Angscht a Schrecken mat engem Wupp

“Een Thü … ah nee, dat heescht jo elo “Lëtzebuerger Grillwurscht”, seet eng Fra, a mir grinse just a soen “Mir wësse jo, wat gemengt ass.” De Lëtzebuerger u sech huet déi Geschicht mam Thüringer nach net ganz verdaut, well weder “Lëtzringer” nach “Lëtzebuerger Grillwurscht” sech immens gutt soen. An méi Kreativitéit kann ee Leit, déi “hier” Wurscht geklaut kruten, och net wierklech zoumudden. An esou Momenter kann ee bal verstoen, dat sech vill Leit iwwert d’EU-Bürokratie opreegen. Déi kéint deenen “beklauten” Länner, déi hier Wurschten op ee mol net méi esou nennen dierfe wéi virdru jo een alternativen Numm erfannen. Dat géif den Euroskeptizismus vläicht ëm e puer Prozentpunkten erof drécke …


Mir hunn also gegrillt, virum Cactus Howald, fir e puer Suen an d’Krichskees vum Radio ARA ze kréien. Iergendwann wëll ee jo vläit een néie Sender bauen oder soss Investitioune maachen. (Wann dir hëllefe wëllt: eis Kontosnummer steet op eiser Internetsäit) Ech sinn no enger kuerzer Odyssee mam ëffentlechen Transport kuerz no Eng um Howald ukomm an hunn direkt emol geléiert, wéi ee Béier zaapt. Also, lëtzebuergesch, mat schéi vill Schaum uewen drop.

Eng weider Beobachtung aus dem Räich vun de Wuppen: eng lëtzebuergesch Grillwurscht geet ëmmer, fir de klengen Honger zwëschenduerch, eng Mettwurscht an eng Wurscht mat Edamer sinn éischter ganz Molzechten. Ech hunn ee Breidche giess mat bësse vun den Zoossen, déi mir fir op de Wupp ugebueden hunn, well ech essen kee Fleesch, bis et net an der Petrischuel geziicht gëtt.

Bei den Zoosse sinn d’Lëtzebuergerinnen zimlech traditionell, wéi mir beobachte konnten: haaptsächlech Moschtert kënnt op de Wupp, Ketchup schéngt fir vill nach ze nei an exotesch ze sinn.

Iergendwann sinn manner Leit komm, déi Grillwurschten an Mettwurschten an Wurschte mat Edamer wollten an ech stoung an der klenger Roulotte hannert der Zaapanlag an hunn op d’Stad erof gekuckt. Do sinn ech mir dunn a be mol immens lëtzebuergesch virkomm, sou zwësche Béier, Wurschte mat Moschtert a virum Cactus.

Bei dem Gedanken, elo geschwënn begeeschtert d’Nationalhymn ze sangen an just mat engem Roude Léif-Fändel bekleet ronderëm ze lafe, si meng zwee al Bekannten Angscht a Schrecken opkomm. Dat léi war den Zentrum vum lëtzebuergeschen Dram: een Akaafszentrum an virdrun eng Grillwurscht, bei mëllen Temperaturen, angenehm Loftfiichtegkeet a mat vill Parkplazen.

Ech konnt just nach un d’Flucht denken …