Angscht a Schrecken am Tram

Ech sinn jo bekannterlecherweis e grousse Frënd vum ëffentlechen Transport. Dat läit engersäits u mengem net-existenten Führerschäin a menger Onloscht, an enger dach zimlech hiwweleger Stad wéi Wien mam Vëlo ze fueren. Anerersäits awer u mengem Öko-Hellegeschäin, dee kräfteg an hell blénke soll. Dat spuert d’Täscheluucht am Däischteren …


Mam Tram fueren ech besonnesch gären. Zu Wien heescht den Tram offiziell „Straßenbahn“. Net ze verwiessele mat der S-Bahn. D’S-Bahn ass d’Schnellbahn., an dat ass een richtegen Zuch, mat deem e schnell wäit Strecken ënnerhalb vun der Stad zeréckleeë kann. Den Tram, zu Wien och dacks „Bim“ genannt, ass dat, wat déi meeschte Lëtzebuerger vun der belscher Plage kennen. Zu Wien fiert den Tram net um Strand laanscht, well et leider kee Mier gëtt. Dofir awer méi wéi nëmmen eng Linn. Ech huelen dacks d’Linn Nummer 38, oder wéi d’Wiener soen: „die Ochtadreissiga“. An wéi esou vill ëffentlech Transportmëttel huet och d’38er hir Tücken.

D’Endstatioun vun der Linn 38 ass zu Grinzig, dat ass ganz um Enn vu Wien. Do sti scho relativ vill Wäibierger an deementspriechend Lokaler. Déi Lokaler nennt een „Heurigen“ an do gëtt et nieft vill Wäin och Hausmanns- an Hausfraaenkascht an vill Wäin. Dat sinn natierlech och Touristenattraktiounen. Et muss ee wëssen, dat Wien dat fäerdeg bréngt, wat soss an Europa schwiereg schéngt: Eng Kombinatioun vu Béier- a Wäinkultur ouni Schisma. D’Éisterräischer_innen sinn tendenziell éischter EU-skeptesch, dobäi hunn si um Alkohoniveau schon en wichtege Schratt an der europäescher Integratioun gemaach.

Wann een sech also Owes an den 38er setzt, zum Beispill well een als Gonzojournalist zu spéider Stonn op eng héichgeféierlech Missioun um aneren Enn vun der Stad absolvéiere muss, dann ass do meeschtens schon eng zimlech fiicht-freeschlech Gesellschaft dran. Meeschtens sinn dat dann däitsch oder éisterräichesch Touristen an Touristinnen, déi een oder méi Pätt an engem oder méi Heurigen ze vill gedronk hunn. An deementspriechend haart sinn. Angscht a Schrecken hunn e Joeresabonement fir déi Linn.

D’Sensatioun, déi ech hunn, wann ech volle Leit, déi haart laachen an sech net drun erënnere kennen, wou se mussen erausklammen (meeschtens eng grouss, véierspuereg Strooss mat enger impressionanten Eisebunnsbréck an der Mëtt, op der d’Ubahn fiert) nokucken, ass … komesch. E bëssen esou, wéi wann een als Kand seng eegen Eltre voll erlieft. Just, dat et eben net meng Eltre waren, déi do souzen, gelallt an iwwert all däämlech a platt Bemierkung, fir déi sech esouguer de Mario Barth géif schummen. D’Hell, dat sinn déi aner, géif de Satre soen. Leider souz kee franséischen Existenzialist am Tram, mat dem ech déi Fro hätt kéinten diskutéieren. Am Allgemenge froen ech mech, ob et wierklech esou eppes wéi „Fremdschämen“ gëtt oder ob ech wierklech just peinlech beréiert vum Behuele vun deene Leit war. Ech hunn voll Leit net gären. Och dann, wann ech selwer voll sinn. Ob mannst net, wann se extrem haart an topeg sinn.

Ech fueren am Fong wierklech gären Tram. Ech hat mol fir, eng Radiosendung an enger Tram opzehuelen, mä leider fueren déi meescht Linnen net laang oder wäit genuch, fir dat wierklech ëmsetzen ze kennen. Bis virun e puer Joer ass um Ring, eng Prachtstross am Zentrum vu Wien, een Tram am Krees gefuer. Mä dës wonnerbar Institutioun huet misse moderner Verkéiersplanung noginn. Un reeneregen Deeg géif ech mech gären an den Tram setzen an am Krees fueren, ëmmer an ëmmer erëm.

Zeréck an den 38er. D’Touriste sinn aus dem Wagon getrollt, net ganz sécher, ob se richteg wieren oder net. Ech war mir och net sécher, mä et war mir egal. Haaptsaach rou. Zwee Jugendlecher klammen eran, och si hunn anscheinend och schon méi gedronk wéi ech. Eppes, wat mech beonrouege sollt. An fréien Episoden hunn ech jo dacks festgestallt, ech géif ze man drénken. Ee vun hinnen huet een schwaarzt Hiem un, dat komplett ofgeknäppt ass. Seng rosa Haut liicht am Kontrast an hien zielt sengem Kolleg vu sengem Häerzschmerz. Dobäi schwätzt hien natierlech Wiener Dialekt, all zweet Wuer ass entweder „Oida!“ oder „uuuurrr“, woubäi „Oida“ „Alter“ heescht an „ur“ eng Verstärkungsform ass, also „ur gut“ oder „ur traurig“. Hien ass natierlech éischter „ur traurig“, well seng Frëndin hie verlooss huet. An zielt sengem „Oida“, dat hat ni méi esou een Jong wéi hie wäert fannen.

Am vireschten Deel vum Wagon setzt eng Grupp jugendlech, déi – an dat guer net emol schlecht – een Medley vu Bob Marley-Lidder sengt. Passend, deen ass jo och lo 30 Joer doud.

Angscht a Schrecken, dat sinn déi aner. Mä ouni de Jean-Paul ass dat eenzegt, at hëlleft, d’Flucht an den Ënnergrond …