Angscht a Schrecke mam Tour de France

Den Tour de France fiert haut den 3. Juli also duerch Lëtzebuerg an wäert muer den 4. Juli zu Mondorf starten. D‘Gemengen an de Staat loossen sech dat uerdentlech kaschten, sou soll eleng Esch 60.000 Euro dofir bezuelt hunn, datt den Tour duerch fiert. Zu Mondorf huet een just dofir, datt muer den Tour do start, 120.000 Euro op den Dësch misse leeën. De ganze Budget fir den Evenement huet sech Gemeng a Staat awer bal dat duebelt, also 210.000 Euro kaschte gelooss.

Et schéngt wéi wann dat ganzt Land elo am Tour-Féiwer wier. All Duerf, wou den Tour duerch fiert, ass extra „gerëscht“ ginn. An dat natierlech op eng enorm kitscheg Manéier – et konnt een sech awer net ganz entscheeden, ob een misst d‘Nationalfaarwe rout wäiss blo benotzen oder ob dat traditionellt Tour-Giel dominéiere sollt – elo ass et een zimlech ellene Potpourri aus deenen zwee ginn. Read More

Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen, Deel 3

Et war alt Ness eng Kéier esouwäit: Et war Nationalfeierdag an déi onofhängeg Jugendorganisatioun „Jonk Lénk“ huet alt erëm eng Aktioun gemaach. Nodeems se d‘läscht Joer bei der Militärparade mat engem Banner géint d‘Arméi protestéiert haten, hunn se dëst Joer een anti-nationalt Fest an engem besatenen Haus gefeiert. An dunn hunn se do eng Ried gehalen. An zum Schluss vun där Ried hunn se „Féck de Kapitalismus, Féck de Grand-Duc, Féck Lëtzebuerg“ gesot. An dunn hunn se déi Ried op Facebook gestallt. Nodeems déi rietspopulistesch Säit „Nee2015“ dat matkritt hat, ass de Shitstorm lassgaangen. Fir datt dir dat net alles noliese musst, presentéiere mir iech elo d‘Highlights:

Eng gut laanscht d’Backen an en decke Fouss an den Ar…..da kommen se zou sech.Dei mengen wat sie wieren wann se esouer fleihen loossen. [Quell]

raus aus dem Lande mat Deenen…. [Quell]

Den obligatorischen Militärdengscht soll fir 1. Joer agefouert gin dat geng denen jonken Lenken, DP , an Sozialisten inclus CSV gudd din…dono kucken mer wien nach iwreg bleiwt sech verantwortungsvoll an den politischen Dengscht vun eisem Land ze stellen! Fuck Dommheet …an den Nullrespekt an Onwseenheet! [Quell]

also wann daat do keen fake ass da sollen sech da mol e puer schummen die do hun et net verdengt Letzebuerger ze sinn [Quell]

Ech denken net dass eng Natioun d’Léit spléckt. Vill Auslänner splécken sech selwer of, well se weder Sproch kennen, nach Interessi um Land hun. Vill sin hei wéint der Arbescht an net wéint eisen schéinen Veloswëer. Dei Auslänner wou sech awer hei mat anbannen wellen, fannen och en dohem an “eiser” Natioun. Zu denen Lénken soen ech lo naischt, mat engem Lénken kann éen net schwätzen. [Quell]

Jo déi Asozial Lénk den Ofschaum vun derMënschheet. [Quell]

Sou eppes kann nemme vun enger Hord Paviane kommen.Aus wei engem Käfech sin dei fortgelaf [Quell]

Naja, ech verstinn de Sproch funn dene jonke lenken. Hier .d’Fest am A….., dann kennt en eben ob esou Sprech ?? An mei wei Sch…. haten dei nach nie an der Bier ! Dei haten einfach en Krankeschein wei d’Gehier verdelt ginn ass oder ?? [Quell]

Wann ech esou ungeckelt wär op eist ländchen geif ech auswanderen….also dier delpesen ciaoooo [Quell]

All an eng Rei gestallt a a gefeckt ginn mat engem gudde Knëppel aus Lëtzebuerger Holz [Quell, Screenshot]

Germain deemols haetten mir sou Wixteren an den Keller 7 anespaert. An duerno haetten se den Falschirmtest awer ouni Falschirm gemaacht. [Quell, Screenshot]

Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker, déi sech iwwert jonk politesch aktiv Mënschen opgereegt hunn. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form representativ.

