Click here for an English Translation by Jorg Willekens. Thanks a lot, Jorg!
Eng gutt Frëndin vu mir sot mol, d‘Leit sollten net esou dacks de Begrëff „kafkaesk“ benotzen. Also sou am Stil vun „Ech war haut am Supermarché an et gouf kee Kinder Maxi King, voll kafkaesk!“. Ech denken, datt meng gutt Frëndin Recht domadder hat, mä et ginn awer trotzdem ëmmer nach Situatiounen, wou den Begrëff ubruecht ass. An den Luxleaks-Prozess ass esou eng Situatioun. Déi zwee Whistleblower Antoine Deltour an Raphaël Halet an de Journalist Édouard Perrin sti viru Geriicht, wéi dir wahrscheinlech mat kritt huet.
A wat sech an dem Geriichtssall sou ofspillt, dat ass wierklech fir sech ze schummen. Et kann een natierlech soen, dat ganzt ass eben ee Fall fir d‘Justiz, ëmmerhi sinn privat oder geheim Dokumenter geklaut an dunn verëffentlecht ginn. Mä et ka wuel kee soen, datt déi Dokumenter net een ëffentlecht Interessi gehat hätten. Also, fir de Recht vun der Welt. Lëtzebuerg hat net sou den Interessi dorunner, datt d‘Praxis vun den Tax-Rulings un déi breet Ëffentlechkeet komm ass. Et wäert wuel och dowéinst sinn, datt an dem annerhallwe Joer zwëschen der Verëffentlechung vu Luxleaks an der Uklo keng Gesetzesännerung komm ass, déi Whistleblower wéi den Antoine Deltour an den Raphaël Halet schütze géif.
A wenn lo mengt, datt just d‘Verteidegung de Prozess politiséiere géif, deen iert. Och wann et op den éischte Bléck sou klengt, wéi wann et haaptsächlech ëm de Vol vum Dokumenter géif goen: dem Deltour gi politesch Motiver virgeworf. Sou schéngen sech déi lëtzebuergesch Police an déi intern Ermëttler vu PWC eenz ze sinn, datt den Antoine Deltour aus antikapitalistescher Iwwerzeegung gehandelt hätt. Beweiser dofir sinn net ieren eng Bibliothéik mat Marx, Engels an Lenin, mä zwee Newsletteraboen. Ee vu Mediapart an een vun deene Gréngen. An mir wëssen alleguerten, datt déi läschte Kéier, wou déi Gréng antikapitalistesch waren, nach kee wosst, wou Tschernobyl géif léien.
Mir sinn domadder also kuerz bei engem vu mengen aktuelle Liiblingsthemen: der Meenungsfräiheet. Et schéngt zu Lëtzebuerg also iergendwéi kriminell ze sinn, eng antikapitalistesch Astellung ze hunn. An lo denkt dir mol alleguerten no: Hat dir scho mol eng Kéier d‘Iddi, datt een System, deen déi Räich ëmmer méi räich an déi aarm ëmmer méi aarm mécht vläit dann awer net sou den allerbeschte kéint sinn?
Also sou eventuell eben? Ganz theoretesch?
Jo?
Sot dat léiwer net ze haart.
An denkt dräi Joer zeréck. Do hate mir een Geheimdéngschtskandal. Dat, wisou mir lo eng aner Regierung hunn wéi soss, ne? Ween eng gutt Memoire huet, weess, datt do raus komm ass, datt eng ganz Rëtsch vun oppositionellen Organisatiounen iwwerwaacht gi sinn. An well dee ganze Skandal nach ëmmer net opgekläert ass – wisou och, d‘Regierung ass jo lo an der Regierung – wësse mir net, op sou Organisatioune vläit net nach ëmmer iwwerwaacht ginn.
Mä zeréck zum Luxleaks-Prozess: Do sinn e puer spannend Saachen erauskomm. Natierlech net vun offizieller Säit. Lëtzebuerg huet een staarkt Amtsgeheimnis, an sou huet den Guy Heintz, Direkter vun der Steierverwaltung, näischt konnte soen. Well rot mol: Mir maachen net nëmmen Deals mat multinationale Firmen, déi da bei eis 0,5% Steiere bezuelen, mä déi Deals sinn och nach geheim.
