Et ged Saachen, iwert déi wellt en herno net méi schwätzen. Bei Politiker sin daat Ofstemmungen, déi en trotz quasi-Diktatur an 50 Joer un der Muecht verlueren huet. Bei amerikaneschen Staren sin daat d’Privat-Pornovideoen, déi en mat sengem zweeten Exmann gedreint huet an déi elo am Internet ze fannen sin. Beim Adel sin daat eventuell oftrenneg Bridder an virun allem verlueren Schong. (cf. Episode 58). An bei mir ass den néien Logo vum Radio ARA.
Am Fong sollt en jo hannert sengem Radio stoen, esou Entscheedungen och dann verteidegen, wann en se selwer net gudd fennt an virun allem ob der Antenne naischt beises iwert den eegenen Radio soen. Ech well dofir nach eng Kéier kloerstellen, daat Angscht a Schrecken eng satiresch Serie ass. An et geht net drëms, irgendeppes schlecht ze maachen. Oder vlaischt dach, e weineg. Eigentlech sin déi Saachen all esou. Mee heinsdo fuerdert den Gonzo am Gonzojournalismus einfach, déi Begreffer wéi „Eier“ an „Treiheet“ an den Kleederschaaf bei déi restlesch Monsteren vun der politischer Rhetorik ze drecken an einfach d’Wourescht ze soen.
D’lescht Woch waar also d’Präsentatioun vum néien Logo vum Radio ARA. Nodeems ech daat ganzt jo schon bei der ominöser Agentur gesin haat, déi verdächteg waiss Mauern haat, waar ech net wirklech gespaant op daat, waat do geif präsentéiert gin. Eischter op d’Reaktioun vun de Leit.
Déi ganz Veranstaltung sollt also an der Jugendherberg am Gronn oflaafen, wou virun ongeféier engem Mound meng Aventure um Wenzelspfad (cf. Episode 58) ungefaangen haat. Wéi wann ech net schon genuch schlecht Erennerungen un daat Lach ennert der Uwerstaadt hätt.
Op alle Fall sin ech dann also mat aaneren ARA-Leit dohinner. Wéi mir ukomm sin, souzen déi zwee Härren vun der Agence bei engem Glas Béier an hun mam Direktor vun Radio ARA déi lescht wichteg Detailer fir d’Präsentatioun ofgeklärt. Et sin eng ganz Retsch vun Leit angetraff, déi obskur Sendungen maachen an deelweis och während hiren Sendungen Lächer an d’Mauer bueren.
Ech souz net nemmen zweschen zwee Descher, mee och zweschen zwou Diskusiounen. Ob der enger Sait ass nach iwer aal Zaiten an Präsentatiounsdetailer geschwaat gin, ob der aanerer ass et em all meiglecheges gaangen, wéi zum Beispill Jazz, Graffiti, Retro-Diskoen irgendwou an der Brousse an soss ARA-relevant Geschichten.
Angscht a Schrecken sin eng eischten Kéier opgetaucht. Ech souz ob enger denkbar schlechter Plaatz, well ech vun denen zwee Gespreicher net wirklech eppes matkruut an esou neirens wirklech matschwätzen konnt. Vlaischt waar daat jo schon en schlecht Virzeechen?
Irgendwann sin mir dunn op den eischten Stack geleed gin, wou déi ominös Präsenatioun dann hiren Laaf sollt huelen. An engem hippen Konferenzraum mat engem immens schicken Beamer sollt meng perséinlech Angscht Nummer Eent, nämlech computergestetzt Präsentatiounen, alt erem eng Kéier wouer gemaach gin.
Wann Reihen mat Still an engem Sall stinn an Leit sech setzen sollen, well nie en Mensch sech an déi eischte Reih setzten. Wéi wann déi reservéiert wier fir wichteg Persounen wéi den Popst, den Rastamann oder méi oder manner duerchgedréinten Journalisten mat psychedeleschen Fotoapparaten. Ech hun mech einfach dohinner gesaat. E puer Leit hun et mir glaich gedoen. Ech wollt de Leit vun der Agentur awer keen schlechten Wellen entgeintbrengen. Vlaischt hätten se jo awer nach e puer Saachen un dem Logo, den ech gesin haat, geännert.