Keng Angscht a kee Schrecke mat der Atombomm

Dëst ass e Beitrag fir de Concours „Lëtzebuerg sicht den dommste Radioskommentar“. Nodeems ufanks der Woch esouwuel de RTL mat enger fakten- an argumentatiounsfräie „carte blanche“ iwwert Feminismus wéi och den 100,7 mat engem zyneschen an onkohärente „fräie Mikro“ iwwert „Uber“ d‘Lat ganz héich geluecht hunn, well ech dann awer och mäi Gléck probéieren. Dofir schwätze mir haut iwwert d‘Atombomm.

D‘Welt steet am Moment jo e bëssi op der Kopp. De Brexit, den Donald Trump, d‘Spannunge mat Russland, nationalistesch Tendenzen a ganz Europa an elo och nach de Virschlag vun der Kommissioun, een Europa vun de „puer Vitessen“ ze maachen. Et gesäit also dono aus, wéi wa Lëtzebuerg deemnächst op sech eleng gestallt wier. Oder op mannst esou, wéi wa mir deemnächst méi Sue fir eis Verteidegung missten ausginn. Dem Trump säi Vizepräsident, den homofeindleche Mike Pence, ass do nämlech mam Donald op enger Linn. An well déi ganz Welt ausernee fält, ass et vläicht guer keng esou eng schlecht Iddi, opzerëschten.

Mä do gëtt et ee klenge Problem. Eis Arméi ass nämlech bëssi eng kleng Trupp. An mir kënne jo net einfach Leit akafen. An iert dir lo denkt „Okee, soll den Etienne eis nach e puer Dingoe kafen“ – mir hunn scho vill ze vill Dingoen. An en plus eng Arméi, déi net onbedéngt Loscht huet, mat dem neie Fliger a Krichsgebidder ze fueren, wéi et bei enger Versammlung vun der respektiver Gewerkschaft ze héiere war. Zwangsrekrutéierung ass natierlech keng Léisung, also musse mir kreativ ginn. Et bréngt jo näischt, just Material ze kafen, fir dat den Donald an de Mike glécklech sinn. Mir géifen eis jo gäre verteidegen. Denkt elo net: „Ween géif Lëtzebuerg dann ugräifen?“ Erënnert dir iech un all déi feig Attacken op Lëtzebuerg an deene leschte Joren? Den ehemolegen däitschen Ausseminister Peer Steinbrück wollt mol d‘Kavallerie op Lëtzebuerg schécken. A net réicht zanter Luxleaks gëtt op eisen aarme Grand-Duché geklappt, wéi wa mir um Elend vun der ganzer Welt Schold wieren! Mir mussen eis also schützen!

Lëtzebuerg brauch eng Atombomm!

A wéi kann een sech schützen, wann ee kleng ass, vill Sue wëll ausginn, keng grouss Arméi huet an net nach 50 Dingoe kafe wëll? Richteg! Et baut een eng Atombomm! Lëtzebuerg brauch eng Atombomm! Da géif sech kee méi trauen, eis ee Steierparadäis ze nennen! Du hues eppes géint eis Rulingen? Dann hues de hoffentlech scho genuch Jod-Tabletten akaaft!

An doduerch, datt mir sou kleng sinn, ass et vill méi schwéier, eis ze treffen! Fir eng lose-lose-Situatioun muss een eis vir d‘éischt emol op der Kaart fannen an et packen, eis net mat Liechtenstein ze verwiesselen!

