Éislek vläit dacks vun der Politik vernoléissegt gëtt, ass de Fait, datt vun eise 60 Deputéierten der ganzer 9 aus dem Bezierk Norde kommen. An déi grouss Populatiounszentren an dem Bezierk léien zum groussen Deel mol net am Éislek. Vill Infrastrukturprojete ginn am Zentrum oder am Süde vum Land ëmgesat. Do wunne jo schliisslech vill Leit. Dat féiert awer dozou, datt déi wéineg, déi am Éislek wunnen, ëmmer méi wäit Weeër op sech huelen. Wéi mir d‘läscht Woch geléiert hunn, maachen se dat mam Auto. Déi politesch Konzentratioun op de südlechen Deel vum Land ass also weder nohalteg, nach ecologesch.
Iwwregens gouf et eng Ëmfro, no där 70 Prozent vun de Lëtzebuerger_innen fir een eenheetleche Wahlbezierk wieren. Dat kéint déi Dynamik vläit e bësse bremsen. Mä iergendwéi wollt déi Fro keen an engem Referendum stellen.
Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: