Zu Koblenz hunn sech dëse Weekend Rietspopulist*innen aus ganz Europa getraff. Op hirem Kongress hunn si sech duerch d‘Wiel vum Donald Trump bestätegt gefillt an hire Bestriewunge fir een Europa „vun de Natiounen“. Si mengen domadder natierlech een Europa vun de Grenzen, dat op Refugees schäisst an ee kale Fuerz op Mënscherechter gëtt. Een Europa, an dem Ofdreiwunge verbuede sinn, an dem Schwuler a Bisexueller keng Rechter hunn an een Europa, an dem an all Land eng eenzeg Sprooch geschwat gëtt. Eng Horrorvirstellung, wann de Front National, Vlaams Belang, FPÖ, AfD a Konsorte géifen un d‘Muecht kommen.
Zu Lëtzebuerg hunn sech zwee Regierungspolitiker*innen zu Wuert gemellt. Engersäits den Aarbechtsminister Nicolas Schmit vun der LSAP, deen der Meenung ass, et misst een eis „Awanderungs- an Asylpolitik“ iwwerdenken. Hien huet dann och implizit gefuerdert, déi europäesch Baussegrenze méi staark zou ze maachen, fir datt déi europäesch Reesfräiheet fir d‘Europäer*inne kéint bestoe bleiwen. Dat wier zwar deier, mä et mir kéinte „déi Leit“ jo net all ophuelen.
Et ass fir ze katzen.
De Nicolas Schmit vermëscht mat voller Absicht Migratioun mat Asyl. Dat ass eppes, wat déi Riets – op een se elo „Populist*innen“, „Extrem“ oder „Radikal“ nennt, immens gäre maachen. Leit, déi Asyl froen, Leit déi Schutz viru Krich froen, ginn als „Migratioun“ gelabelt. Dat maachen se, well „Migratioun“ u sech schonn net immens gutt klengt an een dann och ganz liicht vun enger „Invasioun“ fabuléiere kann. De Nicolas Schmit géif och gären Asylprozeduere schonn an den Heemeschtlänner vu potentielle Refugees duerchféieren. D‘Fro, wéi dat praktesch sollt ausgesinn, huet hien sech wahrscheinlech net gestalt, mä ech wënschen him vill Spaass dobäi, mam Assad oder soss engem Dikator iwwert ee lëtzebuergeschen Asyl-Büro an hirem Land ze verhandelen. Och déi komesch Iddi, datt Sue fir dausende Kilometer Mauer fir Leit ofzehale besser ugeluechtend Geld wier, wéi deene Leit wierklech ze hëllefen, muss ech mengen ech net weider kommentéieren. „Mir mussen eis europäesche Baussegrenze schützen“ ass „I‘m going to build a wall“, just méi fein ausgedréckt. An bei eis bezillt ebe net Mexiko, mä déi Leit, déi hiert Liewen dowéinst loossen. D‘läscht Joer sinn iwwregens iwwer 5000 Leit eleng am Mëttelmier gestuerwen. Dat sinn der bal 14 Stéck all Dag. 14 Mënschen, déi all Dag stierwen, well mir léiwer iwwer d‘Sécherung vun eise Baussegrenze schwätze wéi déi Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten, ze retten. Read More