Atombomme wieren déi ideal Verteidegung fir dat 21. Joerhonnert! Déi ganz Länner ronderëm eis wëllen elo souwisou aus der Atomenergie erausklammen. Mir kënnen deenen einfach ubidden, géint eng kleng Taxe selbstverständlech, de Recycling vun dem ganzen Uran ze erleedegen. A wann d‘Franzouse gewuer ginn, wéi bëlleg mir aus Cattenom Atomsprengkäpp maachen, ass déi gréisste Gefor fir eist Land a fënnef Minutten zou. Sou ökologesch Recycling-Waffen, dat géif esouguer deene Grénge gefalen! Vläicht kann den Tram jo dann och dee weltwäit éischten Tram mat takteschen Atomwaffe sinn. An am Stau kann dann déi nei geschafften Atom-Marine dann dat éischt lëtzebuergescht Atom-Uboot besetzen. Wa mir eng Atombomm hätten, géif och kee méi bezweifelen, datt Lëtzebuergesch eng Sprooch ass an d‘Leit vun Nee2015 mat hire Mannerwäertegkeetskomplexer géifen endlech mol de Baack halen. Och de Verkéiersproblem géif sech einfach a Loft opléisen.

Alles an allem wier e lëtzebuergeschen Atombommeprogramm déi ideal Léisung fir all eis Problemer. Wisou hu mir nach längst net domadder ugefaangen?

Angscht a Schrecken mat der Loftqualitéit

Dir hutt et sécher héieren: Nach ni sinn esou schlëmm Loftwäerter zu Lëtzebuerg gemooss ginn! Ass d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten? Am Verglach mat Groussstied am europäeschen Ausland sinn d’Wäerter vum Réngstëbs (“Feinstaub” oder PM10) zu Lëtzebuerg net esou schlëmm. Et ass awer net nëmmen de Stëbs, deen bei der Loftqualitéit zielt.

Esou nei ass dat ganzt allerdéngs och net: D’Limite vun 50 µg/m³ an der Dagesmoyenne ass och schonn an der Vergaangenheet iwwerschratt ginn, zum Beispill den 18. März 2016 op der Miessstatioun Bouneweg, oder den 9. Dezember 2016, wou zu Esch souguer 64 µg/m³ am Dagesmëttel gemooss gi sinn. Enn Mäerz 2015 gouf et eng Episod, wou d‘Limite e puer Deeg hannerteneen iwwerschratt ginn sinn.

Loftqualitéit: Screenshot vun Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)
Screenshot vun der Moossstatioun Bouneweg (emwelt.lu)

Leider ass den Site emwelt.lu, wou een sech d‘Donnéeë vun de Moossstatiounen kann ukucken, net immens séier an huet éischter Problemer, fir längerfristeg Donnéeën ze weisen. Dofir ass et schwéier, erauszefannen wéi d’Situatioun soss war. Leider kann een*t sech déi wichteg Donnéeën och net einfach als Excel eroflueden (et kéint jo nach een*t op d’Iddi kommen, eppes Sënnvolles domadder ze maachen!). Den Open Data-Site data.public.lu huet zwar zanter haut e puer Excels-Fichiern mat Loftwäerter vum September 2016. Dat ass vläicht eréischt den Ufank, mä een konsequenten Monitoring vun der Situatioun gesäit anescht aus. Read More

An d‘Krichsgebitt Afghanistan expulséiert?

Lo sollen et der awer „just“ sechs Persounen sinn, déi an den Afghanistan expulséiert sollte ginn. Den leschten Donneschdeg ass bei de Kolleg_innen vum 100,7 gemellt, datt 20 Leit aus Afghanistan dohinner zeréck sollte geschéckt ginn, well si keen Flüchtlingstatut géife kréien. Lo heescht et vum Ausseministère op eng „Question urgente“ vun déi Lénk, datt „just“ sechs Leit betraff wieren.

Hinnen géif ugebuede ginn, an deenen nächsten 30 Deeg „fräiwëlleg“ zeréck an Afghanistan ze goen. Wat geschitt, wann si dat net maachen, steet net an der Äntwert vum Minister. Mir kënnen eis et awer denken: Déi sechs Afghan_innen mussen dann trotzdem goen. Hannergrond vun dem ganzen ass, datt Afghanistan een Ofkommes mat der Europäescher Unioun geschloss huet. An dem Ofkommes ass et engersäits ëm Entwécklungshëllef gaangen, mä vläicht sollte mir déi éischter – „Erëmopbauhëllef“ nennen. Deen aneren Aspekt vum Ofkommes ass de Retour vun Afghan_innen, fir deen d‘EU een „programm d‘assistance“ opbaue wëll. Dozou gehéiert dann och Iwwerleeung, um Fluchhafen zu Kabul een speziellen Terminal ze bauen, deen just dofir do ass, fir expulséiert Leit ze empfänken. An dat nennt d‘EU dann „Entwécklungshëllef“. Sou zynesch, d‘Investitioun an Infrastruktur, déi just dozou déngt, Leit lass ze ginn, als Hëllef ze verkafen, muss een iwwerhaapt emol sinn.

