Keng Angscht a kee Schrecke mat der Atombomm

Dëst ass e Beitrag fir de Concours „Lëtzebuerg sicht den dommste Radioskommentar“. Nodeems ufanks der Woch esouwuel de RTL mat enger fakten- an argumentatiounsfräie „carte blanche“ iwwert Feminismus wéi och den 100,7 mat engem zyneschen an onkohärente „fräie Mikro“ iwwert „Uber“ d‘Lat ganz héich geluecht hunn, well ech dann awer och mäi Gléck probéieren. Dofir schwätze mir haut iwwert d‘Atombomm.

D‘Welt steet am Moment jo e bëssi op der Kopp. De Brexit, den Donald Trump, d‘Spannunge mat Russland, nationalistesch Tendenzen a ganz Europa an elo och nach de Virschlag vun der Kommissioun, een Europa vun de „puer Vitessen“ ze maachen. Et gesäit also dono aus, wéi wa Lëtzebuerg deemnächst op sech eleng gestallt wier. Oder op mannst esou, wéi wa mir deemnächst méi Sue fir eis Verteidegung missten ausginn. Dem Trump säi Vizepräsident, den homofeindleche Mike Pence, ass do nämlech mam Donald op enger Linn. An well déi ganz Welt ausernee fält, ass et vläicht guer keng esou eng schlecht Iddi, opzerëschten.

Mä do gëtt et ee klenge Problem. Eis Arméi ass nämlech bëssi eng kleng Trupp. An mir kënne jo net einfach Leit akafen. An iert dir lo denkt „Okee, soll den Etienne eis nach e puer Dingoe kafen“ – mir hunn scho vill ze vill Dingoen. An en plus eng Arméi, déi net onbedéngt Loscht huet, mat dem neie Fliger a Krichsgebidder ze fueren, wéi et bei enger Versammlung vun der respektiver Gewerkschaft ze héiere war. Zwangsrekrutéierung ass natierlech keng Léisung, also musse mir kreativ ginn. Et bréngt jo näischt, just Material ze kafen, fir dat den Donald an de Mike glécklech sinn. Mir géifen eis jo gäre verteidegen. Denkt elo net: „Ween géif Lëtzebuerg dann ugräifen?“ Erënnert dir iech un all déi feig Attacken op Lëtzebuerg an deene leschte Joren? Den ehemolegen däitschen Ausseminister Peer Steinbrück wollt mol d‘Kavallerie op Lëtzebuerg schécken. A net réicht zanter Luxleaks gëtt op eisen aarme Grand-Duché geklappt, wéi wa mir um Elend vun der ganzer Welt Schold wieren! Mir mussen eis also schützen!

Lëtzebuerg brauch eng Atombomm!

A wéi kann een sech schützen, wann ee kleng ass, vill Sue wëll ausginn, keng grouss Arméi huet an net nach 50 Dingoe kafe wëll? Richteg! Et baut een eng Atombomm! Lëtzebuerg brauch eng Atombomm! Da géif sech kee méi trauen, eis ee Steierparadäis ze nennen! Du hues eppes géint eis Rulingen? Dann hues de hoffentlech scho genuch Jod-Tabletten akaaft!

An doduerch, datt mir sou kleng sinn, ass et vill méi schwéier, eis ze treffen! Fir eng lose-lose-Situatioun muss een eis vir d‘éischt emol op der Kaart fannen an et packen, eis net mat Liechtenstein ze verwiesselen!

Atombomme wieren déi ideal Verteidegung fir dat 21. Joerhonnert! Déi ganz Länner ronderëm eis wëllen elo souwisou aus der Atomenergie erausklammen. Mir kënnen deenen einfach ubidden, géint eng kleng Taxe selbstverständlech, de Recycling vun dem ganzen Uran ze erleedegen. A wann d‘Franzouse gewuer ginn, wéi bëlleg mir aus Cattenom Atomsprengkäpp maachen, ass déi gréisste Gefor fir eist Land a fënnef Minutten zou. Sou ökologesch Recycling-Waffen, dat géif esouguer deene Grénge gefalen! Vläicht kann den Tram jo dann och dee weltwäit éischten Tram mat takteschen Atomwaffe sinn. An am Stau kann dann déi nei geschafften Atom-Marine dann dat éischt lëtzebuergescht Atom-Uboot besetzen. Wa mir eng Atombomm hätten, géif och kee méi bezweifelen, datt Lëtzebuergesch eng Sprooch ass an d‘Leit vun Nee2015 mat hire Mannerwäertegkeetskomplexer géifen endlech mol de Baack halen. Och de Verkéiersproblem géif sech einfach a Loft opléisen.

