Déi läscht Deeg war d‘lëtzebuergesch Sprooch vill an den Medien. Zënter een Mëttwoch kann de Google Translator da lo och nieft Klingonesch och endlech Lëtzebuergesch. Ausserdeem war de Sonnden 21. Februar erëm den internationalen Dag vun der Mammesprooch. D‘UNESCO mécht all Joer een Rapport, an all Joer kréie mir ze héieren, datt d‘Lëtzebuergescht a Gefor wier. Woubäi d‘UNESCO vun „vunerable“ an net vun „endangered“ schwätzt. Zäit also, fir mol Kloertext iwwert déi lëtzebuergesch Sprooch ze schwätzen.
Fänke mir vu vir un. Ass et iwwerhaapt eng Sprooch?
Jo. Spéitstens zanter 1984. Do huet Lëtzebuerg nämlech e Sproochegesetz gestëmmt, an deem d‘Lëtzebuergescht offiziell als Landessprooch deklaréiert ginn ass. Ex legis ass Lëtzebuergesch also eng Sprooch. An och déi allermeescht Linguist_innen géifen dee Verdikt deelen. Se géife vläicht soen, Lëtzebuergesch wier eng „Ausbaussprache“, dat heescht eng zimlech jonk Sprooch, déi de Sprong vum Dialekt nach net sou laang gepackt huet. Mä am Fong ass dat egal. Read More
Et ass dat Thema, datt Noriichte säit dem Summer dominéiert: Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten. An dat zu Fouss. An Europa.
Iert mir Biller vun den Garen zu Budapest, Wien oder München gesinn hunn, wou déi Leit net an den Zuch gelooss gi respektiv frëndlech empfaange gi sinn, hu mir aner Biller gesinn. Biller vun doudege Kanner un der griichescher Côte, Biller vun engem Camion iergendwou op enger éisterräichescher Landstrooss, an deem iwwer 70 Leit erstéckt sinn. Dat war natierlech ëmmer d‘Schold vun deene béise Schlepper an ni dovunner, datt et einfach kaum legal Méiglechkeet gëtt, an d‘EU ze kommen, wann ee flücht.
Dunn sinn d‘Leit eben zu Fouss komm. Wisou eigentlech? De Krich an Syrien leeft jo scho säit e puer Joer, DAESH ass och net grad den allernéisten Phänomen. Tatsächlech ware vill Leit an den Camps direkt un der syrescher Grenz, zum Beispill am Libanon. 1,8 Millioune Refugees sinn am Libanon. Do muss een, genee wéi an der Tierkei, zum Deel awer Joeren op een Datum fir eng Asylprozedur waarden. Währendem hat den World Food Programm vun er UN keng Sue méi. Tjo. Da setzen d‘Leit an den sougenannten „sécheren Drëttlänner“, hunn keen Asylstatus, däerfen net schaffe goen, kréie keng Sozialhëllef an souguer vun der UN kënnt näischt méi z‘iessen. Wat géift dir maachen? Read More
Ech hat et läscht Woch jo schonn sou hallef ugedeit. Ee säftegt Thema hu mir eis haut virgeholl. Beim Schoulsystem ass jo jiddereen_t Expert. Souguer de Minister.
De Minister Meisch huet Mëtt Januar seng Lycéesreform an de graffen Linnen virgestallt. Et ass lo net sou, wéi wann et an deene Joeren an Regierunge virdrun ni Reformen am Lycée ginn hätt. Et gëtt wuel kaum een Politikfeld, wou et sou dacks Reforme gëtt wéi an der Educatiounspolitik. Leider gesäit een den Erfolleg oder Net-Erfolleg vun sou Reforme jo réischt, wann déi betreffend Schüler_innen fäerdeg mat der Schoul sinn. An dann ass et dacks schwiereg, nach Vergläicher ze zéien: Virun 13 Joer huet d’Welt nach ganz anescht ausgesinn.
