Dir hat elo wahrscheinlech all gemengt, als Dréier vun engem Ökohellegeschäin géif ech dës Woch iwwert dem Donald Trump seng desastréis Entscheedung schwätzen. Den gudden Donald well sech jo aus dem Paräisser Klimaofkommes zeréckzéien. Dat huet weltwäit fir vill Entrëschtung gesuergt. An leider muss een och konstatéieren, datt zu dem Ulass vill waarm Loft produzéiert ginn ass, hannert där wahrscheinlech net vill steet. Amplaz datt jiddereen*t sech selwer un den Oueren hëlt, ass et natierlech ganz praktesch, op den Trump ze klappen. Konkret Mesurë vermësst een jo och zu Lëtzebuerg, an ech muss do just Stéchwierder nennen, fir dat gréngt Gewësse ganz schlecht ginn ze loossen: Tanktourismus, Ausbau vun der A3, kee Phase-out vu Verbrennungsmotore geplangt, Dieselgate, an esou weider. Mä ech wollt haut mat iech iwwert een anert Thema schwätzen, wat op mannst genee esou wichteg ass wéi de Klimawandel an dat ënnert dem Trump sengen Dommheeten e bëssi ënnergaangen ass. Mir schwätzen haut iwwert de Noutstand, och „état d‘urgence“ genannt. Read More
Tag: Verfassung
Angscht a Schrecke mat der lëtzebuergescher Sprooch
Déi läscht Deeg war d‘lëtzebuergesch Sprooch vill an den Medien. Zënter een Mëttwoch kann de Google Translator da lo och nieft Klingonesch och endlech Lëtzebuergesch. Ausserdeem war de Sonnden 21. Februar erëm den internationalen Dag vun der Mammesprooch. D‘UNESCO mécht all Joer een Rapport, an all Joer kréie mir ze héieren, datt d‘Lëtzebuergescht a Gefor wier. Woubäi d‘UNESCO vun „vunerable“ an net vun „endangered“ schwätzt. Zäit also, fir mol Kloertext iwwert déi lëtzebuergesch Sprooch ze schwätzen.
Fänke mir vu vir un. Ass et iwwerhaapt eng Sprooch?
Jo. Spéitstens zanter 1984. Do huet Lëtzebuerg nämlech e Sproochegesetz gestëmmt, an deem d‘Lëtzebuergescht offiziell als Landessprooch deklaréiert ginn ass. Ex legis ass Lëtzebuergesch also eng Sprooch. An och déi allermeescht Linguist_innen géifen dee Verdikt deelen. Se géife vläicht soen, Lëtzebuergesch wier eng „Ausbaussprache“, dat heescht eng zimlech jonk Sprooch, déi de Sprong vum Dialekt nach net sou laang gepackt huet. Mä am Fong ass dat egal. Read More
Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen
„go fuck mat der scheiss regierung an immigranten an jo leck mech sieg“
„Nee mir halen net ob den Härr X. Bettel a seng aner Leit wollten Eist Land an eis Sproch verschenken“
„net all jo-wieler ass e landesverräter … mais all landesverräter wielt jo!“
Dat, wat dir elo héieren hutt, ware Commentairen op sozialen Netzwierker an op Newssiten. Dat sinn natierlech alles Eenzelfäll, net an iergendenger Form repräsentativ, Xenophobie ass grondsätzlech kee Problem zu Lëtzebuerg, Lëtzebuerger*innen géifen ni eng Entscheedung treffen, déi géint Auslänner geet, do sinn ech mer zu 20% sécher!
Angscht a Schrecken nom Referendum
Wéi ech Enn 2014 entschloss hunn, aus dëser Rubrik eng Zort politesche Kommentar ze maachen, wou ech, ëmmer wann et opportun erschéngt, d’Lag vum Land analyséieren an d’Politik duerch de Kaba ze zéien, hunn ech mir geduecht, dat géing witzeg ginn. An ech géing net méi an all Episod eppes vu mengen zwee ale Bekannten Angscht a Schrecken zielen.
Ma, si sinn zeréck. Dir kënnt iech sécher denke wisou, wann dir déi läscht Méint net hannert engem Stee gelieft hutt. 80,87 % vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger_innen sinn géint d’Wahlrecht ab 16, 78,02 % géint d’Auslänner_innenwahlrecht an 69,93% wollten och näischt vun enger Mandatsbegrenzung fir Regierungsmembren wëssen.
Wa mir lo bedenken, datt déi Prozentsätz net géifen duer goen, fir d’Majoritéit an der Bevëlkerung ze stellen, da kënne mer eis kuerz besser fillen, mä et ännert näischt um Resultat. An natierlech ass d’Resultat och zu engem Deel Schold vun der schlechter Organisatioun, der peinlecher Campagne, der Opklärung, déi ni statt fonnt huet, dem Onmut géint déi aktuell Regierung. Read More
Angscht a Schrecke mam Referendum
Nächste Sonnden, de 7. Juni 2015, ass et esou wäit: Lëtzebuerg stëmmt per Referendum iwwert dräi Froen zur Verfassung of. An wann ech soe „Lëtzebuerg“, da mengen ech deen Deel vun der Populatioun, deen de richtege Pass dofir huet. An zwar gëtt ofgestëmmt iwwert een fakultativt Auslänner_innenwahlrecht fir Leit, déi op mannst zéng Joer am Land wunnen an schonn eng Kéier bei enger Europa- oder Gemengewahl matgemaach hunn,
iwwert een fakultativt Wahlrecht fir Leit zwësche 16 an 18 Joer an iwwert eng Mandatsbegrenzung vun 10 Joer fir Membere vun der Regierung.
An elo wollt ech iech, meng Nolauschterer_innen, net ouni ee leschte Kommentar zu der Cause an d’Wahlkabinne loossen. Net, well ech net mengen dir kéint dat net alleng, mä well ech d’Gefill hunn, datt ech mir zanter Dezember de Mond fusseleg schwätzen an d’Leit elo drop kommen, datt dat vläit alles net esou blöd war, wat ech – a vill aner vill méi gescheit an kreativ Leit wéi ech – do gesot hunn. Read More