Dir héiert lo e puer Commentairen, déi op de Facebooksäite vu grousse Medien zu Lëtzebuerg ënnert Noriichte gepost goufen. Ech zitéieren dës Kommentare wuertgenee, mä ech weisen drop hinn, datt se zum gréissten Deel sexistesch, homofeindlech an rassistesch sinn.
„Keng Burka / schleier oder sos eppes am gesicht as sech upassen mei net as net mei wei normal ne..“
„Ass jo wuel een Deel vun Integratioun sech hei unzepassen, also Fuesend ass dann jhust am Februar!!“
„Do geseit een waat eisen dichtegen Euro nach wert ass,hätten maer eis Letzebuerger Frangen erem,an Preisser mol erem op nornalem Niveau wei virdrun.“
„Ganz gudd vum H. Schmit. He geseit mee weit we verschidden vun sengen Regierungkollegen.De verkleeten sinn eng Gefor fir eis Bierger. Nach eng Keer wien verstoppt sech do hannen drun??Sollen sech upassen ouder an e Land plönneren wou daat usus ass.Vermumungsgesetzt besteet a verschidden Gemengen a muss rigoress ömgesaat ginn. Mir liewen a Letzebuerg ass soss neerens. Mir mussen ons och an deenen aanere Länner upassen.“
„Mir hun o genuch letzeboier hai am land dei helef brichten an leit dei hellef brichten do ass o keng sau do haaptsaach flüchtlingen laffen um kirchbierg mad armani schung lacost t shirt armani poschen ronderem dei hun ma gear“
„Das ist über den knie gebogen zu schnell nicht gut die guten brauchen das Nichtraucher die Probleme mögen das was nutzt Es uns wenn wir 700000 Einwohner Haben und davon sind 20% Volltrotteldie werden Uns nicht weiterhelfen denn die meisten Ausländer die hier leben interessieren sich ein scheis für unser Land sie sind nur hier weil sie besser leben Können Wollen jedoch nichts dafür tun nur Geld sonst nichts Wirklich nur wenige“
„Ech sin och net fir d burka. Hun die vermumten och net gär. Naja wat eppes.“
„Resultat von den verschiedenen Grenzkontrollen , würden die Grenzen permanent kontrlliert werden würde die Einbruchrate noch sinken“
„Nemmen nach Bitchen an Puten Weinst sou epps as Leiwt schweier zefannen well den sex einfach zekreien as“
„Welcome Refugees!!! Nemmen keng Kontrollen maan, an der nach mei ranlossen… blabla… Daat heiert een emmer rem… Mais zanter dass dei ‘Völkerwanderung’ amgaang as, heefen sech d’Virfäll…“
„Erscheissen direct ehe hien erem raus kent….. well ech hun es einfach Saat“
Maja dann ass jo alles richteg !! Elent krepeieren soll en am prisong dei Drecks Kreatur do !!! An e soll der kreien all daach an emmer erem pppffff “
„An den Daum no ënnen! Den Nee vun de 85 % aus dem Referendum wär dann fir d’Kaz gewierscht , Braderie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit! “
„Ich würde es gerne machen und wenn es nur zum verscheissern wehre Hier zu Lande Haben unsere Frauen keine Haare im Gesicht, und brauchen sich nicht zu verstecken Nein im ernst. Ich finde diese Kultur soll da bleiben wo sie herkommt. Wir sind freie Menschen und bei uns sind Frauer um vieles mehr Wert als Ziegen. Nur manche kapieren das einfach nicht“
„Mat Wohnungen fir jonk Letzeboier dé net eso viel Geld hun.Halt op den Flüchtlingen alles an den Asch ze stiechen.“
„Armei misst erem obligatoresch gin, an wann et nemmen fir 6 meint waer. Da giff all deenen Handysfutzien an Playstationkrieger de geck vergoen Da giffen dei emo all erem Respekt an Maneieren leieren. An all dei hei sou domm spacken,waeren dann och emol mei kleinlaut. Ech giff emol soen,die meecht dei hei sou domm schreiwen hun Kasär um Haerebierg nach net emol vun bannen gesinn. Awer dann hei domm gaaken.“
„Jo richteg a procetual leie mir schlecht normal mir hun en Ausländerundel vun iwer 50% an vill verstinn ke Wurt hei and do sinn nemmrn 2 -3 Letzeburger an der Class de Niwo geht stännech erof well vill Ausländer net mat hieren Kanner leeren de ganz Statistiker sss Kess“
Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker vun Noriichtesite. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form repräsentativ. Lëtzebuerger*innen géifen ni eng Entscheedung treffen, déi géint Auslänner geet, do sinn ech mer zu 20% sécher! Och de Medienhaiser kann een kee Virworf maachen, datt si sou Kommentaren net läschen, well ween brauch schonn Deontologie, wann e Klicks huet?
