Angscht a Schrecken op engem Freidenowend am Theater, zu Tréier an soss terroriséierenden Plaatzen

Och als Gonzojournalist muss een sech alt heinsdo méi gehuewener Kultur widmen. Dofir hunn ech entschloss, mir mat e puer Kollegen en Théatersteck vum Moliere unzekucken …


Mir haaten am Fong ausgemaach, mir géifen eis bei engem Kebap an der Staadt treffen fir gemitterlech eppes ziessen, durno een, zwee Béier ze drenken an dann an der richteger Stemmung e bessen Kultur opzehuelen, fir duerno d’Festplack ze formartéiren. Daat op manst waar den graffen Plang vum Groußdeel vum Grupp, ech perséinlech haat – gonzo oblige – een liicht aaneren Plang. Mee dozou méi speit.

Ech waar als eischten do. Öffentlechen Transport gewennt eben dach méi oft, wéi een mengt. Eng Véirel Stonn gewaard. Keng Sau do.
Fréiher hätt en wahrscheinlech nach gewaard oder wier alleng een saufen gaangen an hätt seng Frenn verdaamt. Mee am Zaitalter vun der Kommunikatioun hunn mech jo d’Méiglechkeet, eis zu all Moment ze soen, wou mer drunn sinn, an esou kruut ech dann Meldung, daat den zweeten geschwen do wier.

Hien haat en breed Grinsen drop an huet mer gesoot, en wier schon ziemlech steif.
Main Honger op türkeschen Fastfood waar fort.
Drogenkonsum an enger daischterer Saitenstross.

Durno an en Café. Mir waar e bessen dronken, dofir hunn ech mir geduercht, mat engem Guiness kéint een naischt falsch maachen. Ech sinn jo der Meenung, daat Guiness iwerhaat keen richtegen Béier ass, mee een extrem belleg ze produzéiren Schaum-Konschtstoff. Nach Mettes haat mir een Mann, deen et wessen muss, vun den 21 Aldehyden, déi an all Béier ze fannen wieren, geziehlt. Esou eppes mescht mir Angscht. Déi eng Leit behaapten, Béier wier een vun denen gesondsten Liewensmettel, voll mat Vitaminen an esou nahrhaft, daat een glaat op fest Nahrung verzichten kann. An dann schengt Béier awer och voll mat geftegen, kriebsereegenen Substanzen ze sinn. Angscht a Schrecken.
Et géif mech net wonnern, wann se eis geschwen géifen soen, daat den letzebuergeschen Béier aus dem schwéieren Waaser aus dem Reaktor vun Cattenom gebraut ged.

No dem Glaas an e puer Schnitterscher, déi et an der Bar, déi no engem Transportmettel benannt ass, komescherweis fir naischt ginn sinn, hunn mir eis dunn op de Wee fir an den Theater gemaach. Daat ganzt huet am Theatre du Centaure statt fonnt, waat am Fong net vill méi wéi en Lach am Bueden ass, wou se Theater spillen.

Verschidden Leit hunn onbedengt missen op d’Toilett. An waat luch do méi no wéi an eng daischter Saitenstross widdert eng Mauer ze seechen? Richteg, den Radio ARA. Mat mengem Schlessel hunn ech e puer Leit rop geschleist an hinnen d’Toilett gewissen. Ech währendem hunn mir eng Fläsch Béier aus dem Automat gezunn (den bellegste Béier an der Staadt ged et an dem Automat!) an se ziemlech schnell eidel gedronk.
Mir waar nach emmer bessen dronkeg an ech wosst net esou richteg, ob ech lo immens vill Loscht hätt, fir mech aan een daischtren Keller ze setzen fir do Theater ze setzen. An schons ass et eng Wendeltraap erof gaangen an den klaustrophobeschen Theater. Dem sain Numm ech net verstinn, well wann an dem Lach sollt een Zentaur setzen, daat wier wahrscheinlech en ziemlech klengen Zentaur, een Bébé-Zentaur, esouzesoen.

Angscht a Schrecken sinn méi grouss ginn, je méi Traapen ech erof geklommen sinn. Den Gang ass emmer méi eng ginn. An dunn um Enn vun der Traap, wou ech am Fong just nach en klengt Lach an eng Rutschbahn erwaard haat, stoung dunn en Apple-Computer, den genausou waiß wéi d’Maueren waar an op deem se d’Caisse gemaach hunn.
Daat huet iwerhaat net gepasst. Ech haat mir erwaard, d’Caisse an dem Ennergrondtheater géif op vergilbten hellgiele Ziedelen passéiren.

Mir hunn Plaatz geholl. Daat heescht, ech kruut eng Plaatz um Eck an hunn déi ganzen Zait missen main Kapp schief haalen, well d’Mauer eben en Gewölbe waar an domadder ziemlech kromm.
Ech hunn mir leiwer net virgestallt, waat géif passéiren, wann et an dem Lach géif ufänken mat brennen. Alt erem Angscht a Schrecken.

