Satire däerf alles, heescht et. Ech fir mäin Deel denke mir vill ze dacks: Se dierft virun allem witzeg sinn. Ech well mech haut kuerz halen, mä als eng Persoun, déi Texter, déi net ëmmer sou ganz eescht gemengt sinn an d‘Leit zum Laache solle bréngen, verëffentlecht, well ech awer eppes zu der Debatt soen, déi sech grad duerch d‘Land zitt.
Ech hunn et schonn eng Kéier gesot: Satire däerf guer net alles. Mir hunn an eiser Gesellschaft Linne vun der Meenungsfräiheet gezunn. Munchmol sinn dës Linnen a Gesetzer gegoss, heiansdo sinn et „just“ gesellschaftlech Facteuren, déi dozou féieren, datt dës Linnen seelen iwwerschratt ginn.
Sou géif deene wéinegste vun eis afalen, d‘N-Wuert ze benotzen, fir Schwaarz Persounen ze bezeechnen: et ass rassistesch, huet eng déif Verwuerzelung an der Kolonialgeschicht an déi betraffe Persoune wëllen an der Regel net sou bezeechent ginn. D‘Kënschtler*innenkollektiv Richtung22 huet virun e puer Joer een Film gemaach, an deem dat Wuert an engem satiresche Kontext immens dacks virkomm ass – vir eben de latente Rassismus vun den Personnagen duerzestellen. War dat okay? Ech si mir net sécher. Ech hunn Richtung22 an engem Interview deemools drop ugeschwat – an op mannst huet et deemools sou geklongen, wéi wann si sech vill Gedanken doriwwer gemaach haaten, wisou si dat Wuert agesat hunn. Read More