Photo: cc-by dierk schaefer
Endlech mécht een eppes fir de Nationbranding. Dat deen éischten Impuls, fir Lëtzebuerg als provinziell Kloak mat flotten Tankstellen a Banken ze verkafen, ass jo net sou gutt ukomm. Dofir muss dat ganzt mat e bësse Kultur garnéiert ginn. Dofir hunn mir jo schliisslech de Mudam an d’Philharmonie op de Kierchbierg gestallt. Déi kann een dann ukucken, wann een mat sengem Auto am Stau steet, fir bei enger Bank oder Fiduciaire seng steierlech Situatioun optiméieren ze loossen.
Mä dat geet net duer, fir sech een weltwäite Ruff vu Lëtzebuerg als ZOUVERLÄSSEGT DYNAMESCHT an OPPENT LAND ze verdéngen. Dofir muss een schonn aktiv Kulturpolitik bedreiwen. An zum Beispill berühmt Leit alueden. Déi stellt een dann op een Podium, vun deem soen déi berühmt Leit dann eppes gescheites. An wa mir Chance hunn, soen se och nach wéi gären si de lëtzebuerger Schokla oder déi berühmt lëtzebuerger Täschemesseren hunn. Dat kann een dann direkt an de nächsten Imagevideo mat abaue.
Sou eng aktiv Kulturpolitik geschitt lo awer net nëmmen an der Stad, mä als ZOUVERLÄSSEGT DYNAMESCHT an OPPENT LAND huet Lëtzebuerg natierlech méi wéi een kulturellen Hotspot. Zum Beispill wier do och nach Iechternach ze nennen. Read More
Den Numm vun dëser Episod hätt och kéinten „Angscht a Schrecke mat Angscht a Schrecken“ sinn. Terror ass schliisslech näischt aneres wéi Angscht. Mä et soll haut net ëm sproochlech Korinte goen, mä ëm den Terror, deen eis säit gutt enger Woch beherrscht.
Zenter den Attentater zu Paräis huet d’LSAP beschloss, si wier lo eng rietspopulistesch Partei. Et gëtt zwar keen Zesummenhang zwëschen deene 16 Fraen, déi zu Lëtzebuerg den Niqab undinn an islamisteschen Terror, mä een bessere Moment, fir am bronge Wieler*innensumpf ze fëschen, hätt sech de Claude Haagen wuel net kënne virstellen. Mä d’LSAP ass net alleng: och den Eugène Berger, dee gäre mol vermummt op Bierger rondrëm leeft, ass elo zum Terrorismusexpert ginn an huet op twitter den immens gescheite Saz hannerlooss, datt een sech zu Lëtzebuerg misst säi Gesicht weisen. D’ADR an den Laurent Mosar, deen net verstanen huet, wisou dat eng aner Partei ass, sinn scho bal rosen, well hiert Liiblingsthema lo vun anere Leit behandelt gëtt an déi lo och nach Applaus vun de Medien dofir kréien.
Et ass also fir ze katzen.
An déi Debatt, déi lo net nëmmen op dem Réck vu 16 Fraen, mä och op dem Réck vun enger ganzer Réi syrescher Flüchtlingen ausgedroe gëtt, huet näischt mam Terror vu Paräis ze dinn. Mir erënneren eis, et gouf en falsche syresche Pass fonnt, wat bei verschiddene Rietspopuliste bal zu enger onkontrolléierter Ejakulatioun gefouert hätt. Leider konnten si hir fiicht Dreem vun enger schéiner, europäescher Mauer mat gutt vill NATO-Stacheldroot nach net realiséieren. Et muss een sech mol virstellen, wéi absurd déi Fuerderung ass, d’Grenze fir déi Leit zou ze maachen, déi viru genee dem Terror flüchten, deen et elo och zu Paräis gouf. Read More
Wéi ech Enn 2014 entschloss hunn, aus dëser Rubrik eng Zort politesche Kommentar ze maachen, wou ech, ëmmer wann et opportun erschéngt, d’Lag vum Land analyséieren an d’Politik duerch de Kaba ze zéien, hunn ech mir geduecht, dat géing witzeg ginn. An ech géing net méi an all Episod eppes vu mengen zwee ale Bekannten Angscht a Schrecken zielen.
Ma, si sinn zeréck. Dir kënnt iech sécher denke wisou, wann dir déi läscht Méint net hannert engem Stee gelieft hutt. 80,87 % vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger_innen sinn géint d’Wahlrecht ab 16, 78,02 % géint d’Auslänner_innenwahlrecht an 69,93% wollten och näischt vun enger Mandatsbegrenzung fir Regierungsmembren wëssen.
Wa mir lo bedenken, datt déi Prozentsätz net géifen duer goen, fir d’Majoritéit an der Bevëlkerung ze stellen, da kënne mer eis kuerz besser fillen, mä et ännert näischt um Resultat. An natierlech ass d’Resultat och zu engem Deel Schold vun der schlechter Organisatioun, der peinlecher Campagne, der Opklärung, déi ni statt fonnt huet, dem Onmut géint déi aktuell Regierung. Read More