Alles an allem wier e lëtzebuergeschen Atombommeprogramm déi ideal Léisung fir all eis Problemer. Wisou hu mir nach längst net domadder ugefaangen?

Angscht a Schrecke mam Donald

Ee Mount ass en elo am Amt, an et fillt sech un, wéi wann et schonn een Joer wier. Oder dräi. Riets ass natierlech vum Donald Trump, dee Präsident vun den USA ginn ass. Et ass ëmmer nach zimlech surreal, datt dat geschitt ass. Mä ech wëll haut net iwwert seng honnerte Skandaler, seng absurd Optrëtter virun der Press an seng eekleg, sexistesch a rassistesch Executive Orders schwätzen. Net nëmmen, well et onméiglech ass, dat alles auserneen ze huelen, mä och, well et Leit ginn, déi dat wesentlech besser kënne wéi ech.

Wouriwwer ech dës Woch wëll schwätzen ass dem Ëmgäng, deen mir an Europa mam Donald Trump hunn. Den Trump ass sou bëssi de Buh-Mann ginn, mat deem een aner Politiker_inne gäre vergläicht. Dat ka praktesch sinn, well een dorunner gesäit, datt sech verschidde Saache guer net esou staark ënnerscheeden. Sou zum Beispill am Fall „Schooleaks“, wou zwee Minister_inne vun der DP sech ëffentlech op social media iwwert dat Uerteel opgereegt hunn – ganz ähnlech wéi den Trump, dee vu „so-called judges“ geschwat huet. Read More

Angscht a Schrecken mat der Loftqualitéit

Dir hutt et sécher héieren: Nach ni sinn esou schlëmm Loftwäerter zu Lëtzebuerg gemooss ginn! Ass d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten? Am Verglach mat Groussstied am europäeschen Ausland sinn d’Wäerter vum Réngstëbs (“Feinstaub” oder PM10) zu Lëtzebuerg net esou schlëmm. Et ass awer net nëmmen de Stëbs, deen bei der Loftqualitéit zielt.

Esou nei ass dat ganzt allerdéngs och net: D’Limite vun 50 µg/m³ an der Dagesmoyenne ass och schonn an der Vergaangenheet iwwerschratt ginn, zum Beispill den 18. März 2016 op der Miessstatioun Bouneweg, oder den 9. Dezember 2016, wou zu Esch souguer 64 µg/m³ am Dagesmëttel gemooss gi sinn. Enn Mäerz 2015 gouf et eng Episod, wou d‘Limite e puer Deeg hannerteneen iwwerschratt ginn sinn.

Loftqualitéit: Screenshot vun Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)
Screenshot vun der Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)

Leider ass den Site emwelt.lu, wou een sech d‘Donnéeë vun de Moossstatiounen kann ukucken, net immens séier an huet éischter Problemer, fir längerfristeg Donnéeën ze weisen. Dofir ass et schwéier, erauszefannen wéi d’Situatioun soss war. Leider kann een*t sech déi wichteg Donnéeën och net einfach als Excel eroflueden (et kéint jo nach een*t op d’Iddi kommen, eppes Sënnvolles domadder ze maachen!). Den Open Data-Site data.public.lu huet zwar zanter haut e puer Excels-Fichiern mat Loftwäerter vum September 2016. Dat ass vläicht eréischt den Ufank, mä een konsequenten Monitoring vun der Situatioun gesäit anescht aus. Read More

Déi, déi eis Misär maachen

Zu Koblenz hunn sech dëse Weekend Rietspopulist*innen aus ganz Europa getraff. Op hirem Kongress hunn si sech duerch d‘Wiel vum Donald Trump bestätegt gefillt an hire Bestriewunge fir een Europa „vun de Natiounen“. Si mengen domadder natierlech een Europa vun de Grenzen, dat op Refugees schäisst an ee kale Fuerz op Mënscherechter gëtt. Een Europa, an dem Ofdreiwunge verbuede sinn, an dem Schwuler a Bisexueller keng Rechter hunn an een Europa, an dem an all Land eng eenzeg Sprooch geschwat gëtt. Eng Horrorvirstellung, wann de Front National, Vlaams Belang, FPÖ, AfD a Konsorte géifen un d‘Muecht kommen.