Iwert d’Steck selwer well ech net all ze vill soen, ech kennen mech mat esou eppes jo net aus. Et haat eppes aales, och wann verschidden Elementer immens modern emgesaat waaren. Moliere ass net daat einfachst franseisch, mee et waar secherlech interessant emgesaat.
Jo, ech hunn lo tatsächlech eppes während der Serie „Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg“ geluewt. Och daat kennt vir. Am Fong ass et guer net esou seelen, wéi vill Leit emmer mengen.

No dem ganzen Theater an dem emgebauten Wainkeller ass et dunn em d’Fro gaangen, wouhinner mir elo géifen goen. Als Äntwert ass dann prompt „Clausen“ komm.
An domadder Angscht a Schrecken bei mir. Ech fannen daat Clausen artificiel wierkt, vill ze vill propper, ze poléiert, net gewuess genuch.
Ausserdem hunn ech eppes géint daat Bild vun laangen Schlangen an een Türsteher, deen d’Leit no irgendeppes bewärt an se demno ranleißt oder net. Mee anscheinend sinn d’Rives de Clausen an dem Fall jo Affer vun hirem eegenen Erfolleg.

Virdeischt awer nach mam Auto op den INS gefuer, well do sinn jo gudd Parkplaatzen. Anscheinend schloofen d’Leit do am Auto an fueren dann moies mat engem gewaltegen Kueder heem. Oder esou. Ech hunn mech een Moment laang gefroot, ob et net méi wait wier wéi zu Fouss vun der Uwerstaadt an Clausen ze treppelen. Mir ass dun awer eng extrem geih an rutscheg Traap gewissen ginn, déi besonnesch am vollen Zoustand immens flott muss sinn, virun allem wann een se rop ged.
Drogenkonsum op engem daischtren Wee erof an Clausen.

Clausen also. Angscht. Den Verso also. Schrecken.
D’Clientel: ziemmlech jonk.
Den Stil: H&M-Chic, wéi gewessen Leit soen géifen.
Angscht a Schrecken heich zwee. Mee mat genuch Alkohol wier daat secher ze erdroen, an sou hunn ech dankbar all Béier geholl, deen mir ungebueden ginn ass.
Och Shots sinn verdeelt ginn. E bessen ze séiß, mee ech wann schon een mir een ausged, soen ech dach net nee. Derweil huet sech daat Etablissement emmer méi mat H&M-Chique gefellt, an mir ass et emmer méi ellen ginn.

Mee ech haat esouwiesou eng Rettung. En Kolleg sollt mech op den Glacis féiren, vun wou aus ech op Tréier sollt. Déi berühmt berüchtegt Luke stoung um Programm.
An den Auto, an mat deem virdeischt an eng Fast Food-Ketten, déi héi zu Letzebuerg verbueden ass. An waat héi verbueden ass, schmaacht am Ausland emsou besser. Dofir ged et komescherweis en Kult em déi Fast-Food-Ketten, deen ech net novollzéien kann. Normalerweis hätt ech wahrscheinlech meng üblecht Priedegt gehaalen, waat d’Qualitéit an d’Wertschätzung vun esou Iessen gehaalen, mee an mengem momentanen Zoustand waar ech ganz frou, wann ech och eppes ziessen kritt hunn, an fritéiert Saachen schmaachen och an iwerbewerten Fast-Food-Ketten.

Dann also an déi berühmt berüchtegt Luke. Daat een ziemlech groussen Betrieb mat e puer Säll. Mir kruuten en Stempel op den Aarm gedreckt an sinn bis ganz hannen aus gaangen. Erem en Béier. Irgendeppes waar hei komesch. Ech konnt net genee de Fanger drop leen, mee den ganzen Setting huet mir Angscht gemaach. Vlaischt waar et den Spiggel, deen ech laang fir eng Fenster gehaalen hun. Ech hun geduercht, den Raum wier duerch eng Mauer an zwee Deeler getrennt an et kéint een do duerchkucken op déi aaner Sait. Bis mir dunn irgendwann opgefall ass, daat dem net esou waar an et tatsächlech en Spiggel waar, deen ech do fir en Duerchbroch gehaalen haat.
Ech haat ausserdeem daat ongudd gefill, daat den Rastamann sech héi kéint ophaalen an kromm Geschäfter mat sengen Drogenkollegen maachen. Dann gouf et nach en Gothic-Treffen irgendwou zu Tréier. Déi ganz Stadt waar also voll mat méi oder manner gudd verkleedten Möchtegern-Vampiren. Keng immens gudd Virausetzungen fir en Gonzojournalist, den net mol méi am Stand waar, en Spiggel vun engem Lach ze ennerscheeden.
Angscht a Schrecken haaten mech.

Waat sollt den ganzen Trip? Moliere, Clausen, H&M-Schick, Fastfood, Luke, Gothictreffen… daat waar alles ze vill fir een Owend. Ech waar net bei der Saach. Ech hun alles nemmen passiv materliewt, hun beobacht am Plaatz ze reagéiren.

Daat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht.
Op manst bis op déi nächst Tankstell…