Ouni Hoster

Den Dengscht, bei dem d’Angscht a Schrecken-Episoden online waaren, ass ouni mir Bescheed ze soen, offline gaangen. Daat heescht, d’mp3en (no der Episode 10) sinn momentan net verfügbar. Ech wärt den Problem esou séier wéi meiglech erem léisen, mee et kéint e bessen daueren, bis d’Episoden erem all online sinn. Ech beiden desen temporären Ausfall ze entschellegen.

Alles geht erem. Ech soen merci fir ärt Versteesdemech.

Angst und Schrecken am Bodensee (Edition 2009)

Ein Gastbeitrag der Jugendtruppe der Wüsten Welle aus Tübingen. Obwohl ich dieses Jahr nicht am Bodensee zum Radiocamp sein könnte, gab es dort natürlich viel Angst und Schrecken. Und zum Glück habe ich ja letztes Jahr einigen Mitglieder der Wüsten Welle gezeigt, wie man so eine Folge Angst und Schrecken produziert.
Der Aschenbechermann, Mückenzelte und der größte Schwan der freien westlichen Welt:

[audio:http://media.wohlwill.de/audio/as_bodensee_ed_2009.mp3]

mp3 download

Danke an Chris, Aysun, Miri, Johannes, Simon, Hannah und Steffi!

Angscht a Schrecke beim Versuch, an de Kino ze goen

Kino, dat ass dach eppes flottes. Eng Welt voller Magie, déi eis vun Angscht a Schrecken oflenkt, eis net drun denke léist, datt mir am Fong ganz aner Suergen hunn. Dofir kucken ech gäre Filmer. Well se een am beschte Fall verzauberen. Am schlechteste Fall huet een ëmmer nach ëmmer, iwwert dat een sech opreege kann. Oder, am allerschlëmmste Fall kann en sech am Internet driwwer opreegen, wéi schlecht den Film war an sech mat deene Leit zerstreiden, deenen de Film gefall huet. Egal wéi, eng gewëss Form vun Amusement ass garantéiert.

An war et net och zu Lescht den Internet, dee mech dozou bruecht huet, an den Kino ze goen. Engersäits hunn ech en Review vun dem Film, den ech kucke wollt goen, gelies, den wierklech gutt geklongen huet an anerersäits hunn ech iwwer Twitter eng Persoun fonnt, déi wollt matgoen.

Dat ass och esou eng Saach. Eng vun deenen éischten Episode vun Angscht a Schrecken handelt drëm, wéi ech probéieren bei mäin Date an de Kino ze kommen. Kenner vun der Serie erënneren sech: En Date vu MySpace. An haut, am Joer 2009, fannen ech iwwer Twitter.com Leit, déi mat mir an de Kino ginn. Twitter ass, fir déi Leit déi et nach ëmmer net wëssen, eng laang Rei vu Statusmessage vu Leit, déi een selwer interessant fënnt. An jiddereen äntwert esou oft en Loscht huet op d’Fro „Wat mëss de grad?“. An dat ganzt ass begrenzt op 140 Zeechen. Wann ech et net selwer géif benotzen, géif ech elo en kulturpessimistesche Commentaire iwwer den Verfall vun der Sprooch maachen. Mee dofir schaffen ech wahrscheinlech beim falsche Radiosender. Read More

Angscht a Schrecken ob enger Grillparty am Fréijoer

Den Summer kennt emmer eischter. An et ass mir elo egal, ob et dest Joer mol erem eng Kéier esou kaal waar, daat e bessen Schnéi gefall ass. Et ass mir elo esouguer egal, daat dest Joer esou vill Schnéi gefall ass, daat ech ausgerutscht an gefall sinn.
D’Fréijoer – an domadder och den Summer – kennt emmer eischter. Ob verschiddenen Plaatzen esouguer em zwou Wochen méi fréih wéi soss. An eisen Breedegraaden sinn arttypesch saisonofhängeg Verhaalensweisen vun Déiren em 4,4 Deeg no vir verreckelt.

An et ass net nemmen bei den Déiren esou: Och mir Menschen verleen eis arttypesch saisonofhängeg Verhaalensweisen emmer méi wait no vir. Mir fänken schon am Abrell un ze grillen.

Read More

Angscht a Schrecken mat ëffentlechen Hondstoiletten

Et ass schon eng Plo mat denen Henn. Se schlofen den ganzen Daag, baissen déier Schlappen oder Miweln futti an wellen dann zur Belounung och nach eppes friessen.
An wéi wann daat alles net géif duer goen, schaissen se dann och nach, am leifsten an den Gaart, an dem se och hir Plastikspillsaachen an 3 Meter deift verbuddelen, sou daat een Angscht muss hunn, mat der Emweltpolizei an Konflikt ze kommen, well se PVC am Grondwaasser fonnt hunn …

Read More