Zum Gléck konnt den zweete Whistleblower, den Raphaël Halet, dee bei PWC an enger Sektioun geschafft huet, déi sech ëm d‘Opbereedung vun Dokumenter gekëmmert huet, e bësse weisen, wéi zu Lëtzebuerg geschafft gëtt. Ee Mëttwoch am Mount gouf et een fixe Rendez-Vous vu PWC beim Steierbüro Sechs, wou d‘Steierulingen ënnerschriwwe gi sinn. PWC huet déi Dokumenter schonn um Bréifpabeier vun der Steierverwaltung ausgedréckt, fir datt et méi séier géif soen. „Méi séier“ heescht an dësem Fall: Et ass sech ganzer dräi Minutte pro Dokument Zäit geholl ginn.
An well alt mol een USB-Stick verluere gaangen ass oder een Beamten d‘Passwuert vun esou engem Stick vergiess huet, hunn PWC an d‘Steierverwaltung eng eege Cloud opgebaut, fir Dokumenter méi séier auszetauschen. Eng Steieruling-Dropbox, souzesoen.
An wann iech dat nach net krass genuch virkënnt: Denkt dorunner, datt PWC net dat eenzegt Member vun den „big four“ ass. Nierwt PWC gëtt et och nach Deloitte, Ernst & Young an KPMG. Déi meescht Méint hunn véier Mëttwocher, de Recht muss sech jiddereen*t selwer denken.
Hale mir fest: Et gesäit esou aus, wéi wann op mannst een vun den „big four“ sou eng mat der Steierverwaltung zesummeschafft, datt een se schonn als Deel dovunner bezeechne kann. Mir wëssen och, datt vill Gesetzer, déi vum Krautmaart gestëmmt ginn, aus der Fieder vun deene Fiduciaire kënnt. An dir hutt gemengt, wann Net-Lëtzebuerger*innen wiele kéinten, géif mir eis Souveränitéit verléieren.
Et ass fir ze katzen.
Hale mir ausserdeem fest: d‘Politik – souwuel déi haiteg Oppositiounspartei CSV wéi och déi dräi Regierungsparteien, déi och zum Deel mol géint sou Rulinge ware, sinn um Standpunkt datt näischt illegales un deene Praktiken drun war. Mä dem Antoine Deltour säi vermeintlecht Antikapitalismus ass fir eis Justiz een Motiv. De Grand-Duché ass am Fong een failed state, an deem d‘Wirtschaft d‘Muecht iwwerholl huet. Wéi an sou engem dystopeschen Cyberpunk-Film, just ouni de Punk an mat wéineger Cyber.
Et ass sou fir ze katzen, souvill kann een guer net iessen, net mol wann et Fierkel à la volonté gëtt.
Ee gudden Aspekt huet dat ganzt awer: Mir mussen eis keng Suergen ëm de Nationbranding méi maachen. Nom Luxleaks-Prozess wäert déi ganzt Welt Lëtzebuerg, dat hannerhältegt Stéck Schäiss kennen.
Dës Episod vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg gouf iech presentéiert vu RulingCloud! RulingCloud ass een Start-Up ass dem „Silicon Luxembourg“. Dir sidd eng Fiduciaire an schreift Steierdokumenter, déi déi lëtzebuergesch Steierverwaltung ënnerschreiwe sollt? Dir wëllt een Gesetz op den Instanzewee bréngen, dat Lëtzebuerg zu engem nach méi flotte Steierparadäis mécht? RulingCloud bidd iech all d‘Funktionalitéiten, déi dir dofir braucht. Natierlech ënnert deene strengste Sécherheetsmoossname mat agebautem Leak-Schutz! RulingCloud ass een Produit made in Luxembourg.
Lëtzebuerg: oppen, dynamesch zouverlässeg.