Mä et kënnt nach besser. An der Äntwert vum Ministère steet am Kontext vun de Mesuren, déi d‘EU an Afghanistan duerchféiere wëll, nach dësen Saz:

„Une attention spéciale est accordée aux personnes vulnérables“

Et wäert sech also speziell ëm Leit gekëmmert ginn, déi an der afghanescher Gesellschaft vulnerabel sinn. Dat sinn an éischter Linn Fraen, Homo- a Bisexueller an Trans Persounen. Oder Leit, déi heterosexuell Handlungen ausserhalb vun engem Mariage duerchféieren. An eng ganz Rëtsch vun ethneschen, reliéisen an politesche Minoritéiten kommen bei déi Opzielung nach dobäi. An et bléift eng ganz grondsätzlech Fro: Wann déi Leit am Afghanistan sou vulnerabel sinn, datt sech d‘EU extra ëm si këmmere muss, wisou kréien se dann an Europa keen Asyl, subsidiären Schutz oder soss eng Form vun der Protection internationale? Et klengt e bëssi sou, wéi wann een*t d‘Pompjeeën géif ruffen, well säin Haus brennt, an déi géifen eng Persoun schécken, déi engem hëlleft, laanscht d‘Féier ze manövréieren amplaz de Brand ze läschen.

Afghanistan ass keen séchert Land.

Kuckt een sech d‘Reeswarnungen vum däitschen „Auswärtigem Amt“ un, steet do als alleréischt fett gedréckt „Vor Reisen nach Afghanistan wird dringend gewarnt“. Natierlech ass d‘Situatioun fir europäesch Tourist_innen eng aner wéi fir Afghan_innen, mä speziell Leit, déi geflücht sinn an erëm zeréck kommen, wäerten ähnleche Geforen ausgesat sinn. Et geet bei den Reeswarnungen nämlech net „just“ ëm Entféierungen, mä ganz konkret ëm bewaffent Konflikter a Kirch.

D‘Washington Post vum leschten Freiden schwätzt dovunner, datt d‘Taliban an Afghanistan ëmmer méi Grond gewannen an hiren Territoire erweidere kënnen. An dat trotz US-Loftugrëff an Ënnerstëtzung vun der lokaler afghanescher Arméi. D‘US-Interventiounen schéngen awer just sou wäit een Effet ze hunn, an deem s de d‘Taliban méi lues maachen, mä trotzdem net ganz ophalen. En plus sollen d‘US-Truppen ofgezunn ginn, an wéi et no de Walen an den USA am Afghanistan weider geet, weess am Moment och keen sou richteg, well den Donald Trump all Versuch, am Wahlkampf iwwer konkret Politik ze schwätzen, zerstéiert.

Och am Moment ginn et stänneg Terror-Attacken an Afghanistan. No engem Suicide-Attentat op een Grenzposten leschten Freiden huet déi pakistanesch Regioun Parachinar dräi Grenzposten op onbestëmmten Zäit zou gemaach.

Afghanistan ass also alles anescht wéi sécher, grad fir „vulnerabel“ Persounen. Wéi kënnen mir et also verantworten, Leit dohinner zeréck ze schécken? Wéi kenne mir sou maachen, wéi wann Afghanistan een séchert Land fir déi Leit wier, obwuel eis Arméi de Fluchhafen séchert, obwuel ni een vun eis géif op d‘Iddi kommen, do Vakanz ze maachen?

Quellen:
Parlamentaresch Ufro déi Lénk
Äntwert Ausseministère
Artikel Wort.lu
:
Auswärtiges Amt zu Afghanistan
Artikel Washington Post
Attacken 14.10.2016

Dir huet dës Episod gefall? Dann hëllef mat, se ze verbreeden! Du kanns dës Buttons dofir benotzen: