Angscht a Schrecken op engem ganz normalen Samsdesnometten

Et gin Deeg, déi sin esou normal, daat en mengt, et keint eigentlech naischt besonnesch schreckleches passéiren.Samsdesnometteger sin oft esou Deeg, wou en nach e bessi am Jum ass vun Freides an sech awer och schon prett maachen well fir Samsdes Owes. Oder et mescht en all déi Saachen, fir déi en soss nie Zait huet.

Zum Beispill kann en op Versammlungen goen an sech mat Leit treffen, déi en soss net kann gesin, well en soss keng Zait huet. Well een irgendwelchen ultra-wichtegen gonzojournalisteschen Tätegkeeten muss nogoen. Read More

Angscht a Schrecken an der enzeger Heichschoul zu Lëtzebuerg

Normalerweis beschreiwen ech am Ufang vun Episoden verschidden Szenarioen, wiesou en op déi Plaatz kéint goen, op der ech Angscht a Schrecken erliewt hun an soen dann, wiesou ech wirklech do waar. Deskeier wier d’Wourescht esou erschreckend, daat ech se leiwer net well praisginn. Nemmen esou vill: Et goung em Geschäftsgespreicher.

Read More

Angscht a Schrecken am Kannertheater

Et gin Situationnen, do geht en aus kulturellem Interet an den Theater. Oder wlel en en Medschen flott fennt an et mengt, wann en mat him an den Theater geht wier daat besser wéi am Kino ze knutschen. Et kann en och an den Theater goen, well en als Gonzojournalist den Optraag dozou kritt huet.

Read More

Angscht a Schrecken net bei, mee och net ganz wait wech vun de Kakamaschinen

Lo stinn schon zenter puer Wochen an zwee Museen, awer och just well een ze kleng ass, déi berühmt berüchtegt Kakamaschinen, déi hiren Entweckler Cloaca genannt huet. Hien mescht aus Schaiss Suen an leisst och nach méi oder manner berühmt Käch fir seng Verdauungsträkt aus Stohl kachen. Dozou kann en elo stinn wéi en well, als Gonzojournalist muss en esou eppes gesin hun. Wann och just vun waitem.

Read More

Angscht a Schrecken zu Kopenhagen

Heinsdo muss en als als Gonzojournalist op Konferenzen fueren. An wann ech als Podcaster an Weblogger op eng Konferenz iwert Web2.0 fueren, dann schengt daat jo nemmen natirlech. Kopenhagen, iwregens d’Haaptstaadt vun Dänemark (fir die, wou et net wossten!), ass awer elo eng flott Staadt an eng vun denen sechersten an Europa. An daat soll lo eng Platz fir Angscht a Schrecken sin?

Read More