E puer Leit hun „Streber!“ geruff. D’Atmosphär waar also nach ganz locker. Ech selwer waar awer ungespaant. Irgendeppes huet mer net gefall. Ech hun quasi gespirrt, daat meng zwee aal Bekannten Angscht a Schrecken och irgendwou am Sall waaren, wahrscheinlech an der leschter Reih. Do, wou emmer déi souzen, déi déi aaner gepiesakt hun an mat klengen Pabeierkurrelen ronderem geschoss hun.
Et ass lass gaangen mat enger klenger Aféierung vum Präsident vun Graffiti. Durno huet dunn den Mann vun der Agence d’Wuert iwerholl. Hien waar net wirklech dorob virbereed, daat hien misst Franseisch schwätzen. Ech hun daat komesch fonnt. Et mescht en en Logo fir en Radio an et wees en net, daat do vill Leit net onbedengt Letztebuergesch verstinn? Ech waar der Meenung, et misst en sech iwert eng Firma oder Gruppéierung informéieren, iert en en esou eppes „perseinleches“ wéi en Logo fir se geifen maachen. Angscht a Schrecken sin lues an lues opkomm.
Op all Fall huet den Mann, den emmer, wann een him eng Fro gestallt huet, ganz opgereegt gin ass an dann virdeischt net wosst, waat en sollt äntwerten, an dann ziemlech gehackt geschwaat huet, den Logo virgestallt. Virdeischt huet en den aalen Logo gewissen, an erklärt, wiesou den gudd wier. An dunn huet en den néien Logo gewissen an erklärt, wiesou den nach besser wier.
Den Logo waar spatz. Op allen Ecken an Ennen waar de Logo spatz. Ausserdem stoung „ARA“ do. An enger Schreft, déi mech direkt un en chineseschen Restaurant denken geloss huet.
Ausserdem waar daat ganzt blo an greng gehaalen. Daat huet sech bessen gebass.
An dann gouf et nach drai komesch Flecken. Déi sollten de Kapp vun engem Papagei duerstellen. Fir verschidden Leit huet et einfach wéi Vulleschaiss ausgesinn.
Angscht a Schrecken haaten mech. Virwaat waar daat den néien Logo? Wiesou haaten se eng Schreft geholl, déi en och als Asia-Supermarché hätt kéinten huelen? An wiesou hun se gesoot, daat wier modern an awer och klassesch zouglaich? Zaitlos quasi. Et ginn och Saachen, déi sin zaitlos ellen. Komesch Schreften wéi déi gewiehelten geheiren an mengen Aan dozou. Emmerhin haaten se net Comic Sans geholl.
Irgendwann hun se nach weider Saachen mat nach méi komeschen Farwkombinatiounen gewissen. Eng Persoun, déi an der Reih hannert mir souz, huet sech no vir gebeckt an mir hun zu drai ungefaangen ze lästeren. Den Mann huet ganz roueg weidergeschwaat. Hien haat een immens gemittlerlechen Tounfall drop, sou daat dat ziemlech berouegend gewierkt huet. Fir een klengen Moment haat ech ganz vergiess, daat hien iwerhaat nach geif schwätzen.
Angscht a Schrecken sin durno komm. Vill Leit hun de Logo effektiv gudd fonnt. Lues an lues ass mir kloer ginn, daat, obwuehl vill Leit Problemer mat verschiddenen Saachen haaten, de Logo geif geholl gin. Et haat en schliesslech vill Geld un déi wahrscheinlech koksend Agentur bezuehlt, lo konnt en net einfach nee soen. Ausserdem haat de Mann sech jo vill méi gin. Oder ob manst e bessen.
Angscht a Schrecken sin méi an méi grous gin. An daat enzegt, waat elo nach geholf huet, waar d’Flucht an engem schnellen an vill ze vill haarden Wohn. Ob manst bis an déi nächst Pizzeria.