Wou waart dir den 12. Juli 2017 a wat hutt dir do gemaach? Dir hutt Chance, well dat war – wann dir dëse Podcast um Dag vu senger éischter Ausstralung lauschtert – leschte Mëttwoch. Ee grousst Stéck vum „Larsen C“-Äisschelf an der Antarktis ass ofgebrach. Doduerch ass een vun deene gréissten Äisbierger iwwerhaapt entstanen. Een Äisbierg, deen duebel sou grouss wéi Lëtzebuerg ass. Ech soen et nach eng Kéier, well et schwéier ass, sech dat visuell virzestellen: Um Südpol ass d‘lescht Woch een Stéck Äis ofgebrach, dat 350 Meter déck ass. An eng Surface huet, déi duebel sou grouss wéi de Grand-Duché Lëtzebuerg ass.
An am Fong misst de leschte Mëttwoch een Datum wéi den 11. September 2001 sinn. Do kann sech all Mënsch erënneren, wat en gemaach huet, wéi d‘Noriicht vum Terroruschlag zu New York koum. Den 12. Juli 2017 wäert wahrscheinlech net esou an dat kollektiv Gediechtnes agoen. Dir wësst natierlech, wouropper ech eraus wëll: de Klimawandel. Vläicht ass dat Stéck vum Larsen C-Äisschelf, dat elo een Äisbierg ass, guer keen esou een gutt Symbol fir den Klimawandel, well mir net emol genee wëssen, ob et wierklech um Klimawandel läit, datt dat Stéck ofgebrach ass, oder ob et einfach een Deel vum natierleche Prozess vum Gletscher an Äisschelf ass. Ee besseren Unhaltspunkt wier den Undeel vum Kuelendioxid an der Atmosphär, méi genee den Zäitpunkt wou deen d‘Mark vu 400 ppm iwwerschratt huet. ppm heescht „parts per Million“, also den Milliounstel Deel. D‘symbolesch Mark vu 400 ppm Kuelendioxid am globale Mëttel ass iergendwann am Mäerz 2015 erreecht ginn. Wësst dir nach, wat dir am Mäerz 2015 gemaach hutt? Read More
Dir hutt et sécher héieren: Nach ni sinn esou schlëmm Loftwäerter zu Lëtzebuerg gemooss ginn! Ass d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten? Am Verglach mat Groussstied am europäeschen Ausland sinn d’Wäerter vum Réngstëbs (“Feinstaub” oder PM10) zu Lëtzebuerg net esou schlëmm. Et ass awer net nëmmen de Stëbs, deen bei der Loftqualitéit zielt.
Esou nei ass dat ganzt allerdéngs och net: D’Limite vun 50 µg/m³ an der Dagesmoyenne ass och schonn an der Vergaangenheet iwwerschratt ginn, zum Beispill den 18. März 2016 op der Miessstatioun Bouneweg, oder den 9. Dezember 2016, wou zu Esch souguer 64 µg/m³ am Dagesmëttel gemooss gi sinn. Enn Mäerz 2015 gouf et eng Episod, wou d‘Limite e puer Deeg hannerteneen iwwerschratt ginn sinn.
Leider ass den Site emwelt.lu, wou een sech d‘Donnéeë vun de Moossstatiounen kann ukucken, net immens séier an huet éischter Problemer, fir längerfristeg Donnéeën ze weisen. Dofir ass et schwéier, erauszefannen wéi d’Situatioun soss war. Leider kann een*t sech déi wichteg Donnéeën och net einfach als Excel eroflueden (et kéint jo nach een*t op d’Iddi kommen, eppes Sënnvolles domadder ze maachen!). Den Open Data-Site data.public.lu huet zwar zanter haut e puer Excels-Fichiern mat Loftwäerter vum September 2016. Dat ass vläicht eréischt den Ufank, mä een konsequenten Monitoring vun der Situatioun gesäit anescht aus. Read More
Déi läscht Woch war et alt nees esou wäit: déi zwee gréisste Medienhaiser am Land hunn zesumme mat TNS ILReS den sougenannte PolitMonitor verëffentlecht. Dat ass eng Ëmfro, bei där 1024 Awunner_innen verschidde Froen aus dem Beräich vun der Politik gestallt kréien. An da maachen d‘Medien sou, wéi wann d’Resultat vun deenen Ëmfroen lo dat wier, wéi d‘Land denke géif.
