Oh Laurent Mosar! Do kuckt een mol erëm däin twitter (du bass schlisslech den beschte lëtzebuergeschen Politiker op twitter, oder op mannst seet de Paperjam dat), an dann muss een dat léiten liesen:
Et ginn jo och guer keng Fatwa’en géint Daesh, z.B. am UK, a Kanada oder esouguer an Saudi-Arabien! An ginn och guer keng Emfroen, déi Daesh enorm schlecht Emfroewäerter bei jonken Muslimen bestätegen! (Wann Dir iech schwéier mat deene Saachen dot: Dat war Ironie. Dat heescht, ech mengen de Géigendeel vun deem, wat ech soen.) Read More
Dir kënnt engem alles futti maachen. Souguer Pokémon.
Et war jo kloer, datt et een giganteschen Hype géif ginn, wéi ugekënnegt ginn ass, datt d‘Pokémon géifen op den Handy kommen. Um Smartphone ass et lo mat Pokémon Go méiglech, dobaussen an der richteger Welt Pokémon ze fänken. Fir jiddereen, deen an de leschten zwanzeg Joer eent vun deene sëlleche Spiller mat den knuffege Monstere fir eng vun den Nintendo-Konsole gespillt huet, geet eng Zort Kandheetsdram an Erfëllung.
Slutshaming ass een englesche Begrëff, deen een mat „Schlampenschummen“ iwwersetze kéint. Gemengt ass déi gesellschaftlech Tendenz, Fraen, déi mat ville Partner_innen Sex hunn, sozial auszestoussen oder ze veruechten. Slutshaming riicht sech virun allem géint Fraen, well Männer, déi mat ville Frae Sex hunn, éischter als Helde geféiert ginn.
Da schwätze mir mol Kloertext: D‘Sexualmoral am 21. Joerhonnert ass eng zimlech komesch. Mir ginn eis zwar am allgemengen immens oppen, villes am ëffentleche Raum ass enorm sexualiséiert. Mä dat geschitt alles op eng komesch, pseudo-ironesch Manéier. Serieux an virun allem éierlech Diskussiounen iwwer Sex sinn seelen – op mannst am ëffentleche Raum. Mä et ass nach ëmmer sou, datt virun allem Fraen (an jidderee soss, de kee cis-Mann ass) ganz spezielle Kritären ënnerworf ass. Read More
Oh méi.
D‘Leit aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn also fir de sougenannte Brexit gestëmmt.
D‘UK soll also aus der EU austrieden.
Et huet ëmmer bëssen onméiglech geklongen, well et jo wierklech eng schlecht Iddi ass. Et kann een villes un der Europäescher Unioun kritiséieren. Zum Beispill, datt se net immens demokratesch an dacks ze bürokratesch ass. Mä doduerch, datt de Kontinent dat lescht hallewt Joerhonnert domadder verbruecht huet, zu engem wirtschaftleche Raum zesummen ze wuessen, ass een Enn vun der Unioun – oder eben een Austrëtt – fir vill Leit net virstellbar.
An alleng op prakteschem, alldeeglechen Niveau ass grad d‘Reessfräiheet an d‘Fräiheet, iwwerall an der Unioun wunnen, schaffen oder studéieren ze kënnen eppes, ouni dat vill vun eis sech een Liewen net méi kënne virstellen. Grad Jonk Leit profitéieren enorm vun de Méiglechkeeten, déi zum Beispill den Erasmus+ Programm bidd. Och Beräicher wéi Wëssenschaft, Konscht a Kultur gehéieren zu deene Sektoren, déi vill vun EU-Sue profitéieren an och ville jonke Leit ze gutt kommen. Déi Jonk am UK verléiere lo villes, wat fir eis selbstverständlech ass. Et liest een vill, datt déi Aal deene Jonken d‘Zukunft souzesoe geklaut hätten, well déi meescht Jonk géint de Brexit gestëmmt hunn, déi Aal zum gréissten Deel awer dofir. Allerdéngs muss een dobäi och beuechten, datt grad déi ganz Jonk zwëschen 18 an 24 Joer zu enger grousser Majoritéit net wiele waren. Read More
Et ass alt nees esou wäit. De Nationalfeierdag steet virun der Dir. An do feiere mir zu Lëtzebuerg zwar iergendwéi de Gebuertsdag vum Grand-Duc, mä am Fong gëtt d‘Natioun geféiert. An déi Natioun, déi ass dach eigentlech eng zimlech komesch Saach.
D‘Iddi vun der Natioun ass net immens al. Se staamt aus dem 19. Joerhonnert an ass also eng modern Erfindung. Dat heescht eben och, datt villes, wat mir haut als national Symboler, Gebräicher oder Traditioune verstinn, méi oder wéineger erfonnt oder adaptéiert ginn sinn, fir een Gefill vun Zesummenhalt, eben een Nationalgefill, ze kreéieren. A ville Länner ass zimlech kloer, wat déi eegen national Identitéit duerstellt, mä zu Lëtzebuerg ass dat net sou. Nieft der Monarchie, dem Kachkéis an eben der lëtzebuergescher Sprooch ass net sou vill do, wat unique fir de Grand-Duché wier. Read More