Angscht a Schrecken op engem komeschen Elektrofestival an engem ziemlech niwelegem Café

Heinansdo muss en, och wann en als Gonzo-Journalist den Rock an déi grous Gesten esou gären hued, sain Horizont erweiteren an sech aaneren Stilrichtungen ungin. An ech mengen domadder net, déi präfereiert Drog ze wieselen an mol eng Keier en Jogging unzedoen an sech an Handduch rondrem d’Schelleren ze leen.
Ech denken do eischter un en komeschen, fir net ze soen luschen Elektrofestival an engem Café, den sech selwer “Music Bar” nennt.


Wann en elektro seet, misst en daat vlaischt bessi besser erklären oder definéiren. Emmerhin kéint daat lo och BumBum-Techno a la Scooter sin oder et ged vun verschiddenen Leit domadder asozieiert. Always Hardcore, eben.
Ech hun de Scooter awer trotzdem irgendwéi mat op den Festival geholl. Ech haat nämlech en Tshirt mat enger Zeil aus engem vun sengen Lidder, déi, wann en se aus dem Kontext rappt, heinsdo nach en Senn erginn, drop un.
Et huet sech net em BumBum-Techno gedreint, mee eischter em Gefreckels an sphäresch Kombinatiounen. Ob manst deen Daag vum Festival, ob dem ech do waar. Ech kann also och nemmen fir den Daag schwätzen.

Et kennt en op esou engem Festival un, drenkt eppes an dann fänkt d’Musek anbeemol un. Mee irgendwéi kritt en daat net richteg mat an mengt, et wier nach Soundcheck oder esou, well et immens minimalistesch ass. Ech waar dann och nach sou blöd an hun meng Begleedung gefroot, op den Museker schons amgaangen waar.
Mee daat waar eigentlech och just bei denen eischten Performancen, durno ass et méi interessant gin an d’Musek huet engem Biller an de Kapp gezaubert.

Eng aaner Saach, déi eischter fir ze färten waar, waar de Fakt, daat et et lues an lues ziemlech niweleg gin ass. Also, am Lokal selwer. Dobaussen waar en super Summer Wierder, vlaischt e bessi lefteg, mee ob keen Fall waar eng heich Loftfiichtegkeet festzestellen. Am Café dogeint ass d’Siicht emmer an emmer méi dreiw gin. Zigarettendamp, den an dem klengen Raum net wirklech fort komm ass, huet d’Orienteierung relativ schweier gemaach. No enger gewesser Zait hun ech sou just nach op d’Bühn gesin, wou grell Luuchten duerch den decken Damp geliicht hun, mee den Contoir konnt ech net méi erkennen.

Angscht a Schrecken hun mech trotz dem Niwel fonnt. Geif ech je aus der Musekbar erausfannen? Waat geif mat mir passéiren, wann ech déi falsch Dir geif erwëschen? Ech hun mir virgestallt wéi ech d’Kellertraap geif erofaalen an an engem obskuren Raum geif landen, wou Leit wéi den Toni oder och nach den Rastamann setzen an Drogen ennertneen verdeelen. Déi Bar ass gerüchter no bekannt fir Leit déi gären mol hir Nues pudderen.

Ech hun probéiert déi onbequem Gedanken ze verdrängen an hun mech op d’Musek konzentreiert. Dobai sin mir Farwen an Formen an den Kapp komm an hun sech zu denen visuell verniwelten Andreck gesellt, déi op d’Mauer projezeiert gin sin. Während déi eng vun der Musek ausgeleist gin sin, haaten déi aaner relativ weineg domadder ze din an hun doweinst komesch gewierkt. Ech wosst net richteg, waat ech dovunner sollt haalen. Ech waar op engem komeschen Trip.
Mee et waar alles méi belleg an wahrscheinlech och méi gesond wéi en richtegen Drogentrip, also wollt ech mech net onbedengt bekloen. Och wann Angscht a Schrecken nach emmer lues an meng Oueren geflüstert hun.

Net esou lues hun e puer ultra-hip Persounen meng Oueren belästegt. Ech sin aus mengem Gratis-Trip erwäscht an hun mir nervegt Gelalls missen unheiren, daat ech net nemmen “Proll”-meisseg fonnt hun mee och nach op enger Trounlaag komm ass, déi main Trommelfell fiirchterlech gequält hun.

Ech sin jo bekanntermossen am allgemengen en Menschenfrend, mee ech hun eppes geint glaat gestylten Leit, déi aus engem Katalog vun enger Moudechaine mat zwee Buchstawen kéinten kommen. Mat enger klenger Ännerung: Se hun en T-Shirt vun enger fiirchterlech hipper Band un. Ech froen mech dann emmer, ob se eigentlech wessen, daat Musek zwaar enger Moud ennerworf ass, mee et eigentlech och em Téin geht an net nemmen em Nimm, déi en während enger méi oder manner laanger Period obligatoresch muss nennen oder op engem Tshirt hun, fir cool ze sin.

Fir d’Musek an der Music Bar hun sech déi Leit op alle Fall net all ze vill interesséiert. Se hun haard geschwaat, mech an mengem Tripp gesteiert an blöd Reklammssprech op Beierglieser reziteiert. Ech waar frou, daat ech net op engem agressiven Trip waar. Soss wier déi Bar wahrscheinlech net nemmen zimmlech niweleg, mee och nach bluddeg gewierscht.

Wéi ech speider raus fonnt hun, waaren déi ultra hip Leit nach méi hip wéi ech eigentlech geduercht haat. Sie sin herno an Begleedung vun dem enzegen letztebuerger Promi erausgaangen. Eischter: Sie sin him hannendrungedackelt. Et ass emmer flott, wann en gudd Kollegen huet.

Angscht a Schrecken hun sech bei mir Breed gemaach. Ech kruut komescht Gedrenks vun Leit spendeiert, déi zweschenduerch matneen gecatcht hun. D’Musek huet emmer méi komesch Biller an main Kapp gezaubert an d’Filmer déi op d’Maueren projezeiert gin sin , sin och emmer méi obskur gin. Déi hipp Leit hun sech nach emmer haard iwert Facebook an Fotoen an hir lescht Sauftouren ennerhaalen. Den Niwel ass emmer méi deck gin, sou daat ech Angscht haat, dran stirchen ze bleiwen.

Alles, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. Virdeischt zou Fouß duerch d’Aalstadt, dann méi schnell iwer aalbekannten Strossen. Leider ouni Schokola.