(Jo, dat huet elo e bëssi gedauert, bis dës Episod online war. Mir entschëllegen eis.)
Ech sinn am Fong jo e grousse Fan vun Deeg fir iergendeppes. Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht, den 19. November ass Welttoilettendag, den 17. Mee ass internationalen Dag géint Homophobie, den 21. Mäerz ass Weltdag vun der Poesie, an esou weider an esou fort. Mä den 14. Februar geet mir iwwerhaapt net.
Angscht a Schrecken an de Bierger
Et huet jo missen esou wäit kommen.
Fir mech waren d’Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d’Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d’ Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“.
Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen d’Leit iech aus an dir musst hinnen e Patt bezuelen, dat se ophale mat laachen. An da gitt dir aarm an traureg heem an frot iech, wéi héich da richteg Bierger si mussen, wann d’Eislécker Koppen net dozou zielen.
Angscht und Schrecken auf der Rückfahrt vom Radiocamp
Lustige Geschichte! Diese Folge wurde eigentlich als “Gastbeitrag” auf dem Radiocamp 2009 erstellt, auf dem ich nicht anwesend war. Ich habe die Folge zwar im Radio gespielt, auf das offizielle Blog und in die offizielle Zählung hat sie es jedoch nicht geschafft. Zumindest nicht bis zum 6. Februar 2016. Im Zug von Archivarbeiten ist mir nämlich aufgefallen, dass die Folge Nummer 123 nie erschienen ist. Es existiert eine Datei mit dem Titel “Angscht a Schrecken op enger privater Chrëschtdagsfeier”, das genau einen Absatz enthält:
Et ass komesch. Do gëtt een méintelaang op keng privat Partien agelueden, wahrscheinlech, well d’Leit Angscht hunn, et géif een herno eng Episod Angscht a Schrecken driwwer maachen, an da kann een sech op e mol net méi rette vun Aluedungen. All Dag ass eppes, an wann ee net kennt, sinn d’Leit beleidegt. D’Liewer seet Merci, mä ëmmerhi gëtt et e gudde Gron. Wann een säi Kierper scho futti mécht, da wéinstens aus gesellschaftlechem Zwang an net aus der Depressioun eraus!
Hier erkläre ich also die Folge “Angscht und Schrecken auf der Rückfahrt vom Radiocamp” zum Teil des Angscht a Schrecken-Canons und vergebe die Episodennummer 123 für sie. Viel Spaß beim Hören!
Angscht a Schrecke beim Usträichen
Heiansdo muss een och als Gonzojournalist Saache maachen, déi een normalerweis net géif maachen. Saachen, wou een sech dreckeg mécht an vun deenen een kierperlech midd gëtt. An domadder mengen ech net all méiglech an onméiglech Droge konsuméieren an da lallend duerch d’Landschaft ze lafen. Nee, ech mengen haart kierperlech Aarbecht …
Angscht a Schrecken 6 Joer um Radio ARA
“Haut”, 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.
Nach méi gescheit Leit soten: Lo kucke mer mol, wat déi Jonk selwer wëllen. An déi Persoun huet den Telefon geholl an huet rondrëm telefonéiert. Esou, wéi een dat an der gudder aler Zäit gemaach huet. Well deemools, 2004, do haten d’Leit et nach net all esou mat Email …