Leschten Donneschden gouf en néie Projet vun eiser Regierung virgestallt: de Nationbranding. Et geet dobäi net ëm richtege Branding, wéi dat fréier bei Kéi gemaach gouf, fir se erëmerkennen, mä ëm Brand-ing, also eng Marque aus eppes maachen.
De Grand-Duché soll also zu enger Marque gemaach ginn. Dat passt jo gutt an d’Philosophie vum New Public Management, do soll de Staat a seng Administratiounen nämlech wéi eng Firma gefouert ginn …
Read More
Et ged Saachen, iwert déi wellt en herno net méi schwätzen. Bei Politiker sin daat Ofstemmungen, déi en trotz quasi-Diktatur an 50 Joer un der Muecht verlueren huet. Bei amerikaneschen Staren sin daat d’Privat-Pornovideoen, déi en mat sengem zweeten Exmann gedreint huet an déi elo am Internet ze fannen sin. Beim Adel sin daat eventuell oftrenneg Bridder an virun allem verlueren Schong. (cf. Episode 58). An bei mir ass den néien Logo vum Radio ARA.
Read More
Ech wees net, ob vill leit et schon matkritt hun, mee den Radio ARA sicht een néien Logo. Daat geschidd natirlech net an aller Öffentlechkeet, waar bei esou Saachen jo relativ normal ass. Dofir wärt ech an desem Beitrag och net all Informatioun kennen prais gin. Ween gären méi wessen well, muss sech gedellegen oder sech mat mir op enger geheimer Plaatz treffen.
[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken55.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken an enger Pubsagence
Read More
Ech wees net, ob vill leit et schon matkritt hun, mee den Radio ARA sicht een néien Logo. Daat geschidd natirlech net an aller Öffentlechkeet, waar bei esou Saachen jo relativ normal ass. Dofir wärt ech an desem Beitrag och net all Informatioun kennen prais gin. Ween gären méi wessen well, muss sech gedellegen oder sech mat mir op enger geheimer Plaatz treffen. Read More
Wéi mir alleguerten wessen, fänkt d’Chreschtzait schon Enn September un, – speitstens awer no Halloween, dem Fest also, daat fréier mol Allerhellegen/Allerseilen geheescht huet. Dann sin d’Buttiker net nemmen voller Liewkuch an Lametta, mee et fänkt och déi wonnerbar Zait vun den Chreschtdaagsiessen, Chreschtdaagsfeieren an Enn-des-Joeresfeieren un.
Read More