Als Gonzo-Journalist kennt en heinsdo an Situatiounen, déi en sech net hätt keinten oder weilten virstellen. Aus irgendengem mysteriösen Grond – wahrscheinlech haat et irgendeppes mat furchtbaaren Drogen ze din, sin ech des Lescht irgendwou an der Brousse gelannd. An wann ech Brousse soen, da mengen ech et och esou. Ech waar irgendwou an Frankraich zweschen Le Mans an der Atlantikküst, ennert der Normandie an iwert der Provance.
Le grand ouest nennen d’Franzousen daat, den groussen Süden also. Daat klengt méi groussarteg an och besser, wéi et ass. Ech waar an enger Geigend geland, wou en kilometerwait just Felder an Graslandschaften gesin huet. All 20 Minuten huet en dann mol en Baurenhaf oder eng klengert Duerf gesin, déi genausougudd irgendwou am Osten oder um Grond vum Stauséi hätte keinten stoen.
Ech hun daat ziemlech schrecklech fonnt. Ech waar, wéi d’Englänner geifen soen “in the middle of nowhere” an daat waar en ziemlecht ellent Gefill.Ech sin am Internat vun enger Ackerbauschoul gelannt, déi ausgesin huet, wéi wann se en Militär-Forschungszentrum wier. Vun baussen hätt ech gesoot, daat an dem Gebai do haaptsächlech onerlaabt atomar an chemesch Waffen erforscht geifen gin. Ech hun mir och geduercht daat do wahrscheinlech eng ziemlech grous ennerirdesch Testanlaag stoen geif, déi eng exzellent Kulisse fir en James Bond Film gewierscht wier.
Mee ech luch falsch. Hannert denen kaalen Betongsmaueren ass just eng Leieranstallt fir zukünfteg Agronomen an Feschziichter. An en Internat, an daat ech dach zimmlech ongewollt gerooden waar an dem ech eng hallew Woch bleiwen sollt.
Eng wirklech Meiglechkeet zur Flucht gouf et net, ech haat weder en Auto, nach genuch Souen, fir en Taxi ze bezuehlen. Déi vill ze vill schnell befueren Stross huet net wirklech ausgesin, wéi wann oft en geif laanschtkommen, deen en Anhalter geif mathuelen.
Irgendwann hun se mech mat aaneren Visiteuren dann op en speziellen Bauerenhaff bruecht, den nemmen mat enernéierbaaren Energien schafft. An Zaiten vun der Klimakatastroph an der allgemenger globaler Erwärmung ass esou eppes jo extrem luewenswärt. Ech hun mir erwaart daat mir vill Solarzellen, Biodiesel an ähnlech Anlagen geifen gewissen kreien. Irgendeppes interessant huet et an der Brousse jo missen gin.
Zimlech erfeiert sin ech beim Unbleck vun dem Bauerenhaff, den och fir letztebuergesch Verhältnisser ziemlech kleng ausgesin huet. D’Solarzellen hun ech och direkt gesin. Et waaren der genee drai.
Ech hun et mat der Angscht ze din kritt. Vlaischt geif den Besuch just eng Veirel Stonn daueren an dann geifen mir erem stonnenlaang duerch déi franzeisch Einöde kutscheiert gin, wou et ausser Wissen an Felder och iwerhaat naischt gedd. Wahrscheinlech waar daat ganzt just en Hobby-Bauerenhaff, oder déi ganz Saach mat den enernéierbaaren Energien waar en gudden Ophänker fir Souen ze kreien, déi an Wirklechkeet an d’Drogenproduktion vum Rastamann geifen goen.
Iwerhaat haat ech d’Gefill, daat d’Brousse, an der ech geland waar, déi ideal Stopp fir eng Berühmtheet wéi de Rastamann wier.
Mee och hei louch ech falsch. De Bauerenhaff huet net dem Rastamann geheiert, mee engem Bauer. An dem seng Fraa huet eis virdeischt mol ongefeier 2 Stonnen laang erklärt, waat fir Kéi si hätten an wiesou. Ausserdem huet se immens vill Donnéen iwer Felder, Hinger an soss Bauerenhaffgemeschels vun sech gin, déi ech alleguerten 2 Minuten méi speit erem vergiess haat an déi mech och iwerhaat net interesséiert hun.
Ech wollt jo keng Statistiken, mee enernéierbaar Engerien gesin.
Ech hun mehc missen ziemlech konzentreiren, fir net einfach anzeschlofen. Aanersaits hun ech emmer méi Angscht kritt, well déi Fraa eng ganz Retsch vun selwergebastelten Pannoen haat, op denen an komplizeierten Diagrammer erklärt waar, wéi den Bauerenhaff geif funktionéiren. An no denen 2 Stonnen Erklärungen waaren der nach emmer beonrougend vill iwreg. Ech hun mech gefroot, ob déi Fraa net an wirklechkeet en Drogenfreak wier an einfach nemmen en saditeschen Spaß dorunner hätt, d’Leit mat komeschen an onprofessionell ausgesinnen Pannoen ze langweilen. Ech waar dementsprechend frou, wéi et dun endlech eraus gaangen ass an mir eis déi erneierbaar Energien unkucken konnten.
Déi enernéierbaar Energien waaren virun allem Hecken. De Bauer haat e puer Kilometer Hecken geplannzt. Déi schneidd en all puer Joer an häckelst se. Déi gehäckelst Hecken gin dann verbrannt. Esou eppes nennt en Hackschnitzelheizung. Am Prinzip ass daat innerhalb vun 2 Minuten erklärt. Mee den Bauer, bei dem ech mir ziemlech secher waar, daat en en Drogenverreckten waar, huet ongefeier eng Stonn dofir gebraucht. En huet eis sou ziemlech all Heck gewissen, déi dorueschter stoung. Eng Heck vun engem Joer, eng Heck vun 15 Joer, eng geschnidden Heck, Hecken an Hackschnitzelform an letzendlech och déi berühmten Hackschnitzelheizung.
Ech hun emmer méi Angscht a Schrecken gespuert. No den Hecken hun mir eis missen Kéi unkucken, déi esou gudd wéi naischt mat enernéierbaaren Energien ze din haaten, mee och heidriwer konnt den drogenverreckten Bauer eng hallew Stonn laang schwätzen, ouni wirklech méi ze soen wéi: “Daat lei sin schwarz-waiss gefleckte Kéi, se gin Mellech an ech hun der 43.”
No e puer weideren endlos laangen Erklärungen zu enger Mellechzaapanlaag, enger Biodieselpress, engem uraalem Traktor op dem Gras gewues ass an drai Solarzellen konnten mir endlech fortfueren. Et waar keng Flucht. Wann en an der Brousse hänkt, ass un Flucht net ze denken. Et reest en just vun enger schlemmer Plaatz op déi nächst…