An et ass jo och praktesch: Mat sou engem PolitMonitor léisst sech relativ liicht eng ganz Woch mat Noriichte fëllen, ouni dat iergendeppes geschéie muss. An virun allem loossen sech aus relativ banalen Zuelen oder Resultater schéi knackeg Headlines bastelen. Sou huet d‘Lëtzebuerger Wort d‘läscht Woch direkt dräi mol flott titele kënnen: „Klare Präferenz für Schwarz-Grün“, „Breite Akzeptanz für Radargeräte“ an „Klares Ja zum Burka-Verbot per Gesetz“. Dat klengt alles sou enorm wichteg an groussaarteg, mä et sinn trotzdem just 1024 Leit gefrot ginn, wat dann awer een relativ klengen Ausschnëtt aus der hallwer Millioun sinn, déi am Grand-Duché liewen. Read More
Lëtzebuerg ass am Ausnamezoustand. De Grand-Duché ass vu kalen, emotiounslosen Maschinnen a Geiselhaft geholl ginn. Zanter läschte Mëttwoch sinn déi zéng stationär Radaren aktiv an blëtzen net nëmme fläisseg, mä verschécken duerno dann och Protokoller inklusiv flotter Erënnerungsfoto.
Nodeems d‘Radaren 48 Stonnen – also zwee Deeg – gelaf sinn, sinn schonn 3750 Leit erwëscht ginn, déi ze séier ënnerwee waren. An lo ass d‘Opreegung grouss. D‘Lëtzebuerger_innen fuere gären Auto. An lo kënnt raus, datt se dat och gäre méi séier maache wéi et erlaabt ass.
D‘Léift zu der Vitesse geet esouguer sou wäit, datt verschidde CSV-Politiker_innen fuerderen, et sollt een d‘Toleranz vun den Radargeräter dach bësse méi héich astellen, fir dat Leit, déi net all ze vill ze séier fueren, net géife geblëtzt ginn.
D‘Propose, sech entweder iwwert een aalt CSV-gestëmmte Gesetz (Edit: Okay, anscheinend war et een Reglement vun engem DP-Minister, mä dat ännert näischt) ewechzesetzen an d‘Radaren illegalerwéis op eng Toleranz vu méi wéi 3 Prozent anzestellen oder eben déi Toleranz ze änneren, gëtt och domadder begrënnt, datt d‘Leit sech jo net op hiren Tacho verloosse kéinten an de Radar och scho blëtze géif, wann een nach guer net ze séier wier.
Wann dir 70 km/h fuert an ären Tacho wéist just 65 km/h, dann ass ären Tacho futti oder net richteg agestallt. Et gëtt nämlech eng EU-Direktiv, déi festleet, datt een Tacho ni méi eng lues Vitesse uweisen däerf wéi tatsächlech gefuer gëtt. Wann dir 65 km/h fuer, däerf den Tacho zwësche 65 an (110 % vu 65 + 4km/h =) 75 km/h uweisen. Read More
Et ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.
Aus dem ugekënnegte groussen Debat iwwert Verfassung ass zimlech séier ee weidere Referendum ginn, deen aus véier Froe bestoe sollt. Als progressiv-liberal Koalitioun konnt een sech nämlech net drop eenegen, ob een de Wahlalter op 16, een Wahlrecht fir Auslänner*innen, eng Begrenzung vun de Minister*innenmandater an d’Trennung vu Kierch a Staat aféiere sollt. Dat sinn, dir musst verstoen, jo och schwiereg Froen, déi een als progressiv-liberal-Koalitioun mat zwou Parteien, déi sech als „lénks“ verstinn, jo net einfach esou decidéiere kéint …