Villes soll net geännert ginn, well verschidde Schoule wiere jo schonn innovativ, heescht et aus dem Ministär. Et soll keen eenheetleche Modell ginn, mä all Schoul däerf selwer innovativ sinn. Oder wéi een et op gutt Lëtzebuergesch nennt: se däerf selwer wurschtelen. Ah jo, an da gëtt e bëssi eppes um Premièresexame geännert an d’Sektiounen op Classique kënnen och méi flexibel gestalt ginn. Vun de Schoule selwer. An och de Redoublement, als d’Duerchfale soll net ofgeschaaft ginn. Read More
Endlech mécht een eppes fir de Nationbranding. Dat deen éischten Impuls, fir Lëtzebuerg als provinziell Kloak mat flotten Tankstellen a Banken ze verkafen, ass jo net sou gutt ukomm. Dofir muss dat ganzt mat e bësse Kultur garnéiert ginn. Dofir hunn mir jo schliisslech de Mudam an d’Philharmonie op de Kierchbierg gestallt. Déi kann een dann ukucken, wann een mat sengem Auto am Stau steet, fir bei enger Bank oder Fiduciaire seng steierlech Situatioun optiméieren ze loossen.
Mä dat geet net duer, fir sech een weltwäite Ruff vu Lëtzebuerg als ZOUVERLÄSSEGT DYNAMESCHT an OPPENT LAND ze verdéngen. Dofir muss een schonn aktiv Kulturpolitik bedreiwen. An zum Beispill berühmt Leit alueden. Déi stellt een dann op een Podium, vun deem soen déi berühmt Leit dann eppes gescheites. An wa mir Chance hunn, soen se och nach wéi gären si de lëtzebuerger Schokla oder déi berühmt lëtzebuerger Täschemesseren hunn. Dat kann een dann direkt an de nächsten Imagevideo mat abaue.
Sou eng aktiv Kulturpolitik geschitt lo awer net nëmmen an der Stad, mä als ZOUVERLÄSSEGT DYNAMESCHT an OPPENT LAND huet Lëtzebuerg natierlech méi wéi een kulturellen Hotspot. Zum Beispill wier do och nach Iechternach ze nennen. Read More
Den Numm vun dëser Episod hätt och kéinten „Angscht a Schrecke mat Angscht a Schrecken“ sinn. Terror ass schliisslech näischt aneres wéi Angscht. Mä et soll haut net ëm sproochlech Korinte goen, mä ëm den Terror, deen eis säit gutt enger Woch beherrscht.
Zenter den Attentater zu Paräis huet d’LSAP beschloss, si wier lo eng rietspopulistesch Partei. Et gëtt zwar keen Zesummenhang zwëschen deene 16 Fraen, déi zu Lëtzebuerg den Niqab undinn an islamisteschen Terror, mä een bessere Moment, fir am bronge Wieler*innensumpf ze fëschen, hätt sech de Claude Haagen wuel net kënne virstellen. Mä d’LSAP ass net alleng: och den Eugène Berger, dee gäre mol vermummt op Bierger rondrëm leeft, ass elo zum Terrorismusexpert ginn an huet op twitter den immens gescheite Saz hannerlooss, datt een sech zu Lëtzebuerg misst säi Gesicht weisen. D’ADR an den Laurent Mosar, deen net verstanen huet, wisou dat eng aner Partei ass, sinn scho bal rosen, well hiert Liiblingsthema lo vun anere Leit behandelt gëtt an déi lo och nach Applaus vun de Medien dofir kréien.
Et ass also fir ze katzen.
An déi Debatt, déi lo net nëmmen op dem Réck vu 16 Fraen, mä och op dem Réck vun enger ganzer Réi syrescher Flüchtlingen ausgedroe gëtt, huet näischt mam Terror vu Paräis ze dinn. Mir erënneren eis, et gouf en falsche syresche Pass fonnt, wat bei verschiddene Rietspopuliste bal zu enger onkontrolléierter Ejakulatioun gefouert hätt. Leider konnten si hir fiicht Dreem vun enger schéiner, europäescher Mauer mat gutt vill NATO-Stacheldroot nach net realiséieren. Et muss een sech mol virstellen, wéi absurd déi Fuerderung ass, d’Grenze fir déi Leit zou ze maachen, déi viru genee dem Terror flüchten, deen et elo och zu Paräis gouf. Read More