Den Auteur an Spriecher vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg heescht Joël Adami.
Hien huet op der Universität für Bodenkultur zu Wien momentan Umwelt- und Bioressourcenmanagement studéiert an huet bis 2017 de Magazin Crumble bei Graffiti, den Jugendemissiounen vum Radio ARA moderéiert. Zanter 2019 ass hien beim Podcast Méi wéi Sex aktiv, zanterdeem ass Angscht a Schrecken op Äis. Hei eng Foto aus der Blütezäit vun A&S:
Nieft dem Radio an Podcast schreift den Joël och gären, dat virun allem op soulzeppel.in, fréier fir de Magazin progress, haut fir d’Wochenzeitung woxx.
Category: Episoden
Angscht a Schrecken um Chrëschtmaart
About
eng Rees an d’Häerz vum lëtzebuergeschen Alpdram
Angscht a Schrecken ass dat Gefill, wat ech kréien, wann ech un Lëtzebuerg denken. Et fehlt am Grand-Duché u villem, an engt dovunner ass politeschen Commentaire, deen lénks ass, ouni parteipolitesch ze sinn an mam Fanger an déi Wonnen piddelen geet, op déi d’Lëtzebuerger*innen gären eng déck Plooschter géife pechen. Dat lei ass de Versuch, dëst Lach ze fëllen.
Angscht a Schrecken ass een Podcast (eng Serie vun Kaméidistécker fir Matzehuelen), deen zanter senger éischter Episod den 4. November 2006 gläichzäiteg och als Serie um Radio (Erstausstrahlung: 6. November 2006) an der Sendung Crumble um Radio ARA leeft. Während dei éischt 142 Episoden staark un dem Hunter S. Thompson säi Gonzojournalismus ugeluecht waren, ass d’Serie haut eng Mëschung aus politeschem Commentaire, perséinlechen Erzielungen an bëssegem Zynismus.
Dei éischt Episoden sinn um Internet nach ouni d’Hannergrondmusek gelaaf, haut sinn d’Versiounen um Radio an als Podcast bis op e puer Ausnahmen (Live-Episoden) awer identesch.
Reviews
Erwähnung in der luxemburgischen Wikipedia
13.08.2006 Videos über eine Crumblesendung auf flash007.lu
26.08.2007 blogeescht.net
14.10.2007 mulling.lu
Angscht a Schrecken an der Rockhal
Read More
Angscht a Schrecken op engem Release vun Quentin Lagonza
An et ged Evenementer, op déi muss en goen, well een soss eppes gigantesches verpasst.