Zu Lëtzebuerg hunn sech zwee Regierungspolitiker*innen zu Wuert gemellt. Engersäits den Aarbechtsminister Nicolas Schmit vun der LSAP, deen der Meenung ass, et misst een eis „Awanderungs- an Asylpolitik“ iwwerdenken. Hien huet dann och implizit gefuerdert, déi europäesch Baussegrenze méi staark zou ze maachen, fir datt déi europäesch Reesfräiheet fir d‘Europäer*inne kéint bestoe bleiwen. Dat wier zwar deier, mä et mir kéinte „déi Leit“ jo net all ophuelen.

Et ass fir ze katzen.

De Nicolas Schmit vermëscht mat voller Absicht Migratioun mat Asyl. Dat ass eppes, wat déi Riets – op een se elo „Populist*innen“, „Extrem“ oder „Radikal“ nennt, immens gäre maachen. Leit, déi Asyl froen, Leit déi Schutz viru Krich froen, ginn als „Migratioun“ gelabelt. Dat maachen se, well „Migratioun“ u sech schonn net immens gutt klengt an een dann och ganz liicht vun enger „Invasioun“ fabuléiere kann. De Nicolas Schmit géif och gären Asylprozeduere schonn an den Heemeschtlänner vu potentielle Refugees duerchféieren. D‘Fro, wéi dat praktesch sollt ausgesinn, huet hien sech wahrscheinlech net gestalt, mä ech wënschen him vill Spaass dobäi, mam Assad oder soss engem Dikator iwwert ee lëtzebuergeschen Asyl-Büro an hirem Land ze verhandelen. Och déi komesch Iddi, datt Sue fir dausende Kilometer Mauer fir Leit ofzehale besser ugeluechtend Geld wier, wéi deene Leit wierklech ze hëllefen, muss ech mengen ech net weider kommentéieren. „Mir mussen eis europäesche Baussegrenze schützen“ ass „I‘m going to build a wall“, just méi fein ausgedréckt. An bei eis bezillt ebe net Mexiko, mä déi Leit, déi hiert Liewen dowéinst loossen. D‘läscht Joer sinn iwwregens iwwer 5000 Leit eleng am Mëttelmier gestuerwen. Dat sinn der bal 14 Stéck all Dag. 14 Mënschen, déi all Dag stierwen, well mir léiwer iwwer d‘Sécherung vun eise Baussegrenze schwätze wéi déi Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten, ze retten. Read More

Angscht a Schrecken am Joer 2016

Elo ass et endlech eriwwer, datt schrecklecht Joer 2016. Egal, wéi et fir een*t perséinlech war, um internationalen Niveau war 2016 sécherlech alles aneres wéi erfreelech. Elo kann een natierlech soen, datt déi Meenung vläicht virun allem dovunner gepräägt ass, datt eis vill Prominenter an Kënschtler*innen fir ëmmer verlooss hunn. Den Doud ass nun emol een Deel vum Liewen an et ass och iergendwéi normal, datt Leit vun enger bestëmmter Generatioun op een Mol stierwen. Mä och ouni all déi – sécherlech tragesch – Doudeger war 2016 keen gutt Joer.

Zu Lëtzebuerg si mir mat der Meldung gestart, datt am Trifolion den Thilo Sarrazin géif optrieden. Den Sarrazin ass net einfach just ee Mënsch mat enger kontroversieller Meenung, mä een ausgemaachten Rassist, deen seng Theorien pseudowëssenschaftlech ze hannerleeë versicht. Wisou een ëffentlecht Kulturzentrum esou engem Mënsch onwiddersprach eng Bühn muss bidden, an dat och nach ouni kritesch Froen zouzeloossen, dat ass fir mech wierklech net ze verstoen. Datt et antifaschistschen Protest gouf, ass nëmmen normal an ze begréissen. Wéi medial mat dem ëmgaangen ass, war och Inhalt vun enger Episod. Read More